LUXEMBURG
SUSANNA VAN TONDER

Net all Behënnerung ass esou offensichtlech, wéi bei engem Rollstullfuerer. An awer di sech vill Leit domat schwéier, aner, manner visibel Behënnerungen d’selwecht wéi dës ze behandelen. D’Susanna van Tonder, Comitésmember bei Multiple Sclérose Lëtzebuerg (MSL) a shift.ms champion fir Lëtzebuerg, erkläert d’Hannergrënn:

„Onsiichtbar Behënnerunge sinn déi Zorte vu Behënnerungen, déi engem net onbedéngt unzegesi sinn. Dat kann alles wat eise Nervesystem beréiert betreffen, ewéi d’Héiere, d’Gesinn, Fillen, oder eng chronesch Krankheet sinn, déi dës Symptomer verursaacht. Leider kënnt déi onsiichtbar Behënnerung bei de betraffe Mënsche sielen zur Sprooch. Dëst huet seng Grënn: Leider ginn déi meescht Leit mat Behënnerung net onbedéngt d’selwecht gutt behandelt, wéi déi ouni – oder ginn als manner capabel ageschat am Beruffsliewen. Dat läit um soziale Stigma – an erkläert, wéisou sech nach laang net jidderee mat enger onsiichtbarer Behënnerung traut, dëst ëffentlech matzedeelen. An a Fäll, wou déi betraffe Persoune erklären, datt se eng Behënnerung hunn, gëtt hinne villäicht net gegleeft oder si gi mat Viruerdeeler konfrontéiert. Datt ‚Du bass behënnert‘ als eng Beleidegung verwennt gëtt, seet do am Fong schonn alles aus. Dat ass fir all Bedeelegt definitiv eng Schwieregkeet, eng onnéideg Sozialbarrière.

E ganz einfacht Beispill, dat d’Komplexitéit vum Problem weist, sinn d’Toiletten. Et fënnt een zwar op ville Plazen Toilette fir Mënsche mat Behënnerungen, mee dës si mam bekannten Zeeche mam Rollstull gekennzeechent. Kee Wonner, dat éischt Bild, wat engem an de Kapp kënnt, wann een d’Wuert ‚Handicap‘ héiert, ass ebe genau dëst. Mee dat ass einfach net representativ! Mir wëssen haut, datt och jonk Mënschen, déi net onbedéngt ausgesinn, wéi wa se en Handicap hätten, affektéiert kënne sinn. Wéi d’Ëmfeld reagéiert, kann d’Situatioun nach méi schwiereg gestalten. Op anere Plaze ginn dem Rollstullfuerer um Schëld dann nach zwou ‚normal‘ Persounen un d’Säit gestallt, fir an dëser Hisiicht méi inklusiv ze sinn. D’Leit fäerten dann och manner, dës Toiletten ze benotzen, well een net mengt, se nëmme mat Rollstull oder anescht siichtbarer Behënnerung dierfen an Usproch ze huelen – ouni komesch ugekuckt ze ginn.

Déi negativ Reaktioune komme gréisstendeels vu gesonde Leit. Dës Reaktiounen hunn dobäi näischt mat Muttwëll, mee éischter mat Onwëssenheet ze dinn. Déi Jonk mat enger onsiichtbarer Behënnerung passen einfach net an de Stereotyp, dee vum Rollstullfuerer verkierpert gëtt. Mat Opklärung kann een dëse Problem awer duerchaus aus der Welt schafen. Do muss ee kloer maachen, datt net all Persoun mat enger Behënnerung liicht ze erkennen ass. Behënnerunge kënnen immens villfälteg ausgesinn. Dofir musse mer e Verständnes opbauen. Well am Allgemengen huet de Mënsch d’Tendenz, mat Onverständnis ze reagéieren op dat, wat en net kennt – et vergësst een awer oft déi Perspektiv, datt eng Persoun net onbedéngt déi Chance huet, ouni Handicap ze liewen.“