SAMUEL HAMEN

Oder: De Versuch, eng Debatt ze lancéieren

Mat dësem Bäitrag geet d’Literaturkolumne „Vun alle Säiten“ an dat zweet Joer. A wat läit bei sou engem butzegen Anniversaire méi no, wéi dem Lieser a sech selwer e klengen, versalzene Kuch dohinzestellen? An dësem Fall heescht dat: eng Rëtsch Gedanken iwwert d’Lag vun der Literaturzeen hei am Land, garnéiert mat zwee Beispiller.

Als éischt Beispill ee ganz rezente Constat: Nodeems am Nomëtte vum 25. Mee de Jean Portante als Laureat vum wichtegste Literaturpräis, dem „Prix Servais“, annoncéiert gouf, huet een dës Noriicht eng Stonn dono op den Online-Portale vun den Zeitunge mat der Lupp misse sichen. Um Haaptsite vun rtl.lu war d’Noriicht ëmmerhin nach op Plaz siwe vun den Artikel-Teaseren. Op wort.lu huet ee ganzer 11 Artikel-Teasere missen erofscrollen, fir bis bei d’Meldung vum „Prix Servais“ ze kommen. An an hirer Fazitrubrik „Das war der Tag“ daucht de Jean Portante dann iwwerhaapt net méi op. Dës traureg Statistik gëtt awer nach méi uerg: Op tageblatt.lu waren 31 Artikel-Teasere virun den „Prix Servais“ gesat ginn. Méi wichteg war ënnert anerem d’Noriicht, datt sech zu Florenz een Äerdlach opgedoen an eng drësseg Autoe verschléckt huet.

Wie kuckt sech bei Google scho méi wéi déi éischt fënnef Resultater un? A wie vun eis ass jeemools op déi véiert Säit gaangen? Ma iergendwou dohi gouf de Jean Portante mat sengem schicke roude Schal ausgelagert. Manner spannend huet de Webmaster vun tageblatt.lu just nach fonnt: „Mallorca macht mobil gegen Saufgelage“ an eng Déierefoto mam Titel „Wie viele Erdmännchen sind zu sehen?“

Nach eng séier Kloerstellung dotëscht: Ech sinn net der Meenung, datt Literatur dat Wichtegst op der Welt ass, a mir brauchen och keng Schlagzeilen iwwert all nei Publikatioun an all Auteursinterview. Mat Bicher alleng léisst sech keng Gesellschaft veränneren oder erzéien, jo, de permanenten Effet och vun där beschter Literatur gëtt vläicht éischter iwwer- wéi ënnerschat. An awer: Literatur spillt wéi all Konscht eng dezisiv Roll an der Formatioun an Iwwerpréiwung vun engem kulturelle Selbst- a Fremdverständnis. A just an deem Beräich lappt eis Literaturzeen zimlech.

Keng fatzeg Debatten

Zweet Beispill dofir: An Däitschland huet 2015 de Lyriker Jan Wagner fir säi Recueil „Regentonnenvariationen“ ee vun de wichtegste Literatur-präisser gewonnen. Dëse Choix huet an den däitsche Feuilletons eng fatzeg Debatt iwwert d’Valorisatioun vu Gedichter declenchéiert. Et goung ëm de Stellewäert vu Lyrik an dorëms, wéi wichteg et ass, Gedichter an Zäite vum Romanhype net zënnerschätzen. An hei am Land? Am Oktober krut de Florent Toniello fir säi Gedichtband „Flo[t]s“ de Präis vum „Concours littéraire national“ zougesprach; den „Prix d’encouragement de la Fondation Servais“ goung am Kader vum „Prix Servais“ och un ee franséischsproochege Lyriker, un de jonke Luc van der Bossche. Ass iergendwou iergendeppes iwwert dës opfälleg Tendenz geschriwwe ginn?

De Problem ass net onbedéngt, datt ze wéineg Leit ze wéineg Energie an de „Literatursecteur“ investéieren. Et gëtt vu villem genuch: immens fläisseg Editeuren; immens staark Auteure wéi d’Anise Koltz, d’Claudine Muno oder de Nico Helminger; immens engagéiert Kulturredakteure wéi d’Nathalie Bender oder de Jérôme Jaminet; immens idealistesch Kulturakteure wéi de Serge Basso de March oder de Claude D. Conter. De Problem ass vill méi basal: Et gëtt zu Lëtzebuerg keng literaresch Ëffentlechkeet. Kee Resonanzraum, an deem sech verschidden, gären och antagonistesch Stëmmen treffe kéinte fir ze streiden an ze poteren, sech ze luewen an ze mobben, iwwerteneen ze lästeren an ze laachen. Et feelt einfach un enger integraler kommunikativer Situatioun, an där Auteuren, Editeuren, Lieser a Kritiker dauerhaft a produktiv zesummefanne kéinten, fir iwwert hire Géigestand, d’Literatur, ze debattéieren.

Ee schappegen Organismus

Amplaz dovun hu mir hei verschidde Mini-Milieuën, an deenen déi puer Literaturfanatiker, déi mir hunn, ronderëmkniwwelen a mat vill Idealismus hirer Loscht, dem Schreiwen an dem Liesen, fröhnen. Eis Literaturzeen gläicht an deem Sënn engem labille Kreeslaf, mat den üblechen Organer vum CNL iwwert Literaturbäilage bis hin zu den Editiounshaiser. All puer Joer gëtt him jonkt Blutt a Form vun neien Auteuren oder Initiativen injizéiert.

Regelméisseg wibbelt och de klenge Fanger oder kriwwelt d’Ouer, da gouf eng nei Liesreih lancéiert oder ee bekannten Auteur aus dem Ausland agelueden. Mee iergendeppes Energetesches a Vitales feelt dësem Organismus. Richteg „Feier a Flam“ war e jiddwerfalls nach ni, jo, et muss een ëmmer op e Neits oppassen, datt en net komplett kollabéiert. A grouss Spréng mécht ee mat sou enger schappeger Konstitutioun schonns guer net. Dir kënnt dann och roden, wéi d’Reaktioun op dësen Artikel ausfale wäert. Ouni Resonanzraum keen Echo, kee Wuert, keng Akustik. „Wie man in den Wald hineinruft, so schallt es heraus“ - dat Spréchwuert gëlt net fir d’Literatur aus Lëtzebuerg. Et bläert a jéimert a pöbelt een an eise Bëschelchen eran, ma ausser desillusiounéierten Auteuren, demotivéierte Kritiker an desorientéierte Lieser luusst näischt tëscht de Beem erduerch.    

Haut an zwou Wochen, de 16. Juni, fannt Dir een Iwwerbléck iwwert d’Literaturblogs vu verschiddenen Auteuren.