LUXEMBURG
LJ

Offizieller Festakt zu Nationalfeiertag - Zwölf verdienstvolle Bürger geehrt

Der offizielle Festakt in der Philharmonie, zu der sich Großherzog Henri, Großherzogin Maria Teresa, Erbgroßherzog Guillaume, Erbgroßherzogin Stéphanie, Prinz Félix und Prinzessin Claire sowie Prinz Louis, Prinzessin Alexandra und Prinz Sébastien eingefunden hatten, läutete die Feierlichkeiten zum Nationalfeiertag am Samstag ein. 

Erfahrung schätzen

„Um Dag, wou mer eist Land, eis Natioun, den Erfollegsmodell Lëtzebuerg feieren, ass et ubruecht sech verstäerkt mat deem auserneen ze setzen, wat an der Vergaangenheet läit an eis och mat deene Mënschen an eiser Gesellschaft ze beschäftegen, déi mat Erfahrung a mat groussem Wëssen d’Géigewaart bewäerten”, sagte der Staatsminister. “An enger Zäit, wou den Extremismus op der Welt net verschwonnen ass, mee a verschiddene Länner esou guer nees nei Wand an d’Seegele kritt, brauche mer awer d’Stëmm vun deene Leit, déi méi wäit no hanne kucken, ewéi mir. Meng Generatioun huet kee Krich an eise Géigenden erlieft, mir sinn net Affer gi vun Exklusioun an Ënnerdréckung. Mir hunn net misse materliewen, wéi eis Elteren, eis Geschwëster, eis Schoulkomeroden a Frënn hiert Liewen am Krich verluer hunn. Mir hunn och net misse fäerten, dass eis Fräiheet a Gefor ass, dass alles, wat eis wichteg ass ka verluer goen. Et feelt eis dofir en Deel vum Bewosstsinn fir dat, wat ka geschéien, wann een déi Kräften, déi d’Leit auserneen dreiwen einfach gewäerde léisst”, appellierte Premier Xavier Bettel, der als erster an das Rednerpult trat.
Bettel kam aber auch auf Europa und die Nationalwahlen zu sprechen: “An de nächste Méint wäerten zu Lëtzebuerg vill iwwert eis Zukunft schwätzen. De Modell, dee sech bewäert huet, gëtt diskutéiert an mir stellen d’Weiche fir déi nächst Joren an Joerzéngten. Gläichzäiteg gëtt et och an der Europäescher Unioun en Debat iwwert d’Fro, wéi mer deen eemolege Friddensprojet vun enger Staategemeinschaft weider wëllen zeechnen”.
 “Mir dierfen, déi Wäerter, déi eis zu Lëtzebuerg wichteg sinn an déi mir och op europäeschem Niveau héich halen a verdeedegen net op d’Spill setzen. Mir dierfen net eppes a Fro stellen, alleng well et dee méi einfache Wee ze si schéngt. Solidaritéit, Toleranz, Respekt vun de fundamentale Mënscherechter gehéieren zu eiser DNA an ech erwaarde vun eis, dass mer och dozou stinn”, appellierte Bettel, “Prinzipien dierf een net iwwer Bord geheien, well se zu engem gewëssenen Ament net dem Zäitgeescht entspriechen, soss sinn et keng Prinzipie méi, mee just nach eidel Wieder.”

Mit offenen Herzen wider simplistische Antworten

Parlamentspräsident Mars Di Bartolomeo unterstrich die Bedeutung der politischen Bildung: „Mär brauche Bierger, déi gutt informéiert sinn, déi kritesch matdenken, sech engagéieren, mat upaken a mat decidéiere wëllen. A mer brauchen um politesche Plang Leit, déi nolauschtere kënnen a receptiv sinn, déi bereet sinn, méi Demokratie, méi Participatioun ze woen, déi hiert Handelen erkläre kënnen, a sech Zäit dofir huelen“.
„Fir dat Gutt ze erhalen a weiderzeentwéckelen an dat Neit, wat op eis zoukënnt, fréizäiteg ze erkennen an am Interêt vum Mënsch ze gestalten an ze steieren, brauche mer dat Mateneen, wou mer d’Leit mat abannen amplaz auszeschléissen. Mär brauchen en oppene Geescht, oppen Häerzer an oppe Grenze souwisou! Mer brauchen déi Feinfühlegkeet, déi eis dat erkenne léisst, wat Statistiken net aussoen“, fuhr der Erste Bürger des Landes fort, „engem Eenzelnen oder enger Minoritéit, där et schlecht geet, hëlleft et wéineg, wann een erkläert, datt et eis am Allgemenge gutt geet. Begnüge mer eis mat esou Pauschaluerteeler a loossen déi Leit lénks leien, sinn si liicht Affer fir déi, déi eis op komplex Problemer oder Suerge simplistesch Äntwerten, awer keng Léisunge liwweren. Eis Äntwert muss vu Solidaritéit an Empathie gepräägt sinn a vum Wëllen, datt an engem vun deene räichste Länner vun der Welt keen op der Streck däerf bleiwen, keen an d’Hoffnungslosegkeet däerf entlooss ginn. A wann déi allgemeng Reegelen, déi fir déi meescht gutt sinn, keng Léisung bidden, da musse mer eben aner Weeër sichen, fir ze hëllefen.“

