LËTZEBUERG
CHRISTIAN SPIELMANN

E lëtzebuergesch-franséischen Animatiounsfilm: „Léif kleng Déiercher“

Den Antoon Krings huet 1994 ugefangen, Kannergeschichten ënnert dem Titel „Drôles de Petites Bêtes“ ze schreiwen. An der Tëschenzäit sinn 63 Albume beim Verlag Gallimard erauskomm. Déi lëtzebuergesch Filmproduktiounsfirma „Bidibul Productions“ huet zesumme mat der franséischer „Onyx Films“ aus de Geschichten elo den Animatiounsfilm „Léif kleng Déiercher“ produzéiert, deen den Antoon Krings zesumme mam Arnaud Bouron realiséiert huet. Hien huet och d’Dréibuch zesumme mam Arnaud Delalande a Christel Gonnard geschriwwen. De Film ass am Original op Franséisch geschwat, gouf awer och op Lëtzebuergesch synchroniséiert, an e gëtt duerch déi lëtzebuergesch Filmfirma „Tarantula“ verdriwwen.

Verléift an eng Stëmm

De Gilles Grill war emol e groussen Artist. Lo ass hien op der Rees duerch d’Weltgeschicht. Bei engem Séi gëtt hien op d’Stëmm vum Josephine opmierksam, dat „La Vie en rose“ séngt. Hie weess awer net, datt d’Josephine d’Kinnigin vum Beiestack ass, déi mol gär owes aus dem Stack verschwënnt, fir um Séi e Moment laang eng normal Bei ze sinn, wat awer hirem Assistent Luss Laus net passt. De Gilles schléift am Duerf vun de léiwe klengen Déiercher an engem Schapp a versicht den aneren Dag, sech mat senge Konschtstécker e bësse Suen ze verschafen.

Am Stack lafen d’Virbereedunge fir der Kinnigin hire Jubiläum. Dem Josephine seng Kusin, d’Huguette Harespel, ass jalous a wëll selwer op den Troun. Sou léisst si d’Josephine duerch dat schrecklecht Gedéiesch entféieren, de Sphynx, de Knuppert, den Inkognito an de Moustique. D’Huguette gëtt dem Gilles d’Schold un dëser Entféierung an hie gëtt agespaart. D’Betty Bei an den Pitti Pimpampel gleewen un dem Gilles seng Onschold. Mat der Hëllef vum Maisy Méck fanne si d’Stopp vum Gedéiesch, wou d’Josephine gefaangen ass. Si befreien de Gilles a maache sech op d’Sich vum Josephine. Si kënne souguer de Sphynx a seng Gesellen iwwerzeegen, hinne bei der Befreiung vum
Beiestack vun den Harespelen ze hëllefen.

Séiss Figuren

All dës Figuren si ganz sympathesch a séiss, ausser vläit déi béis Harespelen, mee dat muss jo sou sinn, fir datt d’Geschicht spannend ass. An d’Gedéiesch suergt dofir, datt ee gutt laache kann. Och déi Erwuesse kënne sech de Film ukucken, am beschten natierlech mat de Kanner, déi dës Figure vläicht aus de Bicher kennen. Déi Original-Filmmusek huet de Bruno Coulais komponéiert. D’Lidd „La Vie en rose“ ass natierlech an der Versioun vum Edith Piaf bekannt, déi dëst Lidd 1945 geschriwwen a fir d’éischt gesongen huet. Den Text vum Lidd ass och op Lëtzebuergesch iwwersat ginn.

De Film ass ënner anerem vum Simon Larosche (Luss), Sascha Ley (Huguette), Nico Thielen (Gilles), Leila Schaus (Josephine), Jules Werner (Sphynx) a Sully Prud’homme (Knuppert) op Lëtzebuergesch synchroniséiert ginn.

Op franséisch heesche verschidde Figuren aneschters. Sou nennt sech d’Kinnigin Marguerite, de Luss Loulou, d’Betty ass d’Mireille l’abeille an de Gilles den Apollon le grillon. An d’Stëmme stamen vum Kev Adams (Loulou), Virginie Efira (Huguette), Emmanuel Curtil (Apollon) an Anne Tilloy (Marguerite). Bei eis am Kino starten déi zwou Versiounen.