LËTZEBUERG
LJ

Jean-Louis Schlesser a Marc Angel hunn hir zweet „Graphic Novel“ erausbruecht

Säit Joerhonnerten dreift de „Jas“ oder „Jaasmännchen“ am Norde vum Land säin Onwiesen. Am Heischtergronn an zu Boukels ass d’Soegestalt souguer op Monumenter veréiwegt an zu Dol soll nach dat klengt Haus stoen, wou emol en aarme Kniecht gelieft huet, den e Pakt mam Däiwel geschloss hat fir u Schätz ze kommen. De Pakt hat e Präis: nodeems de „Jas“ gestuerwe war, sollt en op ëmmer an der Géigend erëm spuken an de Leit Spiichte spillen, déi munchmol och déidlech ausgaange sinn. Bis haut soll een déi gequäälte Séil nuets hurelen héieren an et ginn der, déi scho mol gemengt hunn, si hätten de „Jas“ duerch den Niwwel lafe gesinn, den sech oft iwwer d’Éisleker Däller leet. Et gëtt och gesot, wann de Wäissdar nees bléid, da kennt en zréck.

Wéi en am Joer 1942 zréck koum, erzielen den Zeenarist  Jean-Louis Schlesser an den Zeechner Marc Angel an hirer zweeter „Graphic Novel“ iwwer d’Soegestalt.

Virun zwee Joer haten si de „Jas“ zum Star vun enger Geschicht gemaach, déi während de Reliounskricher am 17. Joerhonnert gespillt huet. Elo daucht en an der Géigend ëm Wolz nees op, bei enger Grupp vu Jongen, déi sech an de Bëscher virun den Nazien verstoppen, fir net an d’Wehrmacht agezunn ze ginn.

Eréischt no an no realiséieren si wien dee „Mathes“ ass, dee keen esou richteg kennt, an den ëmmer méi ze wësse schéngt wéi si an och vill méi staark ass. An enger aler Eiseminn am Minett, wou sech d’Jongen e bësse méi spéit verstoppe konnten, deet hien nees d’Klufft vum „Jas“ un an zerstéiert mat bloussen Hänn eng Schmelz. Da gëtt et eng grouss Explosioun an engem Labo an enger Minn, wou e Lëtzebuerger Ingenieur fir e gewësse Wernher von Braun u Rakéite fuerscht… Eng spannend Geschicht vum Jean-Louis Schlesser, dynamesch erzielt mat schéinen schwaarz-wäisse „Planchen“ vum Marc Angel. „Erzielt kengem, wat der gesinn hutt, a kommt mer net no“, seet de „Jas“ de Refractairen um Schluss a verschwënnt am Niwwel…. Net fir ëmmer, géife mir ons wënschen.


„De Jas kënnt zréck - Déidlech Allianz“ - vum Jean-Louis Schlesser a Marc Angel, 120 Säiten, gebonnen - Präis: 16 Euro - Publizéiert am Insitu Verlag an enger lëtzebuergescher a franséischer Versioun - insitu-creation-edition.com