LËTZEBUERG
CHAREL METZ

A 500 Wierder: D’Unerkennung vu Jerusalem als israelesch Haaptstad

Fir den Donald Trump war et virun allem d‘Ëmsetzung vun engem Walverspriechen, dat bei verschiddenen amerikanesche Wieler scho méi laang populär ass. Weltwäite Protest war awer d‘Äntwert op seng Ukënnegung, Jerusalem offiziell als israelesch Haaptstad unzeerkennen. Fir déi meescht Staaten heescht déi nach ëmmer Tel Aviv - sou och fir Lëtzebuerg - a besonnesch an der islamescher Welt ass dës Decisioun op méi wéi Kapprësele gestouss. Wisou féiert dës Stad säit Joerdausenden zu Doudegen?

Hannert de politesche Grënn verstoppe sech Dausende Jore Geschicht: Laut der helleger jiddescher Schrëft, der Tora, wier d’Stad virun 3.000 Joer Haaptstad vum israelesche Kinnekräich ginn. An der Zäit wieren och Tempele gebaut ginn, déi an der jiddescher Relioun eng zentral Roll spillen. Dowéinst ass de Judden d’Gebitt bei der Klagemauer haut nach sou wichteg - si war een Deel vun deene Gebailechkeeten. Zéng Minutten ze fouss vun der Klagemauer läit d’Grabeskirche, wou no chrëschtlecher Iwwerliwwerung de Jesus gekräizegt a begruewe gouf. A fënnef Minutte vun do läit d’Al-Aqsa-Moschee, eent vun de wichtegsten Hellegtemer vum Islam. Ier d’Mosleme sech fir hir Gebieder Richtung Mekka gedréint hunn, hunn se dat Richtung Jerusalem gemaach.

Eng mouvementéiert Geschicht

D’Stad ass also immens wichteg fir déi dräi Reliounen, an dat huet zu enger mouvementéierter Geschicht gefouert: Déi jiddesch Opstänn aus der réimescher Zäit, déi chrëschtlech Kräizzich géint dat moslimescht Jerusalem am 11. Joerhonnert, d’Onrouen, wéi d’Britte Meeschter waren - si all sinn e puer besonnesch bluddeg Momenter an enger bluttrouder Geschicht. Mat de Britte fänkt och déi modern Geschicht vu Jerusalem un: Si hunn d’Stad 1917 no 400 Joer osmanescher, also moslemescher Herrschaft iwwerholl bis 1947. Also bis direkt nom Krich, wéi vill Judde virun den Abscheilechkeete vum Weltkrich an Israel geflücht sinn. D’Vereenten Natiounen haten nämlech virgesinn, aus engem Deel vum haitegen Israel e moslemescht Land - „Palestina“ - ze maachen, an aus deem aneren de jiddesche Staat „Israel“, deen och zu 1948 zu Tel Aviv ausgeruff gouf.

Wéinst senger komplizéierter Geschicht an der Präsenz souwuel vu Judde wéi vu Moslemen, déi säit Joerhonnerten do gewunnt hunn, krut Jerusalem nämlech e spezielle Status. Deen huet awer net laang gehalen, Israel huet Usproch op Jerusalem als seng „ongedeelten“ Haaptstad erhuewen (1), an dat och iwwert d’Joere mat Kricher duerchgesat. „Ongedeelt“ heescht awer mat de moslemeschen Hellegtemer an der Alstad, an dat ass ëmmer nees op (Géige-)Gewalt vu moslemescher Säit gestouss.

Israel nennt also scho säit enger Zäit Jerusalem seng Haaptstad, ënnert anerem säi Parlament ass do. Well quasi kee Staat direkt Partei fir Israel oder Palestina ergräife wëll, ass fir déi international Gemeinschaft awer nach ëmmer Tel Aviv d’Haaptstad, dowéinst sinn do och d’Ambassade vun deene meeschte Länner. Dat erlaabt ville Staate sech als neutral diplomatesch Vermëttler an dësem Konflikt virzeschloen.

Och wann den amerikanesche Kongress scho 1995 e Gesetz gestëmmt huet fir d’Ambassade op Jerusalem ze verleeën (2), kann den amerikanesche Präsident all halleft Joer säi Veto dozou aleeën, fir dass dat net geschitt. Dat huet zënterhier all President gemaach, och den Donald Trump schonn eng Kéier. Dës Kéier awer net méi, an elo riskéiert Jerusalem eng weider bluddeg Zäit z’erliewen: Verschidde Säiten hunn zu engem risegen Opstand, enger „Intifada“ opgeruff. Déi lescht Intifada - wéinst der Al-Aqsa Moschee ausgeléist an no hir benannt - ass 2005 op en Enn komm an huet Jerusalem nees dausende Leit d’Liewe kascht. (3)

Quellen a Links:
(1) tinyurl.com/a500wjerusalem1
(2)tinyurl.com/a500wjerusalem2
(3) tinyurl.com/a500wjerusalem3

Zur Rubrik: D’lescht Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz ee vun hire Bäiträg. All Artikelen, de Politik-ABC a weider Informatiounen op a500wierder.lu an association-narin.com