LËTZEBUERG
LJ

D’Cojellico’s Jangen huelen ons mat hirem neie Studioalbum mat op e flotten Tour

Si sinn e vill gefrote Vokalensemble: D’Cojellico’s Jangen, déi säit 2011 am Stil vun den „Comedian Harmonists“ mat Lëtzebuerger Stécker begeeschteren. Aus hirem Programm fir e Concert an der Philharmonie 2016 ass elo iwwer de Summer de Studioalbum „Dammenalphabet - Vun Amelie bis Wirsch“ ginn, dee viru kuerzem op de Marché komm ass. Am Tounstudio vum Claude Schlim zu Helleng hunn „D’Jangen“ - dat sinn de Raymond Majerus (1. Tenouer), Arend Herold (2. Tenouer), Georges Urwald (3. Tenouer), Carlo Migy (1. Bass), Jean-Marie Kieffer (2. Bass) - 16 Lidder opgeholl, begleet um Piano vum Christophe Nanquette. Et si Stécker aus der Vir- an Tëschekrichszäit iwwer „gelungen a gelongen Dammen“, aus der Fieder vu Chansonnieren wéi Poutty Stein, Pierli Housse, Louis Petit oder Jempi Welter.

„Pour la petite histoire“ : Et ass e Stéck vum Jempi Welter iwwer de „ Cojellico’s Jang“, deen zu Stengefort an engem Bistro een Humpen nom anere kippt - mat um Enn net grad agreabele Konsequenze fir hien - deen dem Gesangsquintett säin Numm ginn huet.

D’Museker hate sech am Mäerz 2011 am „Stued Theater“, der privater Klengkonschtbühn an der 200 Joer aler Wierkstatt vun der Famill Urwald fonnt. Haut huele si ons mat hirem „Dammenalphabet“ mat op e flotten Tour duerch d’„Schlager“ vun den 1920er an 1930er Joren.

Hiren zweete CD, deen och op der Websäit vun de „Jangen“ bestallt ka ginn, ass an enger Oplo vun 1.000 Exemplairen erschéngen - de Präis ass 15 Euro (17,5 Euro mam Versand). An am Fréijoer kënnt en och op Vinyl eraus.

Méi: www.jangen.lu