LUXEMBURG
SAMUEL HAMEN

Interviewtreffe mam Georges Hausemer a Susanne Jaspers

Fir d’Treffe mat den Auteuren an Editeure Georges Hausemer a Susanne Jaspers weist sech Lëtzebuerg vu senger ellenste Säit. Et ass Enn Juli, am Stader Himmel sti gro Wolleken, an dofir datt et Summer soll sinn, zitt e vill ze kale Wand iwwer de Glacis. Net schwéier also, ënner sou Ëmstänn iwwer e Buch ze schwätzen, dat den Ënnertitel dréit: „Die glücklichste Stadt der Welt“. Dëse Nomëtten ass ee wahrscheinlech op ville Plaze méi glécklech wéi hei an der Stad. Dann huet d’Brasserie, virun där mir eis treffen, och nach zou, a mir mussen eis op déi eidel Terrass virum Grand Théâtre setzen, fir iwwer dat neiste Buch aus der Éditioun „capybarabooks“ ze schwätzen: „Donostia/San Sebastián. Die glücklichste Stadt der Welt“.

Ass dat elo e Reesguide à la „Marco Polo“, an deem déi baskesch Stad um Atlantik als Touristenzil beschriwwe gëtt? Oder éischter e Recueil vu Reesimpressiounen? De Georges Hausemer äntwert, datt et e souwuel feuilletonistescht, journalistescht wéi och literarescht Buch wier, an d’Susanne Jaspers seet et zur Sécherheet ganz kloer: „Et ass kee klassesche Guide.“ Dat stëmmt tatsächlech – an doriwwer kann ee sech just freeën. Op de bal 200 Säite stéisst een op sou munches: Interviewe mat de Leit aus San Sebastián, flott erzielten Anekdoten ëm d’Traditioun an de Lifestyle vun den Eenheemeschen a Portraite vun de ville Kulturméiglechkeeten, déi d’Stad un der franséischer Grenz, déi op Baskesch „Donostia“ heescht, opweises huet. Dozou nach eng Kéier d’Jaspers: „Et ass éischter e Konschtbuch.“ Natierlech ginn et och eng Rëtsch Standard-Tipps fir d’Touristen, ma d’Buch bleift awer fir Reesbegeeschterter eng usprochsvoll an interessant Lecture.

D’Editeurs-Koppel fonktionéiert, dat mierkt ee séier, no engem bewäerte Muster: De Georges Hausemer schwätzt drop lass, zielt vu senge ville Reesen, déi hien zënter 1995 ënnerholl huet, vu senge Bicher, déi aus deene Reesen entstane sinn a vu senger Schaff als klengen Editeur um lëtzebuergesche Marché. An ëmmer nees ergräift d’Susanne Jaspers wéi eng Pressespriecherin d’Wuert, korrigéiert hei e bëssen a gëtt op där Plaz weider Detailer.

Datt d’Reesen an d’Ënnerwee-Sinn hinnen zwee läit, gesäit ee schonns un hirem Itineraire. Si komme fir den Interview aus engem Duerf aus der Eifel, wou si wunnen, an dono fuere si weider op Tréier. Virun zéng Deeg ware si nach zu San Sebastián, an op Facebook sti Fotoe vum Hausemer, wéi hien am Fréijoer am Kirghistan ënnerwee war. Wat ass dann hiert Doheem? Den Hausemer: „Mir hunn dräi Plazen, wou mir eng Zort vun Doheem hunn, tëscht deenen een awer e bësse variéiere kann: Lëtzebuerg, d’Eifel a San Sebastián.“ An d’Jaspers ergänzt: „Mir pendelen tëscht Doheem an Doheem.“ A wéi eng bekannt Rees-Auteuren hunn dann dem Hausemer säi Schreiwe beaflosst? „Wien ech ganz gäre liesen, ass den Hollänner Cees Nooteboom. Wien ech virun e puer Joeren entdeckt hunn, ass de polneschen Auteur Andrzej Stasiuk. Seng Reesreportage sinn immens onkonventionell.“ A mat Bezuch op d’San-Sebastián-Buch seet hien nach: „Fir mech gëtt et kee sou groussen Ënnerscheed, ob ech elo Reesreportagen oder klassesch Literatur oder Reesimpressioune schreiwen. Déi Genre gräife fir mech aneneen, ech wëll keng Trennungen dotëscht hunn.“ Iwwerzeege kann ee sech dovun nach dësen Hierscht. Da nämlech kënnt dem Georges Hausemer säi neit Buch mat Rees-Stories bei „capybarabooks“ eraus.

En Donneschdeg an zwou Wochen, de 17. September, fannt Dir op dëser Plaz eng Kritik vum Guy Rewenig sengem neie Buch „Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen“