SAMUEL HAMEN

Ee Gespréich mam Schrëftsteller Jeff Schinker, dee fir zwee Méint zu Berlin an enger Auteursresidenz gewunnt a geschafft huet

Zënter leschtem Joer kënnen Auteuren aus Lëtzebuerg fir ee Stipendium an d’Kënschtlerhaus „Literarisches Colloquium Berlin“, kuerz: LCB, op Berlin goen. Déi éischt Autrice war 2015 d’Nora Wagener. Dëst Joer ass de jonken Auteur Jeff Schinker fir zwee Méint an der däitscher Haaptstad. Ufank 2016 huet hie seng éischt Erzielung „Retrouvailles“ bei „Hydre Éditions“ publizéiert. Am Ament schafft hien un engem labyrinthesche Groussroman an un engem Theaterstéck, dat d’nächst Joer zesumme mat Texter vun aneren Auteuren am Kasemattentheater uropgefouert wäert ginn.

No enger Visite des lieux duerch déi impressionnant Grënnerzäitvilla um Wannsee, eng gutt hallef Stonn aus Berlin eraus, souze mir fir den Interview am Salon vum LCB, spéider an engem schmocken italienesche Café, fir d’lescht an der Bunn Richtung Zentrum. Eraus koum ee rasant Gespréich iwwert d’Schreiwen, d’Liesen an d’Liewen zu Berlin.

 

Enn Oktober wäert Däi Stipendium am LCB op een Enn goen. Wat ass Däi Resumé vun de leschten zwee Méint?

Jeff Schinker: Nieft dem Fait, datt s Du ouni Obligatioun hei wunne kanns, ass dat Flottst um Stipendium, datt s Du an engem gewësse fräie Schaffklima dra bass. Jiddwereen hei schafft a sengem Rhythmus. De Carlo Spiller, ee Schwäizer Lyriker, deen och am LCB ass, schreift zum Beispill all Dag ee Gedicht, zënter zwee Joer, an een aneren Auteur aus Ungarn huet dat elo fir säi literarescht Tagebuch iwwerholl.
An dann natierlech d’Zesummeliewe mat den anere Schrëftsteller, den Austausch doriwwer, wéi ee schreift, wien wéi eng Schreiftechnike favoriséiert.

Du hues zu Paräis studéiert, liefs elo an der Stad. Wat ass dat Besonnescht u Berlin?

Schinker: Berlin ass keng immens schéi Stad, och keng wierklech frëndlech. An awer, iergendwann huet se ee Charme entwéckelt, eng faszinant Rauheet hannert all där Granzegkeet. Ech sinn immens gären hei, och hei am LCB, d’Leit si ganz onberlineresch fein a léif. Als Stad ass Berlin vill méi disseminéiert, vill Saache sinn och schif gelaf, virun allem architektonesch. Ma wat mir wichteg ass: Hei huet ee vill Kultur, kleng knaschteg Concertssäll, dann nach déi ganz Liesungen an Theateren.

Hues Du an de leschten zwee Méint déi däitschsproocheg Literatur fir Dech entdeckt?

Schinker: Zu Paräis huet ee bal keng däitschsproocheg Librairien, a vun där ganzer Zeen hei hunn ech do hannen näischt matkritt. Mee hei am LCB gi vill Auteuren an an aus, et wunnt een nieft hinnen. Duerch dee Kontakt gëtt natierlech och dat eegent Schreiwe stimul-éiert. Ech hunn elo och een Text a véier Sprooche geschriwwen, ënnert anerem och op Däitsch. Deen hunn ech och bei enger Liesung hei am LCB virgestallt.

Wéi waren d’Reaktiounen op Dech als Lëtzebuerger Auteur?