Alain Atten und Anise Koltz unter den geehrten Bürgern

Anschliessend händigte Großherzog Henri Auszeichnungen an folgende Personen aus:
-Das Abzeichen “Chevalier” im  “Ordre de la Couronne de Chêne” an die drei Lebensretter David Urbing, Jérémy Frank und Filipe Luis, sowie die beiden Lebensretterinnen Carole Gloden und Lynn Harpes.
-Das Abzeichen “Chevalier” im “Ordre de Mérite” an die drei Unternehmer der Startup “Talkwalker”: Robert Glaesener, Christophe Folschette und Thibaut Britz.
- Das Abzeichen ”Commandeur” im “Ordre de Mérite” an den international tätigen Forscher, Professor Michel Goedert.
- Das Abzeichen “Grand-officier” im “Ordre de la Couronne de Chêne” an die “grande dame” der luxemburgischen Literatur Anise Koltz.
- Das Abzeichen “Grand-officier” im “Ordre de Mérite” an “Sproochmates” Alain Atten.
- Das Abzeichen “Chevalier” im “Ordre de Mérite” am Marcelle Walch, Direktionsbeauftragte von “SOS Détresse”.

Toleranz und Respekt

Grossherzog Henri schloss mit seiner Rede die Zeremonie ab. Es gebe viele Gründe stolz darauf zu sein, was Luxemburg darstellt: „Mir sinn eng Natioun déi respektéiert gëtt fir déi Roll, déi si an Europa an an der Welt spillt. Mir sinn eng multikulturell Natioun, an där Zesummeliewen a Zesummenschaffe scho bal exemplaresch ass. Mir sinn eng opgeschlossen, eng modern Gesellschaft, wou Jiddfereen seng Chancen huet, souwuel am politeschen ewéi am berufflechen oder soziale Liewen. Mir sinn eng tolerant Natioun, déi respektvoll mat all Mensch ëmgeet.  Mir sinn eng friddlech Natioun, an där den extremen Discours kaum präsent ass an och praktesch keng Resonanz fënnt.  Mir sinn och eng solidaresch Natioun, wou d’Solidaritéit net muss opgeruff ginn, mee just drop waart, fir sech kënnen auszedrécken.“ Auch er sprach den bevorstehenden Urnengang kurz an: „Ganz geschwë wäerte mir eng aner Stëmmung am Land spieren, wéi déi, déi mir haut erliewen. De Bols vun eiser parlamentarescher Demokratie wäerd an deenen nächste Méint méi hefteg schloen, an d’Atmosphär am Land méi hektesch sinn. Si méi tranchéiert Meenungen, méi Diskussiounen oder einfach politesch Divergenzen, déi eng Wahlcampagne ausmaachen, en Zeeche vu Spaltung an eiser Gesellschaft? Ech mengen dat net. Den Ëmgang, den et hei zu Lëtzebuerg ee mat dem anere gëtt, ass de Garant vun enger Moderatioun am Toun, déi eis gutt zu Gesiicht steht. De breeden Accord iwwert d’Fundamenter vun eisem Zesummeliewe steet och net zur Debatt. D’Sich nom Konsens ass e feste Bestanddeel vun eisem politesche Liewen, grad ewéi an eise soziale Bezéiungen. An dorunner wäert sech och kaum Eppes änneren“. Die Wahlperiode solle man als einzigartige Opportunität sehen: “Dës Period huet hir Ritualer, wéi hiren Undeel u Spannung. Et ass e feierleche Moment, dee vun der Erneierung vum Kontrakt tëscht de Bierger an de Gewielten. Mee et ass besonnesch déi Zäit, wou mat méi grousser Intensitéit iwwer Zukunftsprojet'en soll debattéiert ginn.Couragéiert Propositiounen, lieweg a fair Diskussiounen an Debatten, respektvollen a korrekten Ëmgang Ee mat dem Aneren… Dëst sinn e puer vun den Elementer, déi de Wuerzele vun eiser Demokratie en neien Opdriff ginn an déi d’Wahlzäit zu engem wichtegen a richtege schéine Moment fir eist Land maachen.“

Hommage an Gilbert Trausch

„Mat Wëllenskraaft a Kreativitéit an iwwer Generatiounen, huet eist Land et ëmmer nees fäerdeg bruecht, sech nei ze erfannen. Doduerch hu mer eisen eegene Wee gemaach. Ech wëll do un d’Wierk erënnere vum beléiften Historiker Gilbert Trausch, deen eis leider viru kuerzem verlooss huet. Hien huet mat vill Talent de Wee vun engem Staat beschriwwen dee praktesch duerch Zoufall zustane koum fir sech spéider zu enger innovativer an erfollegräicher Natioun z’entwéckelen, an Europa an an der Welt. Dat ass eng Satisfaktioun déi mer alleguer deele kënnen, an déi mer och no baussen droen“, fuhr der Staatschef fort und schloss mit: „Vive Lëtzebuerg an engem vereenten Europa!“