Brisantes aus der Parallelwelt

Die Wochenzeitung „d’Lëtzebuerger Land“ veröffentlichte gestern den Wortlaut des Gesprächs zwischen dem damaligen Geheimdienstchef Marco Mille und dessen Vorgesetzten Staatsminister Juncker aus dem Frühjahr 2008, in dem es um eine CD geht, auf der eine Unterredung zwischen dem Premier und dem Großherzog über die „Bommeleeër“-Affäre festgehalten ist. Mille hatte das Gespräch heimlich aufgezeichnet. Nachfolgend die brisantesten Aussagen:

- Mille spricht über die mögliche Herkunft der CD: „Dat kann aus dar ganzer Bommeleeër-Enquêtes-Logik do eraus kommen. Dat ka vun der Pressesäit kommen, déi jo richteg gäil drop sinn, do iergendeppes ze fannen. (...) Et kann awer och sinn, datt et eng Provokatioun ass vun dar Enquête-Groupe Bommeleeër do, well wat ech vun dar Groupe halen, dat weess du och. Et ka sinn, datt et aus dem Palais kënnt. Och dat ass eng theoretesch Méiglechkeet. Mir wëssen, dat hu mer der jo gesot, an am leschte Briefing schon, mir wësse sécher, datt den Haff sech wollt Interceptiounsmaterial zouleeën. Si hunn do ronderëm gefrot, do, wou se gefrot hunn, hu set net kritt. Wou mir wëssen. Ma vläicht hu se anerwäerts eppes kritt“ (...) „An och hei am Haus, hues du net nëmme Frënn. Dat weess du erëm besser ewéi ech. Do si lauter Leit, déi theoretesch hei a Fro kommen. An esou laang s de net den Ufank vun deem roude Fuedem do an der Hand hals, do réits de, do bass de blann“.

- Gibt es Verbindungen zwischen großherzoglichem Hof und dem englischen Geheimdienst? „Een anere Punkt, wat ech virdru nach wollt soen, mam Haff: Mir hunn och glaubwürdeg Rapporten, déi eis soen, dass den Haff an de Grand-Duc selwer Kontakt hält, ënnerhalt, stänneg mam engleschen Dingscht“.

- Juncker zu seinen Gesprächen über die „Bommeleeër“: „Wann et ëm de Bommeleeër geet, hunn ech mat kengem dramatesch Gespréicher gefouert. A kengem Gespréich iergendwou Unhaltspunkter geliwwert kritt, et kann dat oder dat sinn. Dat eenzeg wat ech hat, dat war mat dir, wéis du do deng Theorie entwéckelt hues mat deem“. Mille ergänzt die Aussagen zur Theorie: „M.: ...Stay behind-Réseau. J.: WACL, Gladio an alles. Soss hunn ech, ech hat de Procureur hei, ech hunn näischt kritt“.

- Zum Zustand des Geheimdiensts, der zwar eine lange Geschichte hat, aber, so Mille, „keng dokumentéiert Mémoire. Ech hu quasi esou eng Black Box iwwerholl. Am Archiv ass näischt. Wat mir wëssen - wëssen, wëssen. ..Mir, et schéngt... et gesäit esou aus, wéi wann den, wéi wa Leit vum Geheimdéngscht fréier beim M. (ein Spezialist für elektronische Anlagen, d. Red.) Wanzen illegal bestallt hätten a sech beschaafft hätten an och d’Police. Dat war awer - mir schwätzen do vun, bon, achtzeger Joeren...“. „Aner Informatioun, déi mer hunn, awer och um Niveau Rumeure: déi Wanz oder Wanzen, vun deene Wanzen sollen da benotzt gi sinn, fir dem deemolegen Direkter sai Bureau ofzelauschteren. Dat war déi Zäit, wéi de Charel Hoffmann mam Personal déi ganz Streidereien do hat, wou se am Fong den Hoffmann wollte kompromettéieren. Dat sinn Informatiounen, déi kréien ech haut, déi sinn esou, weess de, an de Couloiren dorëmmer.“

- Zum Umstand, dass Großherzog und Premier offensichtlich abgehört werden: Mille: „dat geet géint dech oder géint de Grand-Duc. A wann e géint de Grand-Duc geet, kann et aus x verschiddene Lagere kommen. Wann et géint dech geet, kann et aus anere Lagere kommen“. (...) „Dat kann aus denger eegener Partei kommen, dat kann aus dengem Haus kommen, dat kann alles Méigleches sinn.“

- Zur Sicherheitsmannschaft im großherzoglichen Palais. Mille: „Ma ech weess, datt do d’Polizeidirektioun dogéint war, fir déi Ëquipe do ze loossen an dar Form. Si si jo och relativ onkontrolléiert, wéi se do sinn. Et ass e Bëssen esou eng eege Privatarméi, déi ass jo net kontrolléiert, déi maache, wat se wëllen. Dofir, an do, weess de, mir kënnten ufanken s’enquêtéieren, ma dat, weess de, dat ass äusserst heikel. Dat si Polizisten an et ass de Palais. Dat ass äusserst heikel. An dann huet d’Police, dat muss ech hinne vläicht virwäerfen, si hunn esou eng, ma dat huet wuel all Verwaltung gemaach, si maachen et ëmmer nach, esou eng Politik, wann s de esou een op de Palais schécks, schécks de net däi Beschten“.

- Juncker und Mille zur politischen Spionage: „Déi sougenannte politesch Spionage, déi maache mer jo souwisou net méi. Ma déi ass awer massiv gemaach ginn an der Zäit“. Mille: „D’Kommunistesch Partei, jo an der Zäit, virun nonzeg, also am Kale Krich nach. Do ass effektiv d’Kommunistesch Partei, ma bon, do war de Geheimdéngscht, dat war seng eenzeg Clientèle, dat war d’russesch Ambassad, d’Kommunistesch Partei, am Ufank déi Gréng...“ Juncker: „Awer ouni Ursaach, fannen ech“. Mille.: „Jo, ma dann, aus heiteger Siicht, mat denger philosophescher Astellung - wat jo och meng ass ma (...) wanns de awer kucks, wéi deemools d’Leit geduet hunn, wéi eng Leit do souzen. Da bass de nees beim WACL anesouweider. (...) „Do war jo alles, wat net stramm konservativ war, war staatsgefährdent. (...) Ech hunn zu de Leit gesot, wéi ech Direkter gi sinn, si sollen emol ganz Archiver mëschten an alles erausgeheien, wat do dra wär. Mir hunn 300.000 Karteikaarten am Keller leien. Dunn hunn ech gesot: Ok., elo huelt der d’Lëscht vun all deene Leit, déi gewielte Mandatsträger sinn, a kuckt, ob déi dra sinn. A wa se dra sinn, geheit der se eraus. Alles zerstéiert, well, wéi gesot, d’Gréng Partei, och d’Kommunistesch Partei ass fir mech en net onnëtzlechen Deel vun der politescher Meinungsvielfalt.“