LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: Wéi ass et ëm d’Pressefräiheet zu Lëtzebuerg an op anere Plaze bestallt?

Den Europarot huet am Ufank vum Joer dorop opmierksam gemaach, datt d’Pressefräiheet an Europa ëmmer méi a Gefor ass. 140 Journaliste sinn duerch hir Aarbecht eescht blesséiert ginn. 130 Journaliste sëtzen am Prisong, dovun eleng 110 an der Tierkei. Als Beispiller kann een aus dem Rapport een Attentat op eng Journalistin zu Montenegro, eng Messerattack op ee Journalist zu Mailand oder eng Attack mat Gëft bei enger ukrainescher journalistescher Entreprise ervirhiewen. De Journalist Jamal Khashoggi ass brutal wéinst senger kritescher Aarbecht am Konsulat vu Saudi-Arabien an Istanbul ermort ginn. Den Europarot huet 47 Memberen, an de Generalsekretär fuerdert, datt si fir eng fräi a kritesch Aarbecht d’Journalisten besser protegéiere sollen. (8)

Lëtzebuerg gouf de leschte Freide vun der NGO „Reporter ohne Grenzen“ op déi 17. Plaz vun am Ganzen 180 placéiert. Mee och zu Lëtzebuerg hunn d’Journalisten et net liicht. Déi lëtzebuergesch Press ka mat villen onfaire Methoden ënner Drock gesat ginn. Zum Beispill gi verschidde Journalisten ënner Drock gesaat, andeems si mat Geriichtsprozesser bedréit ginn. (2) Och finanziell sinn déi lëtzebuergesch Zeitunge vum Staat an och vun de Publicitéiten ofhängeg. Dowéinst kënne verschidde grouss Entreprisen den Zeitungen hir finanziell Lag beaflossen, wa si keng Annoncë méi an den Zeitunge placéieren.(3) Säit Jore stellen d’Journalisten d’Fuerderung fir een Informatiounszougangsgesetz. Domat sollen d’Journalisten d’Recht kréien, op den Zougang zu wichtegen Informatioune vun nationalen Institutiounen. (4) Mee net nëmmen zu Lëtzebuerg ginn et Problemer, fir eng fräi Press ze garantéieren.

D’Situatioun an anere Länner

An Estland huet déi rietspopulistesch Regierungspartei EKRE (estnësch konservativ Vollekspartei) Journaliste bedréit a „Propagandisten“ genannt. Si fuerderen och, Journalisten aus dem ëffentlech-rechtleche Sender ERR erauszegeheien.(5)

Och an Éisträich, wou vill Lëtzebuerger gäre Vakanz maachen, sinn d’Journalisten a virun allem den ORF ënner Drock. Déi éisträichesch rietspopulistesch Regierungspartei FPÖ attackéiert oft den éisträicheschen ëffentlech-rechtleche Sender ORF. Dee bekannte Journalist Armin Wolf huet de Spëtzekandidat fir d’FPÖ Harald Vilimsky an engem Interview mat engem Cartoon vun der FPÖ-Jugendorganisatioun konfrontéiert. Am Cartoon war eng antisemitesch Duerstellung vun enger NS-Zeitung. De Journalist wollt wëssen, wat seng Meenung dozou wier. Déi Fro huet de Politiker awer net appreciéiert an huet dem Journalist an och dem ORF mat Konsequenze gedréit.(6)

Rietspopulistesch Parteien attackéieren d’Medien oft als „Lügenpresse“ oder als net objektiv. Si argumentéieren och, datt déi sougenannte „political correctness“ verbitt, verschidden Themen iwwerhaapt unzeschwätzen. Engersäits fuerderen si ee méi objektive Journalismus an anerersäits wëlle si selwer entscheeden, wien wat schreiwen dierf.(7)

D’Medien hunn als Funktioun, d‘Ëffentlechkeet z’informéieren. Eng Demokratie brauch d’Protektioun vun der Pressefräiheet, well doduerch kann ee seng Meenung fräi soen. D’Leit kënne sech hir eege Meenung duerch eng kritesch Press bilden an iwwert Mëssstänn opgekläert ginn. (1) Eng Gesellschaft ka sech just eng fräi Meenung mat enger fräier, onofhängeger a kritescher Press iwwert Politik, Wëssenschaft, Sport a vill aner Theme bilden.

Quellen a Links

 1) tinyurl.com/a500wpressefraiheet1

2) tinyurl.com/a500wpressefraiheet2

3) tinyurl.com/a500wpressefraiheet3

4) tinyurl.com/a500wpressefraiheet4

5) tinyurl.com/a500wpressefraiheet5

6) tinyurl.com/a500wpressefraiheet6

7) tinyurl.com/a500wpressefraiheet7

8) tinyurl.com/a500wpressefraiheet8