MICHEL SCHOLER

Fillon a Juppé – wien sinn si a wourëms geet bei de Virwalen?

An de d’Virwale bei der Republikanerpartei a Frankräich konnt de François Fillon den éischten Tuer fir sech entscheeden. Ëm wat geet et hei? A wien sinn déi zwee Kandidaten, déi elo nach a Fro kommen, fir als Presidentschaftskandidat vun de Republikaner an d’Walen ze goen?

De System, no deem d’Republikaner hire Kandidat auswielen, ass ähnlech wéi dee vun de Presidentschaftswale selwer. Bei béide ginn d’Walen an zwee Tier gemaach. Beim éischten Tuer ka jiddwereen sech zur Wal stellen. Beim zweeten Tuer dierfen da just nach déi zwee beschte Kandidaten aus dem éischten Tuer deelhuelen an all d’Wieler dierfe sech dann nach eng Kéier tëschtent hinnen zwee entscheeden. Leschte Sonnden hunn de François Fillon an den Alain Juppé et op déi éischt zwou Plazen gepackt [1]. Domadder huet de Nicolas Sarkozy, deen och ugetruede war, relativ iwwerraschend keng Chance méi bei den Walen 2017 erëm President ze ginn. Nächste Sonnden ass dann den zweeten Tuer.

De François Fillon steet fir eng méi konservativ Politik

De François Fillon, dee mat 44 Prozent op déi éischt Plaatz koum, war fir fënnef Joer Premierminister ënnert dem Nicolas Sarkozy. Hie steet fir eng méi konservativ Politik [2a]. An der Aarbechtspolitik gi seng Ideen oft mat de Reforme vum Gerhard Schröder an Däitschland verglach [2]. Sou wëll hien zum Beispill 500.000 Aarbechtsplazen beim Staat sträichen an d’Cotisatioune vun de Firmen un d’Pensiouns- an d’Aarbechtslosenkeesen verréngeren. Ausserdeem soll d‘35-Stonnen-Woch ofgeschaaft ginn, sou dass d’Franzousen méi laang schaffe missten [3]. Mee de Fillon huet sech och mat enger méi konservativer Politik a Saachen Immigratioun an Défense duerchgesat. Sou wëll hien e Referendum driwwer halen, ob d’Parlament all Joer eng Quot bestëmme soll, déi festleet, wéi vill Auslänner a Frankräich dierfe liewe kommen [4]. Ausserdeem wëll hien et erméiglechen, Franzousen de Pass ofzehuelen, déi aus dem Irak oder Syrien erëmkommen, mam Verdacht, do fir den IS gekämpft ze hunn. An der Sozialpolitik wëll hien dann d’Gesetz zum Bestiednis vun Homosexueller esou ëmänneren, datt homosexuell Koppele keng Kanner méi adoptéiere kënnen [5].

Den Alain Juppé, deen déi zweetmeeschten Stëmme krut a fir deen et awer schwéier dierft ginn, säi Rival ze iwwerhuelen [6], war och scho Premierminister - dat allerdéngs ënnert dem Jacques Chirac an den 90er Joeren. Hie verfollegt ähnlech Politike wéi de François Fillon, mee a verschiddenen Hisiichten eng manner radikal Versioun. Sou wëll hien „nëmmen“ 200.000 Staatsbeamtenplazen ofschafen. Ee Punkt, wou den Alain Juppé sech awer kloer vum Fillon ënnerscheed, ass a senger Positioun zum Syrien-Krich. Hie wëll, am Géigesaz zu sengem Rival, net mam Bashar al-Assad zesumme schaffen, fir den Islameschen Staat ze bezwéngen [7].

Een Deel vum ganze Prozess

Mee dës Virwale si just en Deel vum ganze Prozess, fir en neie franséische President ze fannen. Déi meeschten Experten ginn dovunner aus, dass kee vun de sozialistesche Kandidaten et wäert bis an den zweeten Tuer packen, well d’Partei an de momentane President Hollande immens onbeléift sinn [8]. Dowéinst ginn dës Virwalen als Zeeche gesinn, wien am wahrscheinlechsten am Juni 2017 géint Marine Le Pen vum Front National untriede wäert. Si ass bis elo d’Favoritin, fir et an den zweeten Tuer ze packen [9]. Och wann dës Walen also nach laang keng Entscheedung bréngen, si se awer en immens wichtege Moment an de Presidentschaftswahlen 2017.

A 500 WIERDER

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

An dësem Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären an fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Woche- Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz hire Bäitrag.
www.association-narin.com