Schinker: De Fokus bei de Leit läit ëmmer op der Méisproochegkeet. Wéi ech den Text a véier Sprooche bei där Soirée gelies hunn, waren eng Partie Leit natierlech beandrockt, datt mir sou vill Sprooche maîtriséieren. Am Ufank hat ech awer och de Status vum Exot. Dat läit dorunner, datt den LCB nach keng Traditioun huet, wat Lëtzebuerger Auteuren ugeet. Ech si jo eréischt den zweete Gaascht nom Nora Wagener.

Fills Du Dech als Botschafter vun der Lëtzebuerger Literatur?

Schinker: Ech weess net, ob ech ee Botschafter fir iergendeppes wëll sinn. Also, dat ass eng béis Fro, wéi soll ech soen.

Anescht gefrot: Bass Du houfreg dorop, als Lëtzebuerger hei ze sinn? Oder dorop, als Schrëftsteller hei ze sinn?

Schinker: Op jiddwer Fall als Schrëftsteller, also wann ech iwwerhaapt op eppes houfreg sinn, dann dorop, datt ech mech als Auteur aus Lëtzebuerg mat sou ville Sproochen debrouilléiere kann. Nationalitéite spille fir mech keng grouss Roll.

Wéi gesäit Däin Alldag hei aus?

Schinker: Ech schaffe meeschtens owes an nuets, dowéinst verrutscht mäin Dagesoflaf dacks no hannen, heiansdo gëtt et Deeg, do sinn ech sou a mengem Romanprojet dran, do schreiwen ech bis hallwer siwe moies. An da gëtt et Deeg, déi ee frustréieren. Et schreift ee stonnelaang, an et weess een, datt dat meescht schlecht ass. Wann ee Gléck huet, si Passagen dobäi, déi ee gebrauche kann. Wann ech dat da méi spéit liesen, da gëtt souzesoen d’Fett ewechgeholl. Eigentlech ass Schreiwe wéi ee Büfdeck.

Aha. A geet et ëm d’Schluechten oder d’Iessen?

Schinker: Déi zwee. Et geet ëm d’Ewechschneiden an ëm d’Genéissen. Fir mech ass déi Schreifroutine, déi ech hei am LCB hunn, eng nei Experienz, de ganzen Dag ass op d’Schreiwen an op d’Liesen ausgeriicht.

À propos Liesen: An all Roman stécht jo eng gewëssen Ideologie, eng ganz individuell Perspektiv op d’Welt, déi iwwert de Stil vum Auteur transportéiert gëtt. Du sees, Du lies hei och immens vill. Wéi verhënners Du, datt Däin eegene Stil dovunner infizéiert gëtt?

Schinker: Ech passe beim Liesen déi ganzen Zäit op, wéi ee Fuuss. Net ze liesen ass jo keng Léisung. Also et gi jo Leit, déi liese guer net, de Luc Spada zum Beispill, dat huet hien och iergendwann gesot, an dat mierkt een och. Wann ee sou eppes seet, dann huet een numol wéineg Ahnung vu Literatur. Fir mech ass et keng Optioun, net ze liesen. Ech liesen immens gären, déi ganz literaresch Bildung, déi een huet, bezitt ee gréisstendeels duerch Lecturen.

Gëtt et Lëtzebuerger Auteuren, déi Dech beaflosst hunn?

Schinker: Nach net, aus dem einfache Grond, datt ech d’Lëtzebuerger Literatur ganz spéit kennegeléiert hunn. Ech entdecken déi Auteuren eréischt zënter engem gudde Joer. Mee ech gesinn awer stilistesch oder thematesch Connectiounen, zum Beispill mam Francis Kirps sengem neie Roman „Die Klasse von 77“, deen Humor do, deen tëscht Punk an Nerd hin an hier geet. Och beim Nico Helminger, deen ech immens bewonneren, fannen ech verschidde Connectiounslinnen, mee wéi gesot: Nach kennen ech déi meescht Schrëftsteller net gutt genuch. Wann ech an Zukunft vläicht méi dacks op Lëtzebuergesch schreiwe wäert, wäerte sech déi Relatiounen hoffentlech weider verstäerken.