Wien ass „se“m kéint ee jo froen. Abee, et sinn d’Leit vum Schankemännchen déi hei nawell fatzesch an d’Labränte gerode sinn. Wéi konnt et esou wäit kommen? Dat ass eng lang Geschicht.
Virun 20 Joer ass hei zu Groussbus am Prommenhaff mam Jemp Schuster sengem Fräiliichtspektakel de Grondsteen fir déi Forme vun Theater hei zu Lëtzebuerg geluecht gi. De „Schankemännechen“, sou huet dat éischt Stéck geheescht, hat esou e grousse Succès, dass d’Équipe ëmm den Auteur décidéiert hat, fir virun ze fueren, soudass dëst Joer mat der 10. Produktioun e ronne Gebuertsdag gefeiert gëtt, wat iwwregends beim Schankemännchen am Juli eng aal Traditioun huet.
Well d’Kulturredaktioun vun eiser Zeitung ëmmer gären aus éischter Hand informéiert ass, huet si virun 10 Joer e Spioun an d’Équipe era geschléist, an en zënter hier an all Produktioun mat enger klenger Roll ënnerdaach kritt. Dee Spioun, de natierlech bis haut nach net entlarft ginn ass, feiert dann doduercher och selwer säin 10jähregt Bühnejubiläum.
Dëst Joer huet de Jemp Schuster d’griichesch Mythologie als Basis fir seng Geschicht geholl. De Clod Thommes huet mat vill Asaz an Energie den iwwer 60 Acteuren d’Essenz, am Sënn vum Aristoteles, fir hier Rolle vermëttelt. D’Musek vum Frank Möller ass, grad wéi de Verlaf vun der Geschicht selwer, op d’Stëmmung an d’Gefiller vun de Bedeelegten ausgeriicht. Den Tëppelchen op den „i“ sinn natierlech d’Kostümer, déi d’Sylvie Hamus, zesumme mam Cristina Kneip, kreéiert huet.
Griichesch Zoustänn
Hei also déi neisten Informatiounen: da Ganzt spillt op Kreta. An do kommen se déck an d’Labränten. Neen, d’Stéck spillt net haut, mä viru laanger Zäit, wéi Gëtter nach Saache konnte maachen, déi e Stierflechen ni fäerdeg bruecht huet, och wa verschidde Politiker vun haut mengen, si wiere Götter.
D’Geschicht dréit sech ëm de Kinnik Minosch an seng Fra Pazifee. Si kréien decke Buttek an de Stot, well de Minosch senger Fra Pazifee dee falsche Cadeau gemaach huet. Oh Männer, mir brauchen iech et jo net ze soe, wat fir Konsequenze dat kann hunn! Weder dem Minosch säi Papp, den Zeus, hëlleft him, nach säi Monni den Hades. Deen anere Monni, de Poseidon, mëscht sech e Spaass draus fir ze hëllefen, awer nëmme, fir senge Bridder eng Expressesch ze spillen.
E klengen Athener Steemetzer, den Dädalus, dee mat sengem Jong, dem Ikarus, op Kreta muss kommen, well zu Athen d’Lompe sténken, suergt dofir, dass munches duerchernee geréit. Am ganze Gewulls ass e beemol de Minotorro op der Welt an den Dädalus muss dem Minosch e Labyrinth baue, well säi Vollek onméiglech ass an de Minotorro fatzesch mobbt. Irgendwann kënnt e roude Fuedem an d’Spill (deen authenteschen, net dee politeschen) an de Minosch gesäit wéi dee leschten Hännes aus.
Méi wëll eise Spioun net verroden, ausser, dass Saache geschéien, déi kee Stierfleche fir méiglech gehal hätt.
Op den heemlech gemaachte Fotoen, déi mir gemailt kruten, gesäit een, dass d’Kleeder op Kreta zu där Zäit immens flott waren. Deemools huet et schon wéi op engem grousse Chantier ausgesinn. Mä loosst iech dovunner net ofhalen a kommt iech dee Spektakel ukucken.
› CS alias Dädalus
Schon virun der Première gouf spionéiert






