Perséinlech Erënnerungen un de Rob Roemen, e gudde Kolleg a Frënd

Mir hun äis kannt zënter dem Fréijoer 1977, wou mir äis fir d‘éischt begéint sinn um Nationalkongress vun der Jeunesse Démocratique. Geschwat hate mer virdrun awer scho méi dacks mateneen. „Ah, du bass den Dicken“, sou hues De deemools gesot, well ech um Büro dem Kolleg Jos. Altmann säin Telefon déi eng oder aner Kéier opgehuewen hat, wann s Du him als Journal-Korrespondent wolls deen een oder aneren Termin duerchginn. An Du wolls och vu mir deemools gläich wëssen, ob ech schreiwe kéint a Loscht hätt, fir de Journal op den Tour ze goen. Eist Gespréich am Mee 1977 blouf nët ouni Konsequenzen: Am Hierscht datselwecht Joer stoung mäin éischten Artikel am Journal, deem der bis ugangs 80er Joren e ganze Koup nokomm sinn. Schonn 1978 hues Du mech gefrot - oder hues Du mech gedrängt - Chefredakter ze gi vun der „Demo 80“, der Zeitung von de Jongdemokraten, déi s Du an d‘Liewe geruff has an därs Du Däi ganz perséinleche Stempel opgedréckt hues. Awer ouni Deng Ennerstëtzung an engagéiert Mathëllef wier d‘Demo 80 vun do un déi eng oder aner Kéier sécher net erauskomm.

Iwwerzeegungsaarbecht

Et war déi éischt Jore vun eiser Zesummenaarbecht dann och virun allem d’Jeunesse Démocratique, an där mir fir d’éischt déi deemools ganz wéischt Walcampagne vun 1979 mat virbereet an erlieft hunn. Dat war eng Erfahrung fir d’Liewen an huet och duerno nach laang zesummegeschweesst. D‘„Jeunesse Démocratique“ huet deemools de Fändel vun der fräier Meenung a vum éierlechen, toleranten a verantwortleche Liberalismus ganz héich gehalen. Dass Du vun deem Wee ni erofgaange bass, hu spéitstens d‘Leit misse begräifen, wéi 1995 Däi Buch „Aus Liebe zur Freiheit“ iwwer 150 Joer Liberalismus zu Lëtzebuerg erauskomm ass, Deng „Bibel“, wéi s Du dat Buch ëmmer genannt hues.

No 5 Joer als Korrespondent has Du et schlussendlech
fäerdeg bruecht, mat der Hëllef vu Leit wéi Robert Wiget a Claude Pescatore, fir mech an d‘Redaktioun vum Journal „eriwwer ze zéien“, nodeems ech do scho vill Congéswochen a Feierowendstonne verbruecht hat. Du konns d‘Leit iwwerzeegen, fir matzemaachen, wells Du selwer och ëmmer erëm matgezunn hues an Dech méi wéi eng Kéier geiergert hues, dass deene Leit, fir déi de Journal mat senge bescheidene Mëttelen agestan ass, net méi un „hirer“ Zeitung géif leien.

Schéin a schwéier Zäiten

Du wars net onbedengt dat, wat ee géif als en „einfache Chef“ bezeechnen. De Journal hu mer déi Zäit zu 6 oder 7 Leit gemaach mat Mëttelen, iwwer déi haut an de Redaktioune géif gelaacht ginn, a vill Leit, déi den Zeitungsalldag kannt hunn an nach ëmmer kennen, hu méi wéi eng Kéier gesot, si géife sech wonneren, dass eis Zeitung all Dag géif erauskommen. Si ass awer komm, och wann eenzel Deeg bis 15 Stonnen dru geschafft ginn ass. De Respekt, deen de Journal, mä virun allem awer och Deng Persoun selwer, dobaussen haten, koum net vun ongeféier. Wann et an eisem Journalisteberuff e Mann gëtt, op deen de Begrëff „Dropgänger“ am gudde Sënn zoutrëfft, dann op Dech.

Wat mech am Ufank am meeschte gewonnert huet, war dat wat een haut mat engem neie Begrëff „Vernetzung“ nennt. Deng „Connections“ has Du ëmmer, ob an d‘politesch Parteien, ob an d‘Gewerkschaften, oder an aner „Clibb“,
wéi s Du dat genannt hues. Däi wichtegst Aarbechtsinstrument war den Telefon - vu Fax oder Internet hu mer déi Zäit nach net emol gedreemt -, an Du hues Dech och ni laang mat Geplänkel opgehal. Du has en eenzegartegen Don, fir Deng Gespréichspartner esou richteg „auszefroen“, fir hinnen „de Wuerm ze zéien“, mä Du hues awer och ëmmer gewosst, korrekt mat denen Informatiounen ëmzegoen.

