Comité Alstad gëtt dräi nei Publikatiounen zum Joresenn eraus

De Comité Alstad feiert an dësem Joer säi 75.
Gebuertsdag, gouf hien dach 1937 gegrënnt.
Dësen Anniversaire gouf ganz gutt gefeiert mat enger schéiner Éimaischen, engem gutt besichten Aulebäckermaart an zwee flotte Concerten - dee vun
der Militärmusek an dee mat der Kantat iwwer d’Ermesinde an d’Melusina.

Um Enn vum Joer bréngt de Comité Alstad elo säin traditionelle Plang vun der Alstad eraus, mee och nach zwou besonnesch Saachen: fir déi Kleng, hir Elteren a Grousselteren dem Georges Schmitt seng „Seeche vum Zinniklos“ an e Buch iwwert d’Alstad mat neie Fotoe vum Carlo Hommel an Texter vum Isabelle Yegles-Becker a Claude Esch.

Plang vun der Stad a Festung Lëtzebuerg (1702)

Zesumme mat enger Kaart vum Herzogtum Lëtzebuerg gouf dëse Plang 1702 zu Amsterdam am „Atlas Portatif, ou le Theatre de la Guerre en Europe“ vum Daniel de la Feuille (1640 zu Sedan gebuer) publizéiert. 1683 gouf hie Bierger vun Amsterdam an huet als Händler, Editeur a Graveur vu Kaarten a Portraite geschafft. Fir d’Feierdeeg zum Joresenn bitt de Comité Alstad elo e Faksimile vun dësem Plang zum Präis vun 12,50 Euro un. D’Format vum Plang ass 118 x 173 mm. En ass gedréckt op Pabeier 300g/m2 Conqueror) am Format DIN A4. Bestelle kann een de Plang beim Comité Alstad duerch Iwwerweise vun 12,50 Euro (Porto abegraff) op ee vun de Konte vum Comité Alstad mam Vermierk „Plang vun der Stad a Festung Lëtzebuerg (1702)“.

D’Seeche vum Zinniklos

1944 huet de Georges Schmitt (Grënner vum Comité Alstad) d’Seeche vum Zinniklos (Text a Biller) am Uelzecht-Verlag erausbruecht. Dëst Joer, wou de Comité Alstad säi 75. Ge-
buertsdag feiert, bréngt de Comité d’Geschicht vum hellege Mann als Faksimile nei eraus. Den Text gouf gelooss, wéi de Georges Schmitt e geschriwwen huet, op de leschte Säite vum Bichelche fënnt de Lieser den Text och an der offizieller
Lëtzebuerger Schreifweis. De Rob Baddé huet den Text
iwwerschafft. D’Bichelchen „D’Seeche vum Zinniklos“, Format 165 x 210 mm, huet 24 Säiten. Bestelle kann een dëst Wierk beim Comité Alstad duerch Iwwerweise vu 15 Euro
op ee vun de Konte vum Comité mam Vermierk „D’Seeche vum Zinni-klos“.

Lëtzebuerg Alstad

Fir de 75. Anniversaire vum Comité Alstad bréngen d’Edi-
tions Schortgen an Zesummenaarbecht mam Comité Alstad e schéint Buch eraus iwwert d’Alstad. D’Buch verzielt vun 33 Gebaier an der Alstad, déi gréisstendeels am enke Perimeter vum Bock bis hin zum Gruef leien. Dee Spadséiergank féiert kräiz a queesch duerch d’Stroosse vun der Alstad a gëtt zu enger Zäitrees duerch déi verschidden Architekturstiler. Den Tour beschäftegt sech mat enger Partie privaten Haiser, verschiddenen historesche Plazen, a setzt besonnesch déi ëffentlech Gebaier wéi de Palais, d’Chamber oder d’Muséeën an de Mëttelpunkt. D’Buch setzt sech zesummen aus Texter vun der Historikerin Isabelle Yegles-Becker, dem Claude Esch senge Lëtzebuerger Anekdoten an zäitgenëssesche Fotoe vum Carlo Hommel, deen d’Gebaier aus enger ganz neier Perspektiv duerstellt. Bestelle kann een dat flott Buch (Format 24 x 29 cm) duerch Iwwerweise vu 44 Euro op ee vun de Konte vum Comité Alstad.

Dëst Buch, en ideale Cadeau fir d’Feierdeeg, ass, wéi de Stater Buergermeeschter Xavier Bettel bei der Presentatioun vun deenen dräi Wierker gemengt huet, „e Buch iwwwert eng nei Groussstad“. Weider gouf bei dëser Virstellung matgedeelt, dass „D’Spill vum Hellegen Niklos“, dat 1937 vum Georges Schmitt, dem Grënner vum Comité Alstad, geschriwwe gouf, den 2. Dezember 2012 , also 75 Joer méi spéit, um 16.00 um Knuedler presentéiet gëtt. „D’Spill vum Hellegen Niklos“ gouf e bësschen iwwerschafft a gëtt vun de Clausener Theaterfrënn opgefouert. jk


D’Konte vum Comité Alstad: Spuerkeess IBAN LU64 0019 1755 0897 0000; CCPL IBAN LU02 1111 0080 8736 0000, BGL-BNP
Paribas IBAN LU19 0030 7564 6694 0000