LËTZEBUERG
GUSTY GRAAS

Den Historiker Denis Scuto gouf Erklärungen

Wee si mir, wou komme mir hier, wat ass eis Identitéit: dat si Froen, déi ee Land beschäftegen, besonnesch wann et ee Land ass, wat d’Produkt vum Wëlle vu grousse Staten ass. An dat ass Lëtzebuerg. 1815 duerch de Wiener Kongress wéinst militäreschen a monarchisteschen Ursaachen zu engem Groussherzogtem erhuewen, war eist Land um Wee fir an d’Onofhängegkeet komm, och wa mir bis 1830 déi 18. hollännesch Provënz ënner dem Kinnik Wëllem den I. waren. No der Belscher Revolutioun am Jor 1830 gouf de Grand-Duché, mat Ausnam vun der Festungsstad Lëtzebuerg, ënnert de Regime vun der belscher Verfaassung vun 1831 gesat. Lëtzebuerg war dunn eng vun den néng Provënze vum neie belsche Kinniksräich. 1839 krut eist Land duerch de Londoner Vertrag de Status vun engem eegestännege Staat, allerdéngs war nach ëmmer den hollännesche Kinnik de Grand-Duc. Vill Belsch wollten deemools iwweregens Lëtzebuerger ginn.

Subjektiv Kriterie fir Natioun

An enger Konferenz hat den Historiker Denis Scuto sech kierzlech méi am Fong mat der Thematik ëm Natioun, Nationalitéit an Nationalismus am Kontext vun der Entwécklung vun eisem Land ofginn. A sengen Aen ass eng Natioun ënner anerem ee sozialen a politesche Grupp wéi och eng imaginär Gemeinschaft. Dëse Grupp bräicht awer een Arbitter, deen entscheet op een eng Natioun ass oder net. Dat wier déi international Gemeinschaft, also haut d’UNO. Grenzen a Gesetzer wieren noutwenneg fir Gefiller vun Zesummegehéieregkeet a Loyalitéit ze schafen. Fréier goufe Kriterie wéi Traditioun, Monarchie a Relioun zréckbehale fir eng Natioun ze legitiméieren. Historiker aus dem 19. an 20. Jorhonnert hätten dës Form vun Identitéit ënnerstëtzt. Mä dobäi géing et sech awer ëm subjektiv Bezeechnungen handelen. Haut misst een Distanz zu deene Kriterien huelen, sou den Historiker.

Um Beispill vum Elsass a Loutrengen huet den Denis Scuto nogewisen, wéi Bezeechnunge fir eng Natioun kontradiktoresch festgesat kënne ginn: Am Géigendeel zu den Däitsche war fir de franséische Schrëftsteller an Historiker Ernest Renan déi Regioun franséisch, well de Wëllen do war fir op engem Territoire zesummen ze liewen.

Tëschen 1815 an 1839 hätt eis Natioun schonn duerch d’Orangisten a Besëtzer existéiert. No der Onofhängegkeet wier d’Handelsbourgeoisie derbäi komm. Vun 1848 bis zum Enn vum 19. Jorhonnert wier d’Natioun dunn duerch Beamte vergréissert ginn an et hätt sech eng Ouverture zu der ënneschter Mëttelschicht an der populärer Klass bemierkbar gemaach. Mat der Aféierung vum allgemenge Walrecht 1919 gouf eng Demokratiséierung vum politesche Liewen agelaut. D’Vergréisserung vun der Natioun war also eng liberal Phas, wéi den Denis Scuto betount huet.

Trotz Drock vu baussen - Lëtzebuerg ass onofhängegbliwwen

Am Laf vu senger Entstehungsgeschicht souz eist Land oft tëschen de Groussen. 1848 war eng Optioun, datt mir vun Däitschland annektéiert géifen, mä de preisesche Kinnik huet eis Kroun net akzeptéiert. 1867 wollt de Wëllem den III. Lëtzebuerg un den Napoleon den III. verkafen, mä glécklecherweis war de Reichstag vum Norddeutschen Bund dogéint. 1870 huet de Bismarck eng Annexioun un Däitschland refuséiert. 1914 war eist Land emol méi no un der däitscher Annexioun, well de Staatsminister Paul Eyschen net energesch genuch géint déi däitsch Occupatioun protestéiert hat. Hien hat an enger éischter Phas op den Okkupant gesat.

15.000 Lëtzebuerger waren am Éischte Weltkrich an Däitschland ausgewandert an haten d’lëtzebuergesch Nationalitéit doropshi verluer. Honnerte vu Lëtzebuerger waren an der däitscher Arméi engagéiert. 1918/19 dunn hat de franséische Premier Georges Clemenceau Lëtzebuerg als Instrument geholl fir d’Belsch ze këddelen. Der franséischer/belscher-Rivalitéit ass et ze verdanken, datt d’Onofhängegkeet vum Land konnt gerett ginn. Lëtzebuerg wollt dunn, am Contraire zu 1830, net un d’Belsch annektéiert ginn.

Am Zweete Weltkrich huet eist Land du misse beweisen, datt et eng Natioun wier. D’Regierung wousst am Ufank net op wéi eng Kaart se soll setzen: Däitschland oder England. Am August 1940 hat de Joseph Bech sech fir England entscheet.

Nationalismus am politesche Sproochgebrauch

Nationalismus, also de Gruef tëschen eis an hinnen, hat sech an de politesche Parteien no dem Éischte Weltkrich bemierkbar gemaach. An der Rechtspartei gouf vun enger Iwwerfriemen geschwat. Hier elektoral Basis waren d’Aarbechter, d’Handwierker an d’Baueren. De „Luxemburgertum“ gouf a kathouleschen a monarchistesche Kreesser geschafen. Awer och an der Aarbechterpartei war nationalistescht Gedankegut onverkennbar, well d’Schmelzen duerch Auslänner betraff waren. Et goufe souguer gesetzlech Moossname géint eng ze staark Präsenz vun den Auslänner geholl. An déi Liberal haten Angscht virun der auslännescher Influenz op d’Handwierk, den Handel an d’Siderurgie. Si waren deemno antiklerikal a géint d’Dynastie agestallt, hat den D. Scuto festgehalen.

No 1945 sinn déi Däitsch an d’Italiener stigmatiséiert ginn. Lëtzebuerg war dat eenzegt besate Land, wou een d’Nationalitéit wéinst Kollaboratioun verluer hat. Et waren 1332 Persounen, dovun 800 Lëtzebuerger d’origine. 1950 koum dunn eng Amnestie fir déi 800, mä d’Walrecht krute si net zréck.

Och wann d’politesch Parteie sech zënter 1970 fir eng Ouverture vun der Nationalitéit asetzen, definéiere si sech nach ëmmer op eng Manéier nationalistesch, sou den Historiker zum Schluss.