LËTZEBUERG
SAMUEL HAMEN

Interviewtreffe mam Lyriker Jean-Paul Jacobs

Am Prenzlauer Berg, engem vun den Hotspot-Quartiere vu Berlin, treffen ech de Jean-Paul Jacobs fir eist Gespréich. Am Ament plënnert all Student a Kënschtler, deen eppes op sech hält, an dëse Véierel. Wéi Klone vunenee lafen dann och vill opgestylte Jonker iwwer d’Stroossen, därbaants de Jacobs mir am „Café Übersee“ vu sengem Liewen a senger literarescher Schaff verzielt.

Op der Checklëscht fir eng gelonge Kënschtlerbiographie kéint ee bei him bal jiddwer Punkt ukräizen: Op Invitatioun vum éisterräicheschen Auteur H. C. Artmann ass hien 1966 vu Lëtzebuerg op Berlin geplënnert. Zitat Jacobs: „Deemools hunn ech mat 25 Joer geduecht, ech géif der Welt den Aasch opräissen.“ Hien huet dunn an enger vun den éischte Kënschtler-Kommune gewunnt. An hie war, respektiv ass dacks am legendären Zeene-Café „Paris-Bar“ ënnerwee. An awer ass hie kee professionelle Schrëftsteller ginn. Firwat? „Ech hunn ni geschriwwen, fir Suen ze verdéngen. Ech hu mech ni als fräischaffende Schrëftsteller gesinn. Ech gesi mech éischter als homme de lettre, als e rengen Dichter.“

Spéider fale sou Nimm wéi Elisabeth Borchert a Günter Grass, déi hien allebéid kannt huet. Da gëtt nach bësse vum Residenzverlag hei, vum Luchterhand-Verlag do geschwat, a mam Alfred Kolleritsch, dem groussen Editeur vu „manuskripte“, hat hien och ze dinn. Ech mierken, datt hien een Deel ass net nëmme vum lëtzebuergeschen, ma och vum däitsche Literaturliewen. An awer seet hie ganz kloer: „Ech wollt zu Lëtzebuerg publizéieren. Zu Berlin ginn et zéngdausend Schrëftsteller a vill ze vill Editeuren. Zu Lëtzebuerg ass et méi iwwersiichtlech.“

Wéi kéint ee säi Schreiwen da resuméieren? Et ass e bëssen sou, wéi am Lewis Carroll sengem „Alice’s Adventures in Wonderland“, wou d’Alice einfach just „Papperlapp“ seet, wéi déi béis Kinnigin hatt käppe wëll. Op den Eescht an d’Brutalitéit an der Welt reagéiert de lëtzebuergeschen Auteur, deen elo zënter bal 50 Joer zu Berlin lieft, mat Gedichter, déi alleguerten eng monter-kokett Géigewelt skizzéieren. Elo héiert een d’Leit well bierelen: Dat ass jo Eskapismus! Hie spillt Stoppches mat der Realitéit! Dem Jacobs seng Äntwert: „Wien ass net gär e gudde Mënsch? Jiddwereen ass selbstverständlech géint de Krich a géint d’Folter. Et muss nach Saache ginn, déi de Leit Freed maachen, déi beschtefalls eppes transzendéieren. Poesie ass eng Realitéit fir sech, a si ass net eskapistesch, ma ëmmer en Deel vun der konkreter Existenz.“

Ee gesonden Hedonismus – sou kéint een dës Astellung vläicht nennen. Als Beispill dofir e Commentaire iwwer d’Treffe vum jonke Jacobs mam Anise Koltz, der wuel wichtegster Literatin zu Lëtzebuerg no 1945: „Ech war 22 an e klenge Filou. Wie wier do net heemlech verléift a sou eng schéi Fra, déi och nach Gedichter schreift?“ Dës Loscht um Liewen, déi bei all Anekdot vum Jacobs erduerchglënnert, ass dann och d’Essenz vu sengem Schreiwen.

E kuerzt Beispill vun dëser Lyrik, déi zënter leschtem Joer bei „Editions Guy Binsfeld“ erauskënnt: „setzen sie ihre maske ab / frau pastorin / ich habe sie erkannt / niemand kann beim patiencelegen / so schön seufzen wie sie“. Bei de Kritiker komme sou Verse verschidde gutt un. Déi eng, wéi d’Elise Schmit „lesen, lieben und loben“ dës Texter „mit rückhaltloser Begeisterung“; fir déi aner, wéi de Jérôme Jaminet, „dreift de Jacobs et mat senger lyrescher Bildungsonanie e wéineg ze bont“. Ob dëse Genre vu Literatur engem zouseet, kann den interesséierte Lieser Mëtt November selwer erausfannen. Pénktlech fir d‘Walfer Bicherdeeg soll dem Jacobs säin neie Gedichtband „Ephemer“ bei Binsfeld publizéiert ginn. samuel hamen

En Donneschden an zwou Wochen, den 12. November, fannt Dir eng Kritik vum Jhemp Hoscheit sengem neie Buch „L’imagination“.