LËTZEBUERG
SAMUEL HAMEN

Beim RTL-Format „Artbox” gi Kënschtler aus Lëtzebuerg während engem Dag duerch hirt Liewe respektiv bei hirer Schaff begleet. An den insgesamt 67 Emissioune sinn och eng sëllech lëtzebuergesch Auteuren dobäi gewiescht, beispillsweis de Lambert Schlechter, d’Nathalie Ronvaux, den Ian de Toffoli oder de Luc Spada. Wien also schonns ëmmer wësse wollt, wéi Schrëftsteller sech an hirem natierlechen Habitat behuelen, dee ka bei „Artbox” sou munches léieren.

E bëssen, awer wierklech just e bëssen, fillt ee sech beim Kucken un d’MTV-Série „Cribs” erënnert. Do hu viru Joere méi oder manner bekannte Musiker houfreg hier Haiser der Kamera presentéiert an dem Zuschauer gewisen, wéi bonzeg si liewen. De Robbie Williams huet sech mat sengem Pool gebretzt, d’Maria Carey mat hirer gëlleger Bidden an de Snoop Dogg mat sengem Privatkino.

Bei „Artbox” geet et wéineger ëm d’Gréisst vun der Piscine, wéi ëm d’Längt vun de Bicherregaler. Do gewënnt ouni grouss Konkurrenz de Lyriker Lambert Schlechter, deen an senger „Artbox“ an enger Mëschung aus Bilbo Beutlin aus „Der Herr der Ringe” a verrécktem Professer rondrëmleeft a seng Sammlung vu knapps 30.000 Bicher presentéiert. Dem Schlechter säin Haus a seng Bibliothéik si leider am Abrëll gréisstendeels duerch e Feier zerstéiert ginn. De Portrait vun dëser impressionanter Symbios tëscht dem Auteur a sengem Baueren- a Bicherhaus zu Eschweiler ass, wéi all Emissioun vun „Artbox“, online accessibel.

Beim Kucken erféiert een awer heiansdo och doriwwer, wéi wéineg informativ dat alles ass. Doriwwer, wéi vill Krämpes d’Auteuren hunn, dem Kameramännchen eppes Spannendes ze verzielen. De 50 Cent huet wéinstens bei MTV seng fënnef Limousine gewisen – de jonke Schrëftsteller an Editeur Ian De Toffoli weist eis fënnef Kéip mat Bicher, déi hie nach liese wëll. An dono presst hien engem Kolleg an dem Kameramännche frëschen Orangejus. An den 30-järege Luc Spada? Deen ass an engem Copyshop zu Berlin ukomm, a mir kucken him dräi Minutte laang no, wéi hien un engem urale PC fréckelt an e Manuskript ausdréckt. Aha, denkt ee sech a sou Amenter, dat maachen also all déi kreativ Leit zu Berlin. Beim Nathalie Ronvaux kréie mir an der Tëschenzäit eng immens elle Vue vum Balcon gewisen, ier hatt e Rouleau bloen Toilettepabeier aus enger Tiitchen erauszitt an de franséischsproochegen Text virliest, deen hatt drop geschriwwen huet.

Wat sollen d’Auteuren der hongereger Kamera och weisen? D’Schaff vum Schrëftsteller ass numol vu bausse gesinn zimlech monoton. D‘Auteure liese vill, denken no, kritzelen un de Rand vun de Blieder. Beschtefalls schreiwe se iergendwann een oder zwee gutt Sätz pro Stonn oder Dag. Fir e Bild aus dem Copy-Shop opzegräifen: Eng Kopiesmaschinn kann een och eng hallef Stonn dobäi filmen, wéi si Pabeier erausspäizt. Spannend ass dat net, ebe well ee net an d’Maschinn erakucke kann. Wéi e prägnante Resumé vu senger eegener „Artbox” kléngt dann och dem Luc Spada säi Saz: „Et gëtt eigentlech näischt méi Langweileges, wéi enger Kopiesmaschinn beim Drécken nozekucken.”

Beim 50 Cent ass iwwregens nodréiglech opgeflunn, datt hien déi dichteg Autoe just gelount hat, fir sech bretzen ze kënnen. Vläicht wier dat jo och eng Iddi fir zukünfteg Portraiten: Mat engem S7 virun enger friemer Villa parken, beim Erausklammen sou maachen, wéi wann e grad vum Editeur kéim a sech mat de Sue vum neie Buch elo een A8 kafe wäert a spéider da seng Bibliothéik presentéieren, déi aus engem gëllegen iPad mat Brillante besteet.