LËTZEBUERG
SAMUEL HAMEN

De „Printemps des poètes“ bréngt fir d’zéngte Kéier international Auteuren op Lëtzebuerg

Ee Gespréich mam Schrëftsteller Nico Helminger, deen de Literaturfestival „Printemps des poètes Luxembourg“ als Directeur artistique beträit. Et geet ëm den zéngte Gebuertsdag vum PPL, ëm de Wäert vu Poesie als Nischen- a Géigekultur an dorëms, net mat all Event d’Rockhal fëllen ze mussen.

Dës Ausgab vum „Printemps des poètes“ (kuerz: PPL) widmet sech - analog zum grousse Brudder zu Lyon - ënnert anerem dem Thema „Afrique(s)“. Mam Fiston Mwanza Mujila an Habib Tengour stame just zwee vun de 15 Poeten aus afrikanesche Länner. Firwat dës Ënnerrepresentatioun?

Nico Helminger Ech mengen net, datt ee vun enger Ënnerrepresentatioun ka schwätzen, well d’Grondiddi net déi war, haaptsächlech Dichter aus Afrika anzelueden. Mir hunn, wéi schonn dacks, d’Thema vun de franséische Kollegen iwwerholl, mee wéi och déi aner Joer soll dat net dat eenzegt Thema vum Festival sinn. Mer feiere jo och eis zéng Joer, an dat wollte mer als Lëtzebuerger „Printemps des Poètes“ och ervirsträichen. Samschdes, den 1. Abrëll, läit de Schwéierpunkt op Afrika mat de besonneschen Optrëtter vun deenen zwee genannten Auteuren, zesumme mat afrikanesche Musiker, wougéint mer bei der Ouverture vum Festival een Dag virdru méi d’Gewiicht op eise Gebuertsdag leeën. Et ass allerdéngs och sou - an an deem Sënn ass Deng Bemierkung sécher richteg-, datt nach zwee aner afrikanesch Dichter virgesi waren, déi awer - aus ënnerschiddleche Grënn - net komme konnten.

Dëst Joer sinn dofir Auteuren aus Polen (Bartlomiej Majzel), Ungarn (János Lackfi) an Israel (Amir Or) dobäi - Länner, déi an der Lescht am Fokus stounge wéinst hirer gesellschaftspolitescher Situatioun.

Wäert dëse PPL besonnesch politesch sinn?

Helminger Engagéiert war de PPL vun Ufank un. Dat huet mam Wiese vun der Dichtung ze dinn a mat der Situatioun vun de Poeten an deene verschiddene Länner, déi jo net onbedéngt déi offiziell Politik vertrieden. Mer haten hei déi grouss Diskussioun tëscht dem Palestinenser Marwan Makhoul, dem mëttlerweil verstuerwenen Abdelwahab Meddeb, an deenen zwee Dichter, déi dëst Joer och erëm dobäi sinn, dem Amir Or an dem Habib Tengour, mer haten de kurdeschen Dichter Seyhmus Dagtekin an d’Taslima Nasreen aus dem Bangladesch, an nach d’lescht Joer d’Fadwa Souleimane aus Syrien. Mir sinn do matten am Weltgeschéien dran, awer net als Politiker, mee als Dichter a Schrëftsteller, déi sech op hir eegen Aart a Weis engagéieren.

Sinn d’Munnerefer Dichterdeeg, déi besonnesch an den 60er a 70er Joer ee groussen, och internationale Succès kannt hunn, ee Virbild fir den „Printemps“?

Helminger D’Dichterdeeg vun deemools sinn Deel vun der Lëtzebuerger Literaturgeschicht a kënnen domat och fir aner Festivaler e Virbild sinn. Wichteg war a bleift den internationalen Austausch tëscht de Literaten, also deen Aspekt, vun deem de Publikum vläicht net souvill matkritt, deen awer fir d’Dichter wichteg ass. An enger éischter Phas goung et bei de Munnerefer Deeg drëm, franséisch an

däitsch Auteuren een dem anere méi no ze bréngen. De PPL ass mëttlerweil e Festival, deen Dichter aus ganz Europa an doriwwer eraus, sech hei begéine léisst.

Poesie ass a bleift ee Nischeproduit. Den „Börsenverein des Deutschen Buchhandels“ setzt d’Venten vu Lyrikbänn net mol méi op hir landeswäit Verkafsstatistik, well se op ee Joer gesi manner wéi 0,1% vun de Venten ausmaachen. Wéi kann een ënnert esou Bedéngungen ee Public fir ee Poesiefestival begeeschteren?

Helminger Ech behaapten einfach mol: Et gëtt e Public fir Poesie. Dat gesi mer jo bei eise Manifestatiounen. Natierlech fëlle mer domat net d’Rockhal. Dat muss och net sinn. Vill vun de Leit, déi mer invitéieren, zielen - och wa si eppes méi bekannt sinn - zur Géigekultur, soen ech mol, a soe mat hiren Texter eppes, wat ee soss net héiert. Ech sinn iwwerzeegt, datt grad an enger Gesellschaft, an där d’Ausernanersetzung mat Kultur ëmmer manner a méi flaach ze gi schéngt an an där nëmmen nach Events a Blockbuster ze ziele schéngen, grad déi vun Dir ugeschwaten Nischen ëmmer méi wichteg ginn.

Wéi geet dat zesummen: Engersäits gëtt Poesie no baussen hin ëmmer méi marginaliséiert, während se anerersäits no bannen hin als Zeen immens wibbeleg an aktiv ass, och zu Lëtzebuerg. Kapsele sech d’Poeten Dengem Gefill an Denger Erfahrung no ëmmer méi of a wierke just nach no bannen? L’art pour l’art et ses disciples?

Helminger Ech mengen net, datt d’Poeten sech ofkapselen, et sinn där sécher dobäi, awer dat ass net d’Majoritéit. Et ass éischter sou, datt si ofgekapselt ginn. Dat hänkt erëm mat deem virdrun ugeschwate Punkt vum Maart zesummen: Poesie verkeeft sech net, also gëtt et se net. Ech kennen eng ganz Rei Librairien, vu Paräis bis Berlin, déi virun 20 Joer nach eng Ofdeelung Poesie haten, déi se elo ofgeschaaft hunn. Et ass awer net nëmmen d’Poesie, déi ofgeschaaft gouf, et ass e ganzen Deel vun der Belletristik, dee kaum nach ze fannen ass, einfach well op de Verkaf gesat gëtt, an net op Qualitéit an Diversitéit. D’Dichter sinn deemno gezwongen aner Formen ze fanne fir d’Distributioun vun hire Wierker.

Vum 31. Mäerz bis 2. Abrëll

10. PRINTEMPS DES POÈTES

Den „Printemps des poètes – Luxembourg“ leeft vum 31. Mäerz bis den 2. Abrëll op verschiddene Plazen. Freides, den 31. Abrëll, gëtt de Festival an der Kulturfabrik zu Esch erëffnet, samschdes, den 1. Abrëll gëtt et Manifestatiounen am Neimënster an am Théâtre National du Luxembourg, sonndes, den 2. Abrëll, gëtt den Ofschloss an der Galerie Simoncini gefeiert. Am Ganzen huele 15 Poeten aus 13 Länner um Festival deel.
http://www.prinpolux.lu