LËTZEBUERG

„Luxemburger Adventscircus“ nach bis de 16. Dezember um Glacis

Artisten aus aller Welt kann ee nach bis nächste Sonndeg, de 16. Dezember um Glacis um Lampertsbierg bewonneren, dat am Kader vun de Virstellunge vum „Luxemburger Adventscircus“. Akrobatik, Artistique, Gestik, Mimik an un éischter Plaz Circuskonscht mat wonnerbare Clowne gi grouss geschriwwe bei dëse Virstellungen, wou niewent de Kënschtler just nach Päerd oder Hënn optrieden. Et ass keng Plaz do fir en Zirkusdirekter oder e Conferencier mat hirem onnéidesche Geschwäetz. Fir de flottenIiwwergang vun enger Nummer zur nächster suergen déi wonnerbar Clownen aus dem Zirkus mat hire gekonnten Optrëtter.

Wann Dir also e puer flott Stonne wëllt verbréngen, da kommt an den Adventscircus op de Glacis. Gespillt gëtt wéi gesot bis de 16. Dezember, an zwar en Donneschdeg, den 13. Dezember um 16.00 an um 20.00, e Freideg, de 14. Dezember um 18.00, e Samschdeg, de 15. Dezember um 16.00 an um 20.00 an e Sonndeg, de 16. Dezember um 14.30 an um 18.00. LJ