LËTZEBUERGCHRISTINE MANDY

D’Laurence Brasseur erklärt, wat d’Institutioun Musée ausmécht

Déi sozialdemokratesch Stëftung „Fondation Robert Krieps“ mat hirem President Ben Fayot befaasst sech mat politeschen Diskussiounen a Geeschteswëssenschaften. Säit 2009 ënnerstëtzt si mat hirem Präis Masteraarbechte vu Studenten. Mam Präisgeld an der Héicht vun 2.500 Euro an der Publikatioun vun der Masteraarbecht op Käschte vun der Stëftung solle jonk Fuerscher encouragéiert a belount ginn, an hier Aarbechten engem méi grousse Krees vu Lieser zougänglech gemaach ginn. Déi véiert Auszeechnung geet un d’Laurence Brasseur, eng jonk Fuerscherin, déi zu Leicester Muséologie studéiert. Hier Aarbecht mam Titel „Who Are We? Searching for Identities in Luxembourg. A Comparative Exhibition Critique“ analyséiert a vergläicht zwou Muséesausstellungen, déi sech alle béid em 2012 bis 2013 mat dem selwechten Thema, nämlech mat dem vun der Identitéit, befaasst hunn - e Sujet, den net nëmme Lëtzebuerg aktuell ass a vill diskutéiert gëtt.

Et geet em déi zwou Ausstellungen „ABC - Luxembourg for beginners... and advanced“ am Geschichtsmusée an „iLux. Identities in Luxembourg“ am Musée Dräi Eechelen. Et kann een déi kritesch- analytesch Aarbecht fir 20 Euro an der Librairie kafen an domat d’Stëftung „Robert Krieps“ ënnerstëtzen. Mam Erléis soll den nächste Präis finanzéiert ginn. D‘Laurence Brasseur huet eis e bësse méi iwwer hier Aarbecht erzielt.

Wat fir een Ziel hues Du mat denger Aarbecht verfollegt?

Laurence Brasseur Ech wëll mir net umoossen, ze soen, wat d‘Identitéit am Endeffekt soll ausmaachen, dat läit nämlech net a méngem Fuerschungsberäich an géing iwwert méng Kompetenzen erausgoen. Ech wollt virun allem weisen, wéi d’Muséeën dobäi virgaange sinn, dat komplext Thema Identitéit an hirer Ausstellung unzegoen. Méng Aarbecht baséiert also op enger kritescher a subjektiver Analys, souwuel vum Contenu vun deenen zwou Ausstellungen, wéi och vun der Manéier, wéi et duergestallt ginn ass. Sënn an Zweck vu ménger Aarbecht ass et virun allem, zu enger Diskussioun iwwert d’Roll vum Musée unzereegen - d’Roll, déi de Musée tatsächlech spillt, an d’Roll, déi e vläicht spille sollt.

Wéi bass Du dorop komm, Muséologie ze studéieren a wou läit de Schwéierpunkt beim Studium?

Brasseur D’Muséologie befaasst sech mam Musée als Institutioun an hire klassesche Funktioune Kommunikatioun, Kollektioun, Konservéierung a Recherche. Ech hu Konschtgeschicht am Bachelor studéiert an hu mech do natierlech och vill mat Muséeën an Ausstellungen auserneegesat. Ech fannen et interessant, mir Froen ze stellen, wann ech eppes kucke ginn, ëmmerhin stécht hannert all Ausstellung och een, deen sech Gedanken doriwwer gemaach huet an decidéiert huet, wat ausgestallt soll ginn a wat net a wéi et dem Visiteur soll presentéiert ginn. Et soll een sech als Visiteur och bewosst sinn, dass ee vill beaflosst gëtt vum Musée. Wann een iergendwou e Bild gesäit, wat op enger Plaz hänkt, wou een et besser gesäit wéi anerer zum Beispill, mengt ee jo automatesch, dat misst och méi wichteg sinn, mee dat ass awer vläicht net onbedéngt esou, respektiv et kann een sech d’Fro stellen, firwat dat esou ass. En aneren interessante Volet ass déi sozial Roll vum Musée, fir déi ech mech besonnesch interesséieren an déi ech am Moment och erfuerschen.

Wéi kann ee méi Jonker dozou animéieren, an de Musée ze goen?

Brasseur Ech setze mech am Moment méi intensiv mat der Relatioun tëscht de Jonken an dem Musée auserneen. Ech kann nach net ze vill iwwer meng Aarbecht verroden, mee ech denken, éier een driwwer nodenkt, wéi ee méi Jonker an de Musée lackele kann, muss een sech fir d‘éischt emol d‘Fro stellen, firwat dat iwwerhaapt esou ass, dass si sech net esou dofir begeeschtere kënnen an ob dat och wierklech esou ass an net just einfach esou behaapt gëtt. Et gi Studien, déi weisen, dass Jonker net onbedéngt manner kulturell aktiv sinn. Si hu just einfach oft aner Virléifte wéi de Kino a Concerten.

Gëtt et ee Musée zu Lëtzebuerg, deen Dir besonnesch gutt gefällt?

Brasseur De Virdeel vu Lëtzebuerg ass, dass mir fir esou e klengt Land vill verschidde Muséen hunn. Mir gefällt déi Villsäitegkeet an et ass wierklech fir jiddwereen eppes dobäi. Ech hoffen, dass d’Muséeën - egal wéi een et ass - ee Budget kréien, deen hinnen et erlaabt, hier Projeten ze realiséieren a vläicht och mol nach nei Weeër ze goen.

Wat mëss Du an denger Fräizäit?

Brasseur Ech schaffen am Beräich vum Musée a maache grad mäin Doktorat, mee well dat mir vill Freed mécht, ass et gläichzäiteg och e wichtegen Deel vu menger Fräizäit. Ech interesséiere mech fir Kultur a Geschicht, maache kleng Bäitreeg fir de Radio a schreiwen Artikele fir Zeitungen. Heiansdo ass et och flott, aus der Uni erauszekommen a mat anere Leit zesummen ze schaffen.