LETZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: Iwwer Währungsfroen an aner Saachen

D’Eurogrupp war déi lescht Deeg vill an den Noriichten, nodeems een neie President gewielt gouf - de Portugis Mário Centeno. Mee wat mécht d’Eurogrupp a wéi eng Roll huet si an der EU? Dat wëlle mir iech méi genau erklären.

D’Eurogrupp ass een informelle Gremium, wou d’Finanzminister aus allen Euro-Memberstate vertruede sinn. De President vun der Eurogrupp (deen och e Minister vun engem Land muss sinn), de Vize-President vun der Europäescher Kommissioun, deen als Ressort Wirtschaft, Finanzen an den Euro huet, an och de President vun der Europäescher Zentralbank sinn an de Sëtzungen dobäi. Jee nom Sujet ginn och den Direkter vum Europäesche Stabilitéitsmechanissem an den IWF invitéiert.

Et gëtt beroden iwwert d’Froen, déi mat der gemeinsamer Währung, dem „Euro“, ze dinn hunn. D’Minister mussen d’Wirtschaftspolitike vun den Euro-State koordinéieren, fir de Wuesstem vun der Ekonomie an d’Stabilitéit vum Euro ze sécheren. D’Gespréichsthemen hu meeschtens mat der Steier-, Währungs-, a mat der Strukturpolitik ze dinn. Well all déi Froen Auswierkungen op all Euro-Länner hunn, sichen d’Minister no Léisungen, déi fir jidder Land an der Rei sinn.

Éischt Treffen zu Lëtzebuerg

D’Eurogrupp kënnt normalerweis eemol de Mount zesummen - meeschtens um Virowend vum Rot vun der Europäescher Union fir Ekonomie a Finanzen. An deene Sëtzunge gëtt haaptsächlech iwwer d’ekonomesch Perspektive vum Euro-Territoire, d’Haushaltspolitik vun den Euro-Staten, Finanzstabilitéit an och heiansdo iwwert d’Vergréisserung vum Euroterritoire geschwat. An de leschte Jore war den Eurogrupp méi oft an den Noriichten, well hei och d’Decisioune getraff ginn iwwert déi finanziell Hëllefe fir Länner an enger Wirtschaftskris.

D’Prioritéite fir d’zweet d’Halschent vum Joer 2017 si Strukturreforme fir eng Verbesserung vun den Aarbechtsaussiichten an d’Wirtschaft ze stäerken, souwéi weider Mesurë fir d’Bankenunioun ze vervollstännegen. Zudeem sollen d’Euro-Staten och hir Finanzen an den Haushalt am A behalen.[1] Ee fir Lëtzebuerg interessante Fakt ass, dass dat éischt Treffe vun de Finanzminister vun den Euro-Staten de 4. Juni am Sennenger Schlass zu Lëtzebuerg war.

Dëse Weekend war den Eurogrupp awer an den Noriichten, net wéinst senge Diskussiounen, mee wéinst enger Personalie. Et ass nämlech dorëms gaangen, fir en neien Eurogrupp-President ze fannen. D’Wal ass um Schluss op de portugisesche Finanzminister Mário Centeno gefall. Hien huet den nidderlännesche Finanzminister Jeroen Dijsselbloem ofgeléist. Eigentlech sollt den aktuelle President bis 2018 bleiwen, mee wéinst de schlechte Resultater vu senger Partei an Holland, wäert hie seng Platz als Finanzminister verléiren. Den neie President Centeno wäert den 13. Januar 2018 de Virsëtz an der Eurogrupp iwwerhuelen.[2]

De Mário Centeno huet et gepackt, a Portugal de Budgetsdefizit vu 7,2 op 1,4 Prozent ze senken. Och déi portugisesch Wirtschaft wiisst wahrscheinlech mat 2,5 Prozent. Bei ville Leit kënnt dës Wal dann als Zeechen dofir un, dass d’Kris iwwerwonnen ass an och e Land, wat schwéier ekonomesch Problemer hat, erëm an der EU mat vir bäi ass. Nieft enger méiglecher Reform vum Euroraum erwaart de Centeno och d’Fortsetzung vun der ekonomescher Kris a Griichenland. Nächst Joer am August leeft den drëtten a leschte Griicheland-Rettungspaquet aus, da soll d’Land sech erëm selwer kënne finanzéieren. [3] Hei huet de Centeno de Rotschlo, dass Griicheland dem Beispill vu Portugal nogeet a sech net op e Scholdenerlass verléisst

Zur Rubrik: D’lescht Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz e e Bäitrag. All Artikelen, Sourcen a weider Informatiounen um Site a500wierder.lu an association-narin.com