LËTZEBUERG
LJ

D’Farde Pierre Blanc vum Comité Alstad Lëtzebuerg

De Pierre Blanc ass an der Alstad gebuer an dat de 6. Juni 1872 an der Niklosgaass op Nummer 5, der haiteger Waassergaass. No der Handwierkerschoul ass hien op d’Konschtakademie zu München gaang, a spéider op Prag an op Paräis, fir nach weider Konschtstudien ze maachen. 1898 gouf hien als Zeecheprofesser an der Handwierkerschoul engagéiert, an ass dat bliwwe bis zu senger Pensioun am Joer 1936.

Bestued huet sech de Pierre Blanc 1903 mam Marie-Louise David vu Bréissel. D’Koppel hat zwee Kanner: den Nicolas-Léon-Louis an d’Marie-Marguerite. De Pierre Blanc wor President vum „Cercle artistique“ an de Joeren 1906 bis 1910, a vun 1920 bis 1927. Seng Spezialitéit ware Portraiten. Mee och Landschaftsbiller, Buchillustratiounen an dokumentaresch Zeechnungen huet hie gemoolt. De Pierre Blanc ass den 30. Mäerz 1946 um Belair an der haiteger rue Albert-Philippe gestuerwen.

Eng Farde un mat fënnef Faksimileën

Dëst Joer bitt de Comité Alstad eng Farde un mat fënnef Faksimileë vum Pierre Blanc, mat folgende Wierker:

- „La Emäuschen vers 1800“ aus dem Joer 1929 (Privat Kollektioun)

- „Le maraudage de la ville par les Bourguignons“ oder „Fëschmaart Ënnert de Steiler“ aus dem Joer 1929 (Kollektioun MNHA)

- „Construction du château de Luxembourg au Bock par Sigefroid en 963“ aus dem Joer 1915 (Kollektioun MNHA)

- „Le château de Mansfeld“ aus dem Joer 1927 (Kollektioun MNHA)

- „Faubourg du Grund“ aus dem Joer 1932 (Kollektioun MNHA)

- Vir op der Farde ass en „Autoportrait avec casquette“ aus dem Joer 1926 (Kollektioun MNHA).

Dës Fare gouf gëschter Owend am Sëtz vum Comité ALstadt um Fëschmaart virgestallt. Fir déi kommend Feierdeeg kënnt Dir d’Farde, am Format DIN A4, zum Präis vu 25 Euro beim Comité Alstad duerch Iwwerweise vun der entspriechender Zomm op ee vun hire Konte bestellen: bei der
Spuerkees: IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 oder Postscheck: IBAN LU02 1111 0080 8736 0000 oder bei der BGL-BNP Paribas: IBAN LU19 0030 7564 6694 0000 (mam Vermierk: „Farde Pierre Blanc“). Déi bestallte Farde kënnt um Postwee bei Iech heem.

Den Erléis vun der Vente ass fir d’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf.