LËTZEBUERG
KATARINA IVESIC

A 500 Wierder: Firwat gëtt et esou vill Waffen an Amerika?

Genau 58 Doudeger an iwwer 500 Blesséierter - dat ass den traurege Bilan vun der Schéisserei vum Sonndeg, 1. Oktober zu Las Vegas (1). Während dem „Closing Act“ vum Country-Sänger Jason Aldean huet de 64 Joer ale Stephen Paddock aus enger Distanz vu 350 Meter eng Véirelsstonn laang mat engem Maschinnegewier op d´Leit geschoss, ier hien sech selwer ëmbruecht huet. Firwat weess bis ewell keen (2). De Mann schéngt mam Gesetz nach ni a Konflikt geroden ze sinn a gëtt vu Famill a Noperen als frëndlechen a friddlechen Eenzelgänger beschriwwen.

Obwuel esou eng Grujeldot, wann et vun engem ausgeet, dee wierklech determinéiert ass, esou eppes ze maachen, wahrscheinlech net wierklech konnt verhënnert ginn, verdäitlecht se de Manktem um Wëllen, fir méi streng Waffegesetzer ze maachen. Dat obwuel Amerika eent vun den entwéckelte Länner ass, an deem all Joer déi meescht Leit u Waffegewalt stierwen (3).

Dausende Leit kommen duerch Waffen ëm

Dem „Gun Violence Archiv“ (4) no waren dëst Joer eleng schonn 273 Masseschéissereien an Amerika. Dëst Joer sinn och schonn 11.686 Leit duerch Waffen ëmkomm. Dorënner eng ronn 3.000 Kanner a Jugendlecher, déi mat Waffen ëmbruecht oder blesséiert gi sinn. An dat hei Joer ass keng Ausnahm - 2016 waren et ronn 15.000 Doudesaffer an eng 30.000 Blesséierter. 2015 waren et ëm déi 13.000 Doudeger an eng 27.000 Blesséierter. Dem „Centers for Disease Control and Prevention“ (5) no stierwen am Duerchschnëtt all Dag 93 Amerikaner u Waffegewalt. Dat ass en Duerchschnëtt, dee 25 mol méi héich ass, wéi an anere developpéierte Länner.

Bei deenen Ausmoossen un Doudesaffer stellt sech d’Fro, firwat sech näischt ännert. Obwuel déi meescht Amerikaner, souwuel Demokraten ewéi Republikaner et ënnerstëtzen, dass déi Leit, déi eng Waff wëlle kafen, musse kënne virweisen, dass se nach keng Verbrieche begaangen hunn an och Ënnerstëtzer vu béide Parteien domat averstane sinn (6), dass Leit, déi op sougenannten „federal Watchlists“ stinn, keng Waffe solle verkaf kréi-en, deelt sech d´Meenung vun den Amerikaner awer der Partei no, wann et ëm de Besëtz vu Waffe geet.

De gréisste Grond, firwat et esou schwéier fält, eppes ze änneren ass, dass d’Recht op Waffen an der amerikanescher Konstitutioun also Verfassung verankert ass, am sougenannten „Second Amendment“. Dat geet op d’Philosophie vum Liberalismus zeréck, dee beseet, dass een, wann een net méi zefridden ass mat der Staatsgewalt, ee selwer d´Recht huet, de Staat ze stierzen. Obwuel et zweifelhaft ass, dass ee mat engem Gewier hautdesdaags nach géint eng modern Arméi wënnt, ass dat am Bewosstsinn vu villen Amerikaner verankert bliwwen.

Verfassung net sou einfach ze änneren

Fir eng Konstitutioun ze änneren, geet en einfacht Gesetz net duer. Dofir gëtt et just zwee Weeër: eng Verfassungsännerung oder en Uerteel vum Ieweschte Geriichtshaff. Fir den éischte Wee missten a béiden Deeler vum Parlament zwee Drëttel vun den Deputéierten an dräi Véierel vun den eenzele Staaten dofir ofstëmmen. Momentan ass dat net méiglech. Den zweeten Wee ass 2008 probéiert ginn, mee d’Geriicht huet ofgestëmmt dass d’Verfassung d’Recht op Waffen garantéiert (7).

Obwuel et an Amerika zwar vun den Zuelen hir vill Waffe gëtt, sinn déi op eng Minoritéit vu Leit verdeelt, déi allerdéngs vun enger staarker Lobby vertruede gëtt, der NRA, der „National Rifle Association“. Si hunn eleng 2016 ronn 50 Milliounen Dollar an d’Kampagne vu Republikanesche Kandidate gestach (8)- eppes wat sech mat enger Victoire vun de Republikaner am Kongress a bei der Presidentschaft duerchaus rentéiert huet.

Aus dëse Grënn - an nach aneren - geschitt wéineg an Amerika, fir Waffegesetzer méi streng ze maachen.

A 500 Wierder - E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

D’lescht Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag.

All Artikelen, den Politik-ABC a weider Informatiounen um Site a500wierder.lu an ënner association-narin.com

Quellen a Links:

(1+2)tinyurl.com/a500w-guns1

(3+4) tinyurl.com/a500w-guns2

(5) tinyurl.com/a500w-guns5

(6) tinyurl.com/a500w-guns6

(7) tinyurl.com/a500w-guns7

(8) tinyurl.com/a500w-guns8