LËTZEBUERG
TOM HAAS

A 500 Wierder: Wat ass bei den Onrouen zu Chemnitz geschitt?

Wann een dës Lescht bei eis däitsch Noperen eriwwergekuckt huet, sou gouf d’Aktualitéit kloer vun deene rezenten Evenementer an der sächsescher Stad Chemnitz dominéiert. D’Stadbild gouf vu groussen Demonstratiounen an Onroue gepräägt. Mee ëm wat ass et do genau gaangen, wien huet do demonstréiert a virun allem wéi ass et sou wäit komm ?

Ausléiser vun den Demonstratioune war eng Messerattack sonndes de 26. August op ee 35 Joer alen Däitsch-Kubaner. D’Affer, wat an de Medien ënnert dem Numm Daniel H. kurséiert, ass kuerz drop u senge schwéiere Verletzunge gestuerwen. D’Police geet den Ament och vun dräi Haaptverdächtegen aus, woubäi et sech ëm Flüchtlingen aus dem Irak a Syrien handele soll.

Den Dag selwer nach koum et zu spontanen an net ugemellten Demonstratioune, fir ëm dat 35 Joer aalt Affer ze traueren. Déi Deeg drop koum et dann zu deels schwéiere Konfrontatiounen tëschent lénken a rietsen Demonstranten. Den Experten a Journalisten no, déi op der Platz waren, louch dat och dorun, dass déi sächsesch Police d’Lag am Ufank ënnerschat hat. Hinne gouf konkret virgeworf, net genuch Personal agesat ze hunn, fir déi extrem ugespaante Situatioun ënner Kontroll ze halen.

Zimlech oniwersiichtlech Lag

D’Biller, déi aus deene Manifestatiounen entstane sinn, sinn ëm d’Welt gaangen. Ëm déi 8.000 Manifestanten hunn d’Nationalitéit vun den Haaptverdächtegen als Ulass geholl. fir Haass a Gewalt zum Ausdrock ze bréngen. Verschiddener weise souguer op oppener Strooss den „Hitlergruß“. Dobäi zirkuléiere Videoen, wou reegelrecht Juegd op Persoune gemaach gëtt, déi eng aner Hautfaarf hunn oder net mëtteleuropäesch ausgesinn. Mee wie sinn déi Verantwortlech? An wien huet do elo genau demonstréiert?

D’Lag war deelweis wärend de Manifestatiounen zimlech oniwwersiichtlech. Leit aus der gesellschaftlecher Mëtt stoungen niewent rietsen Hooligans Säit a Säit ze demonstréieren. Verschiddenen Experten no kann ee soen, dass et sech ëm e Sammelsurium handelt, dee vun extrem rietsen Hooligans iwwert PEGIDA an AfD-Unhänger, bis och bei „Besuergte Bierger“ reecht.

Aus deem Grond ass et och elo schwiereg, jidderee vun deene Leit, déi do demonstréiert hunn, pauschal als Nazi ofzestempelen. Grad an deenen ostdäitsche Bundeslänner ginn et vill Leit, déi nom Mauerfall 1989 an der Wiedervereenegung 1990 net méi richteg Fouss gefaasst hunn - sief et wéinst Problemer mat der neier Gesellschaftsuerdnung eens ze ginn oder och erëm eng Aarbecht ze fannen. Dës Leit fille sech oft duerch d Politik vernoléissegt a wëllen hir Onzefriddenheet zum Ausdrock bréngen. Dëst gëtt oft als Grond gesinn, firwat Rietspopulisten an dëse Regioune méi Zoustëmmung fannen. De rezenten Zouzuch vu Flüchtlinge gëtt dann och oft als ee Sënnebock fir dës gesellschaftlech Problemer benotzt.

Op der anerer Säit gouf dann och eng Woch drop op engem kuerzfristeg organiséierte Concert een Zeeche géint Haass a Rietsextremismus gesat. Iwwer 65.000 Leit sinn dem Opruff vu Bands wéi den Toten Hosen, Kraftklub, K.I.Z., dem Casper oder dem Marteria nokomm. Ënnert dem Motto #Wirsindmehr sollt gewise ginn dass d’Stad Chemnitz net nëmmen aus Rietsen an Hooligans besteet. De Leadsänger vun der Band Kraftklub weist dann och drop hin, dass ee mat engem Gratis-Concert nach laang net d’Welt verännere kéint, mee dass et virun allem dorëms geet, de Leit ze weisen, dass se net eleng mat hirer Astellung fir eng oppe Gesellschaft sinn.

Iwwert Rubrik:  Virun zwee Joer huet d’Associatioun Narin de  Blogprojet A 500 Wierder gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag. a500wierder.lu