LËTZEBUERG
SAMUEL HAMEN

Dem Jean Back säi Prosabuch „Zalto mortale“ ass déi éischt Publikatioun aus der neier Kremart-Rei „Kanephora“

Nom Erzielband „Wéi Dag an Nuecht“ vun 2012 an der Erzielung „Karamell“ vun 2014 leet de Jean Back elo bei den Editions Kremart säin neit Wierk op Lëtzebuergesch vir: „Zalto mortale“. Op bësse méi wéi honnert Säite presentéiert eis den Auteur dräi Monologen, an deenen sech d’Figuren duerch nawell onkonventionell Settinge bewegen. Wéi dem Nora Wagener hire rezente Recueil „E. Galaxien“ fixéiert och de Back d’exzentresch Biographië vun den insgesamt dräi Protagonisten. A wéi de Guy Rewenig sech an „Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen“ (2015) bewosst op de Verziel-Genre vum Dialog beschränkt, sou gëtt et an „Zalto mortale“ nëmme monologesch Kommunikatiounen. Genuch Vergläichsmomenter also, fir dem 63-järege Back säin ambitionéierte Schreifprojet ze bewäerten.

Am éischte Monolog mam Titel „Gaalgotha“ léiere mir een onglécklech verléiften Epicier kennen, dee säi Liewe rekapituléiert a virhuet, sech ëmzebréngen. Dobäi geet et dem Jean Back net duer, datt sech seng Figur op dem Gaalgebierg einfach just erhänke wëll – nee, de verbatterten Epicier ass am Backschen Absurdiversum ouni Äerm op d’Welt komm. Nodeems hie sech d’Seel ëm den Hals gebonn huet, geheit hien d’Protheese fort a schwätzt seng lescht Wierder. A wann hie sech am leschten Ament ëmentscheede géif? Domm gaang – bei „Zalto mortale“ gëtt net fair a realistesch verzielt, ma mat grousser Loscht méiglechst gelungen a schif.

Am zweete Monolog, „Turitaxi“, begleede mir dann een Déierepräparator, dee sech selwer „Pelzstrëppert“ nennt, op Monaco an d’Vakanz. Hie begéint enger jonker Fra, déi aus Libyen iwwer d’Mëttelmier geflücht ass an elo fir de monegasseschen Orchester als Cellistin virspille wëll. Déi ongläich Koppel spadséiert natierlech net laanscht d’Mier, wéi sech dat fir eng Standard-Schnulz gehéiere géif. Amplaz trëppelen si duerch een Aquarium, laanscht d’Rëpper vun engem siwwenzeg Meter laange Walfësch. Wann ee mat dësen abstruse Figuren duerch hir Welt leeft, mierkt een no a no: De bewosste Broch mat deem, wat de Lieser sech erwaart, ass bei „Zalto mortale“ ästhetesche Programm. Fir den drëtte Monolog mam Titel „Am Odela“ geet et wuel duer, just e puer Stéchwierder falen ze loossen, fir de virwëtzege Lieser ze lackelen: een hallefverbrannte Camionssëtz, een Hummer mam Numm Luis, een Trabi an eng Sandlawin.

Dem Jean Back seng stilistesch exzeptionell Monologe sinn aktuell dat Bescht a Gelongenst, wat et u Literatur op Lëtzebuergesch gëtt. Et kann een se eng zweeten, drëtten a véierte Kéier liesen, och dann nach, wann een d’Geschichte scho kennt. Si zéien hire Wäert nämlech net doraus, eis just z’informéieren an duerch Spannung un d’Säit ze kniewelen. Virun allem déi gewoten an zugläich ëmmer prezis Sprooch ass e grousse Genoss. E Beispill: „D’Fräiheet ass am Summer am beschten ze spieren. Et hëlt ee s’an de Stroossen an Uecht, mëttes, wann d’Hëtzt all Geräisch diebelt, wann de Kapp ausernee wëll baschten, dann ass ee fräi, richteg fräi an d’Haut spaant sech ewéi e Präbbeli iwwert d’Schanken. (...) Da fladdert een duerch d’gliddeg Britt, eleng, eleng, laang, fräi, fräi, e schwaarze Punkt am helle Riddo, (...) flitt een iwwert eidel Trottoiren, déi an der Glous brucken.“ Wat fir eng Konscht, datt een elo, matzen am batterkalen Dezember, bal kierperlech spiert, wéi sech d’Hëtzt am Héichsummer ufillt!

No der Low-Budget-Rei „Smart Kremart“ mat Bichelcher fir 3 Euro weist eis dat jonkt Editiounshaus mat dem éischte Buch aus der „Kanephora“-Bibliothéik, wat se um aneren Enn vun der Buchskala wëlles, respektiv drop hunn. Am och bibliophil impressionante Buch versammelt de Back dräi Monologen, an deenen sech eng fulminant Sprooch, wéi se soss nach de Guy Rewenig oder de Nico Helminger maîtriséiert, zesummefënnt mat engem immens skurrilen, ni platten an ëmmer déifgrënnege Bléck fir Detailer a Situatiounen.

En Donneschden an zwou Wochen, den 23. Dezember 2015, fannt Dir op dëser Plaz eng Kritik iwwer d’Anthologie vun de Walfer Bicherdeeg 2015.