Ganz oder guer net

Du hues Dech och ni verängschtege gelooss, weder duerch Perquisitiounen, wéi am Fall „Bommeleeër“, nach duerch Presseprozesser, wéi am Fall Enregistrement/Wolter, wou s Du esou guer bis op Stroossbuerg hues misse goen, fir Recht ze kréien. Du hues eigentlech ëmmer de Ball gespillt an de Mann hannendru liewe gelooss. Denge jonke Matarbechter hues Du ëmmer ageschäerft, net „op een ze trëppelen, deen um Buedem läit“. Déi héich Uspréch, déi s Du un Dech selwer gestallt hues, hunn och vun Denge Matarbechter musse respektéiert ginn, ob dat elo d’Recherche war, wou s Du vill Pisten opgezeechent hues, oder eng korrekt a feelerfräi Schreifweis: Du konns penetrant pingelig sinn, wann et drëm gaangen ass, en uerdentlecht Bild vum Journal no baussen ze ginn. „Bouletten“, wéi s Du dat genannt hues, hunn Dech rose gemaach, hallef Saache konnten Dech un de Plafong dreiwen a Ligen, och déi ganz kleng, hues Du op der Doud gehaasst.

E Familljeliewen hues Du eréischt méi spéit kennegeléiert, well Däi Liewen sech ganz laang nëmme ronderëm de Journal gedréit huet. Mir si kuerz noeneen fir d‘éischt Pappe ginn, a mir hunn äis esou gutt et gaangen ass, am Ufank och e bëssen Zäit geholl, fir dëser neier Roll gerecht ze ginn. Am Journalisteberuff ass dat awer net einfach, wann ee seng Aarbecht wëll konsequent a gewëssenhaft maachen. Déi Arbecht, déi an der Woch leie bliwwen ass, hues Du mat heem geholl, an awer och vill Weekender nees um Büro verbruecht. Wann et net aneschter goung, dann hues Du d‘Françoise an de Jean-Pierre, Deng jéngste Kanner, och mat op de Büro bruecht. Si waren do jo gutt versuergt.

Journalismus a Politik

Fir all Campagne, déi d‘DP gemaach huet, hues Du Dech perséinlech verantwortlech gefillt. A gläichzäiteg hues Du Dech vu Kéier zu Kéier ëmmer méi dergéint gestrieft, de Journal als „Parteiblat“ oder als „DP-Zeitung“ betitelen ze loossen. Dee Widersproch, léiwe Rob, deen hues Du ni wierklech opléise kënnen. Du waars ëmmer méi Journalist wéi Politiker, a grad dofir hu mir äis am Journal och ganz staark gewonnert, wéi s Du Dech op eemol 1999 opgesat hues, fir an Denger neier Wunngemeng Leideleng mat an d‘Gemengewalen ze goen. Wéi wann s Du als engagéierte Journalist net Aarbecht genuch gehat häss.

D‘Chefredaktioun vum Journal gouf zur Zentral vun der Leidelenger Oppositioun, ouni datt dorënner awer Däin Asaz an Däin Engagement fir de Journal gelidden hätt. Dofir war Däi Wierkungsberäich och vill ze vill organiséiert. Déi sëllechen Erfahrungen, déi s Du als Journalist an e puer Jorzéngten iwwer d‘Gemengepolitik gesammelt has, déi koumen zu Leideleng ganz séier zum Zuch an hunn net nëmmen Deng politesch Frënn iwwerzeecht, mä virun allem och d‘Wieler, déi Dir an Denger Equipe bei den nächste Gemengewalen 2005 massiv hiert Vertraue geschenkt hunn.

No 30 Joer Journal mat enger gudder Moyenne vun zwielef Stonnen den Dag häss Du jo eigentlech verdingt gehat, Dech roueg an d‘Pensioun ze verzéien. Du hues awer net Deng Aarbechtszäit geännert, mee Deng Aarbechtsplaz, an Du hues och zu Leideleng an e puer Joer uerdentlech Spueren hannerlooss, och wann Deng Gesondheet Dir dat zum Schluss ëmmer méi schwéier gemaach huet.

Mir haten nach ëmmer e regelméissege Kontakt an Du
hues Dech ëmmer nach fir eis Aarbecht interesséiert, sief et fir ze wëssen, „wat dann nach esou leeft“, sief et awer och, fir äis deen een oder andere gudde Rot (oder „Tuyeau“) ze ginn, mat deem mer äis emol eng Kéier kéinten ofginn. Dat wäert eis alleguer vun elo u wuel feelen.

Rob, mir hunn e gutt Stéck vun eisem Liewen zesumme verbruecht an et soll och kee mengen, eis gemeinsam Zäit am Journal wier „eitel Sonnenschein“ gewiescht, well et och alt emol ganz gehéierech gerabbelt huet. Dat ass ëmmer esou, wann haart Käpp openee stoussen. An der Erënnerung un Dech bleift en déiwe Respekt virun deem, wat s Du selwer geschafft an erreecht hues, awer och e ganz grousse Merci fir dat wat ech konnt léieren, fir déi vill gudd Frënn, déi ech duerch Dech kennegeléiert hunn, an zum Schluss och Freed iwwer déi dach virun allem flott Stonnen, déi mer a bal 30 Joer zesumme verbruecht hunn. Wann nëmmen Dee wierklech dout ass, vun deem net méi geschwat gëtt, da wäerts Du nach laang ënner äis bleiwen.

Och dat soll dem Berthe, dem Nadine, dem Françoise an dem Jean-Pierre e bëssen Trouscht ginn an hirem grousse Verloscht.

Mat déiwem Respekt!Nic. Dicken