LUXEMBURG
CLAUDE FELTGEN

„Schülerinnen a Schüler raus aus dem Beruffstrafic! Lycéeën eng Stonn méi spéit ufänke loossen“: Esou ass d’Petitioun 911 vum Claude Feltgen iwwerschriwwen, déi säit gëschter um Chamber-Site www.chd.lu kann ënnerzeechent ginn. Wat hannert dem Auteur senge Fuerderunge stécht, erkläert hien hei. 

„D’Schoul fänkt all Dag um 8.00 un. Dat war hei zu Lëtzebuerg héchstwahrscheinlech nach ëmmer esou an huet sech dowéinst wuel an all eise Käpp esou festgebrannt, datt mer iwwer dës Auerzäit ni diskutéieren, sief dat bei enger gréisserer Schoulreform op Landesniveau oder esouguer da wann an de Schoulen den Horaire un nei Gegebenheeten ugepasst soll ginn.

Meng Petitioun, déi een ëm eng Stonn méi spéide Schoulufank an de Lycéeën zu Lëtzebuerg fuerdert, soll dobäi en éischte Schratt aus dëser festgefuerener Denkweis sinn a mëttel-fristeg dozou féieren, datt déi Jugendlech tatsächlech eng Stonn méi laang schlofen dierfen, befiert se an d’Schoul mussen. Mä wéisou sollten d’Schüler an d’Schülerinnen dann eng Stonn méi laang schlofen, a wéisou fokusséiert sech dës Petitioun just op d’Lycéeën an net all Schoul?

De Grond ass, datt sech de sougenannte Biorhythmus, also déi bannenzegt Auer, am Jugendalter ver-ännert, si verréckelt sech nämlech no hannen. Ass ee Kand am Alter vun néng Joer um 8.00 moies fit genuch, fir uerdentlech an der Schoul opzepassen an nei Saachen ze léieren, esou ass ee Jugendlechen am Alter vu 15 dee Moment nach am Gaange richteg waakreg ze ginn an ass eben net esou leeschtungsfäeg, wéi en eigentlech an der Schoul sollt sinn. Dës Verännerung vum Biorhythmus ass vu ville wëssenschaftleche Studien am Ausland empiresch bewise ginn, esou datt beispillsweis d’‚Deutsche Gesellschaft für Schlafforschung und Schlafmedizin‘, d’selwescht ewéi meng Petitioun, ee méi spéide Schoulufank fir Jugendlecher fuerdert.

Déi selwecht Studië weisen dann och, datt LycéesschülerInnen, deenen hire Schoulufank méi spéit ass, och tatsächlech an der Schoul signifikant besser ofschneiden. Eng hallef Stonn méi laang schlofen, kann d’Leeschtungsfäegkeet ëm bis zu 40% verbesseren. Ganz dovunner ofgesinn, datt SchülerInnen, déi méi laang schlofen dierfen, sech besser fillen, méi gesond sinn an och manner de Cours schwänzen.

Nieft dem Notze fir d’SchülerInnen hätt ee méi spéide Schoulufank awer och en Notze moies am Beruffstrafic. Vue datt déi Jugendlech eréischt eng Stonn méi spéit an d’Schoul mussen, bleiwe virun 8.00 méi Plazen am ëffentlechen Transport fir d’Leit, déi op hir Aarbecht mussen, wat dobäi hëllefe kann, de lëtzebuergesche Mobilitéitsproblem während dem Beruffstrafic ze léisen.

D’Wësseschaft weist ganz däitlech, datt ee méi spéide Schoul-ufank, a wann et duerno just eng hallef Stonn an net ganz Stonn ass, de Jugendlechen enorm zegutt kënnt an domadder egal wéi mëttel- a laangfristeg gesinn eis als ganz Gesellschaft. Wéisou sollte mer also weiderhin dorobber insistéieren, hinnen d’Liewe schwéier ze maachen? Et mécht kee Sënn!“