LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: iwwert déi politesch an ekonomesch Situatioun am südamerikanesche Staat

Venezuela ass am Moment international an de Medien. De Grond sinn Hyperinflatioun, Hongersnout a virun allem d’Staatskris. Dësen Artikel soll een Iwwerbléck iwwer d’Situatioun a Venezuela vermëttelen.

Am Ufank vum Joer gouf den Nicolás Maduro, ënner internationalem Protest, als President vu Venezuela fir weider sechs Joer vereedegt. International Organisatiounen hunn d’Walen als ondemokratesch an domat och als ongëlteg erkläert. Den IWF (Internationale Wärungsfong) huet fir Venezuela eng Inflatioun vun 1.370.000 Prozent berechent. Als Verglach am Südsudan sinn et 90 Prozent. Et gëtt och prognostizéiert, dass et am Laf vum Joer och bis op 10.000.000 Prozent erop goe kéint.

Venezuela huet déi gréissten Äerduelegreserve vun den OPEC-Staaten (1). Mee d’Produktioun geet all Joers weider zréck, well d’Land et sech net méi leeschte kann, d’Reparatiounen un den Anlagen duerchzeféieren an och doduerch keng nei Buerunge plange kann. Den Export besteet zu 95 Prozent aus Äerdueleg, den Effekt ass, datt d’Staatsverscholdung héich bei 162 Prozent vum Bruttoinlandsprodukt ass. D’Recetten aus dem Äerdueleg sinn och net an d’Zukunft vun der Ekonomie investéiert ginn, mee sinn an Importproduite gaangen, esou sinn dann och déi inlännesch Betriber lues a lues Faillite gaangen. Aus deene Krise resultéiert och, datt schonn no der UNHCR circa dräi Millioune Venezuelaner geflücht sinn.

Säit Joren demonstréiert een Deel vun der venezuelanescher Populatioun géint de Maduro an seng sozialistesch Regierung (2). Si si géint seng Politik, well hie fir d’Wirtschaftskris an d’Liewensmëttelknappheet responsabel gemaach gëtt. Déi Protester sinn och net friddlech ofgelaf, et si scho méi wéi 100 Mënschen ëm d’Liewe komm. De Maduro kann awer op verschidden Allianzen hoffen, well Russland a China ënnerstëtzen hie mat Waffen a Kreditter an d’Tierkei ass och op senger Säit. Och verschidde Militären ënnerstëtzen hien.

Juan Guaidó erkläert sech zum Iwwergangspresident

Den 23. Januar 2019 huet sech de Parlamentspresident Juan Guaidó als Interimspresident selwer ernannt (3). Hien huet sech do op den Artikel 233 vun der Konstitutioun beruff, dee seet, datt de Parlamentspresident sech fir eng Iwwergangszäit als Exekutivgewalt ernenne kann, wann de President absent ass. Dee Fall géif virleien, well d’Legitimitéit vum Maduro vun der Nationalversammlung net unerkannt gouf. D’USA war dat éischt Land, wat de Juan Guaidó als legitimme President unerkannt huet (4). Dono si knapp 40 Länner, och Lëtzebuerg, dobäi komm, déi de Juan Guaidó unerkennen. Mee am Moment stinn nach wichteg Militären hannert dem Maduro. De Guaidó huet de Militäre verséchert, datt wa si hien ënnerstëtzen, géifen hinne keng Strofen aus fréieren Deale mam Maduro operluecht ginn. D’USA hunn och Interessi dorun, well si Äerdueleg aus Venezuela importéieren. Den Donald Trump huet och militäresch Interventiounen net ausgeschloss.

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

Virun dräi Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag.


D’EU huet de Maduro opgefuerdert, bis de leschte Sonnden Neiwalen auszeruffen (5). Soss géife verschidden EU-Staaten hien offiziell ënnerstëtzen. De Maduro ass deem net nokomm an hie leent et kategoresch of, un Neiwalen ze denken.

De Guaidó huet international fir Hëllef gefrot, well et wéineg Medikamenter oder Liewensmëttel am Land ginn (6). Mee de Maduro an d’Militär hunn d’Stroosse blockéiert, sou datt déi Hëllefen net ukommen. Fir aus der Kris erauszekommen, treffe sech verschidden europäesch a südamerikanesch Länner an der Haaptstad vun Uruguay, Montevideo, fir als Kontakt zwësche Regierung an Oppositioun ze vermëttelen.

Quellen a Links:

(1) tinyurl.com/a500wVe1

(2) tinyurl.com/a500wVe2

(3) tinyurl.com/a500wVe3

(4) tinyurl.com/a500wVe4

(5) tinyurl.com/a500wVe5

(6) tinyurl.com/a500wVe6