LËTZEBUERG
CLK

Wéi mécht ee Kräizwuerträtselen op Lëtzebuergesch? - De Jérôme Lulling erkläert

Säit engem Mount elo bréngt nieft RTL och de „Lëtzebuerger Journal“ als éischt Zeitung dem Jérôme Lulling seng Kräizwuerträtselen. Ouni vill Virbereedungsaarbecht wären déi net méiglech.

Mir hunn de Lëtzebuergesch-Expert an -Enseignant, dee bekannt ass als Entwéckler vum éischte Lëtzebuergesch-Korrekturprogramm (Spellchecker Cortina, 2001) an Auteur vu ville Léier-Supporte fir d’Lëtzebuergescht (Luxdico, LuxDVD, Verbentabellen) , gefrot, wéi hien esou Rätselen opbaut.

Jérôme Lulling, wéi ass d’Iddi komm, fir Kräizwuerträtselen op Lëtzebuergesch ze maachen?

Jérôme Lulling D’Iddi war scho méi laang do, mä ech hunn ni Partner fonnt, déi mat mir op de Wee goe wollten. Et wor eigentlech e Gespréich mam Tom Weber, dem „Digital Director“ bei RTL Lëtzebuerg an dem RTL.lu-Chefredakter Luc Marteling, dat Saach ufanks 2016 konkret un d’Rulle bruecht huet.

Wat brauch een dann, fir esou Rätselen opzebauen?

Lulling Fir d‘éischt emol eng substantiell Datebank vu Froen an Äntwerten.

Wat déi Datebank méi grouss ass, wat d’Rätsele méi komplett an ofwiesslungsräich ginn. Ech hunn am Januar 2016 ugefaang, déi Datebank ze fidderen, se huet elo méi wéi 15.000 Froen a se gëtt nach all Woch méi grouss.

Da brauch een och eng Software fir sougenannte „Schwedenrätsel“ aus där Datebank ze generéieren. Mir hunn déi Form vu Rätsel gewielt, well déi bei ons zu Lëtzebuerg einfach am beléiftste sinn.

Ech hunn am Ufank e puer gratis „Rätsel-Generatoren“ getest, mä schlussendlech konnte mer eng däitsch Firma gewannen, déi sou Rätsele professionell mécht.
Wou huelt Dir dann d’Inspiratioun hier, fir d’Datebank ze komplettéieren?

Lulling D’Quelle sinn ënnerschiddlech. Ech benotzen déi Lëtzebuerger Versioun vum Wikipedia immens vill, déi elo schonns zimlech impressionant ass.

An der Datebank stinn och vill Synonymmer a Verbenconjugaisounen. An Ofkierzungen. Dat ass eigentlech de Mastic, deen dat ganzt Gitter zesummenhält, well et brauch ee fir dat Rätsel-Format wéi een et op RTL.lu an am „Journal“ fënnt, vill Opléisunge mat zwee oder dräi Buschtawen.

Ech muss mech natierlech ëmmer och froe wat ass grad aktuell, wat ass populär a relevant fir de Rätselen en aktuellen Touch kënnen ze ginn. D’Noriichte sinn also eng permanent Inspiratiounsquell.

Vill Aarbecht also hannendrun. Lount sech dat fir Iech?

Lulling Ech hu mer ni erwaart, domat Millionär ze ginn (laacht). Mäin Uleies war ëmmer nei Méiglechkeeten ze fannen, fir de Leit d’Lëtzebuergescht méi nozebréngen a se och fir d’Rechtschreiwung vun der Sprooch z’interesséieren.

Ech denken, datt Kräizwuerträtsel e gutt Mëttel dofir sinn, well do och eng spilleresch a kompetitiv Dimensioun dran ass. Ech benotze se iwwregens och a menge Coursen, déi ech zënter 2006 als vollzäit-agestallten Enseignant fir d’Gemeng Lëtzebuerg däerf halen.

Méi Informatiounen iwwer dem Här Lulling seng Produite fir Lëtzebuergesch ze léieren, fannt Der op www.Bonjour.lu