LËTZEBUERGSAMUEL HAMEN

Virgëschter huet d’Editiounshaus Kremart nei Publikatiounen aus hirer „Smart“-Série virgestallt

Op den éischte Bléck ass den Aqua-Tower zu Bäerdref als Plaz fir eng Buchvirstellung ee nawell gelungene Choix. Ma genee dohinner huet dëse Mëttwoch d’Editiounshaus Kremart agelueden, fir déi véier neiste Publikatiounen aus der „Smart“-Série ze presentéieren. Eng 50 Leit hunn dunn och de Wee bis an de fofzéngte Stack vum  Waassertuerm fonnt, fir d’Auteure Luc Belling, Tullio Forgiarini, Karin Goedert an Nico Helminger ze gesinn an ze héieren.

Ier et mat de Lecturë lass geet, steet ee kuerz wéi bestallt a net ofgeholl am schicke Panoroma-Donut a stuerkt op déi paisibel 360°-Landschaft. Déi éischt Coupe Crémant knuppt da ganz gutt eran, an dono mierkt ee séier: Sou schlecht ass déi Location eigentlech net. Mol eng Kéier kee ranzege Café an der Stad, mol eng Kéier kee Kulturhaus mat ongemittleche Still. An de Crémant schmaacht och gutt. (Eppes anescht ka sech een Editeur mam Numm Kremart och net wierklech erlaben.)

Als éischten Auteur presentéiert de Luc Belling säi Bichelchen „An elo mol ... op Lloret!“. Wéi e liicht genéierte Rugbyspiller am Paltong steet hien do, an a senge risegen Hänn gesäit de 14. Band aus der „Smart“-Série aus wéi eng butzeg Bancomatskaart vu Raiffeisen. A sengem lëtzebuergeschen Text geet et ëm d’Gedankewelt vum Primaner Sam. Et ass rieds vum Papp, dee bei „facebook“ alles wéi ee Mëlle liken muss , vun der Frëndin, déi hie bei den Aqua-Gym matschleefe wëll a vun der Fro, wéi een dann elo deen Ziips mat der eegener Zukunft am beschten ugeet.

Dann, nom Applaus an der zweeter Kippchen, ass „De Ritter an der Kartongsrüstung“ vum Tullio Forgiarini drun. A senger kuerzer Intro erkläert de Forgiarini, datt vill Kannerbicher him ze zockerséiss wieren, a seng Story ass an deem Sënn als eng batterséiss Reaktioun dorops ze verstoen. Aus der Geschicht vum Kewen, dee säi Mupp zum Päerd deklaréiert an als Ritter op d’Rees geet, liest hien zesumme mam Lycée-Schüler Hermann Fuchs, deen immens flott Illustratioune bäigesteiert huet.

Debut vum Karin Goedert

Mam 16. Band aus der „Smart“-Série, „Maacht mer keen Ouer!“ vum Karin Goedert, gëtt den ëmmer méi beléifte Genre vun der Enseignantsliteratur weider opgestockt. An hirem Debut verzielt d’Autrice vun der Geckegkeet an eise Schoulen, ënnert anerem vu Schüler wéi dem „Toni Téinert“ a vu pädagogesch wäertvolle Gesiichtsausdréck. Während der lieweger Performance vun der Goedert fäerten ech kuerz, datt de Roland Meyer mat sengem Buch „Zikelalarm“ aus dem Lift gespronge kënnt an datt déi zwee mat hirem Joffer- a Schoulmeeschtergepoters ee Cabaret grënnen.

Mee schonns ass de leschten Auteur vum Owend un der Rei. De Nico Helminger huet säi Bichelchen „Flakka“ lässeg an der Täsch vum Hiem stieche wéi Fëmmerten hir Zigaretten. Seng Liesung op Lëtzebuergesch dauert dann och just sou laang wéi eng Fëmmpaus. Vun der Geschicht selwer kritt ee wéineg mat. Et geet ëm een Tipp, dee vun engem Flic befrot gëtt an ëm Krunnemécken an engem Café mam Numm „Trash“. Ma den typeschen Helminger-Sound ass direkt do: e séieren, sproochlech ruppege film-noir-Stil viru Minette-Kuliss. Wat wëll ee méi?

À propos Kuliss: Pünktlech zum Ofschloss suckelt sech den Himmel voll mat engem fierchterlech kitschege Sonnenënnergang. Ier ech ufänken, mam Smartphone schlecht beliichte Fotoen dovun ze maachen, klammen ech mat de véier „Smart“-Publikatiounen, déi een als Cadeau krut, séier an de Lift. Deen ass beim Eroffueren esou lues, datt ech bal ee ganzt Bichelchen duerchgelies kréien. Ma genee fir sou Amenter ass dës flott Rei jo geduecht.


kremart.lu