LUXEMBURG
TANIA HOFFMANN

Zu Silvester gehéiert fir vill Leit och en uerdentlecht Freedefeier. Déi éischt Knupperte wäerte schonn Deeg virdrun an am Nomëtteg lassgelooss ginn an net eréischt um Punkt Mëtternuecht, wann dat neit Joer ufänkt. Zemools der Déierewelt mécht dee ganze Kaméidi ze schafen. D’Déiereverhalensberoderin Tania Hoffmann erkläert, wéi ee sech als Besëtzer vun engem Hausdéier verhale soll.

„,Same procedure as every year…‘ - D’Thema Freedefeier ass all Joer erëm aktuell an en Thema iwwer dat een anscheinend net genuch opklären a schwätze kann. All Joer gëtt driwwer geschwat a geschriwwen, iwwer d’Reglementer opgekläert, iwwer d’Geforen informéiert, zum Respekt géintiwwer eise Matmënschen an den Déieren opgeruff. Et geschéien all Joer esou vill Akzidenter, woubäi Leit sech verletzen, oder hir Kanner, oder eng onschëlleg Persoun. Et gi Saachen a Brand gestach a beschiedegt, no wéi villen Déiere siche mer den 1. Januar erëm, well se sou onerwaart erféiert a fortgelaf sinn, wéi vill vun hinne kommen net méi heem....

Awer net nëmmen d’Hausdéieren leiden ënnert dem Geknupps, och déi verwëldert Kazen, d’Villercher an d’Wëld. Si sinn och net nëmmen dee Moment a Panik, mä kënnen och duerno nach deeg-laang traumatiséiert sinn. Fiiss a Réi zum Beispill ginn duerch d’Geknupps opgescheucht a kënnen a Panik flucht-aarteg fortlafen. Dëst Verhale kann och zu Akzidenter féieren.

Et ginn Hausdéieren, déi e Freedefeier net beandrockt, anerer leiden, well eis Muppen a Kazen e ganz empfindlecht an héich entwéckelt Gehéier hunn. Wat kënnt Dir maachen, fir Ärem Hausdéier dës Stonne sou angenehm wéi méiglech ze maachen? Fir Muppe gëllt, sou fréi wéi méiglech owes nach eng Kéier laang spadséiere goen, gutt uge-stréckt - am Beschten duebel geséchert - sou datt se sech op kee Fall lassrappe kënnen, wa schonn éischter e Knuppert sollt lassgelooss ginn. Fräigängerkazen eranhuelen an och net erausloossen, ier d’Geknupps eriwwer ass. Am Haus de Fernseh oder Musek umaachen, fir d’Geräischkuliss vun dobaussen ze dämmen. D’Fënsteren an d’Dieren zou- an d’Rolllueden erofmaachen. D’Déieren net eleng doheem loossen. Wa se net ze vill gestresst sinn, gitt hinnen eppes ze knabberen, da si se ofgelenkt a beschäftegt. Wann Dir Gäscht doheem hutt, passt op, datt keen ouni ze kucken erausgeet a vergësst d’Dier zouzemaachen. Mir si fir eis Déiere verantwortlech.

Da ginn et Hëllefsmëttel, wéi zum Beispill Adaptil fir Muppen a Feliway fir d’Kazen, déi kritt een am Zerstäuber fir an d’Steckdous an och als Pëllen. Ganz wichteg, op kee Fall Calmivet, Vetranquil, Sedalin, Prequillan oder e Medikament mam Wierkstoff Acepromazin! Dëse Wierkstoff lähmt d’Motorik vum Déier, et ka sech net beweegen, ass awer ënnerlech bei vollem Verstand, kritt alles mat, a ka sech géint d’Panik net wieren.

Och dëst Joer hunn erëm vill déierefrëndlech Gemengen am Land Matdee-lunge verschéckt, an deene se d’Bierger informéieren, datt entweder nëmmen zu begrenzten Zäite Knupperte lassgelooss dierfe ginn oder datt et ganz verbueden ass. Awer halen d’Leit sech och wierklech drun?

Als Déierefrëndin a Muppemamm sinn ech natierlech dofir, datt eng eenheetlech Riichtlinn geholl gëtt. Eisen Déieren zuléift wier et fir jiddereen e gudde Kompromëss, datt just dierft den 31. Dezember vun 23.50 bis den 1. Januar 0.15 geknuppt ginn an dëst net méi matten a Wunngebidder, mä mat verstännegem Ofstand zum nächste Wunnhaus, an zum Beispiell op fräie Wisen oder Parkingen. A wann et op Plaze verbueden ass, da soll och kontrolléiert ginn a mat Konsequenzen ze rechne sinn. Nëmmen esou gi Verbueder och agehalen!

Ausserdeem gëtt et ewell Feierwierkskierper ouni Geknupps an ouni Kaméidi. Firwat dann net déi benotzen? Geet et ëm d’Geknupps oder ëm déi schéi Liichteffekter um Himmel? An dann dee ganze Knascht, deen hannerlooss gëtt? An all déi Suen, déi jidd Silvester an der Loft verpolvert ginn, ouni un d’Folgen ze denken a wat ee soss Wäertvolles domat hätt kéinten ufänken.“