Interviewtreffe mam Roland Meyer, Laureat vum Prix Servais 2015

Während sech d’Leit virum Groussen Theater äerdeg mat Apérol-Spritz a Nëssercher op den Theaterowend preparéieren, verzéien de Roland Meyer an ech eis zimlech séier an de Foyer vum Theater, deen nach ganz eidel ass. Dobaussen hat den 52-Järege säi Roman „Roughmix“, dee viru kuerzem mam Prix Servais ausgezeechent gouf, net fir de Fotograf an de Grapp wëllen huelen: „Ma ech liesen dach net mäin eegent Buch am Haff vum Grand Théâtre.“ Keng falsch Allüren, net fir d’Kamera an och net dono am Gespréich.

D’Sujete si séier fonnt – dem Roland Meyer säi kabarettistescht a belletristescht Wierk, den Notze vum Schreiwen an d’Defauten an der Lëtzebuerger Literaturzeen. Natierlech kréien ech hei an do puer typesch Auteurs-Äntwerten zerwéiert: „Nee, et schreift ee jo net Bicher fir Präiser ze gewannen.“ Oder: „Ech schreiwen iwwer Saachen, déi ee beschäftegen, mat deenen ee sech muss oder däerf ofginn.“ Ma virun allem schwätzt de Roland Meyer prezis an éierlech iwwer seng Schaff als Kabarettist an Auteur vu Kannerbicher, Theaterstécker a Romaner: „Wann een drësseg Joer Cabaret gemaach huet, da weess een, datt e mat Schreiwen am Fong näischt verännert. Wann e mat 18 ufänkt, wëll een d’Welt verbesseren, a wann een dann drësseg Joer laang geschriwwen huet an et mierkt een, déi Welt huet sech jo guer net verbessert, dann huet een entweder ganz schlecht geschafft oder et muss ee sech agestoen, datt een duerch dat ganzt Geschreifs näischt verbessert kritt.“

Trotz där pessimistescher Aschätzung huet de Roland Meyer no „Muedebëtzeg“ vun 2011 d’lescht Joer säin zweete Roman publizéiert, eng multiperspektivesch Erzielung vu méi wéi 300 Säiten. Zu iergend eppes muss d’Schreiwen da jo awer déngen? „Et kritt een heiansdo eng an d’Akaul geschloen, et weess een net, wouhier se kënnt. A mäi Schreiwen ass do, fir mech ze schützen, fir mech domat ze beschäftegen a fir dat och opzedecken, grad an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg, wou jidderee jidderee kennt.“ An do ass ee rëm, en leider noutwennegen all time favourite, fir d’kënschtleresch Situatioun hei am Land ze ëmschreiwen: den inzestuöse Filz. Als Analogie dozou gëtt et am Roman „Roughmix“, dee sech als literareschen Zäitkommentar versteet, souguer zwee Geschwëster, déi eng Affär mateneen hunn. Déi nächst Fro läit no, an de Roland Meyer stellt se sech dann och selwer, ier ech hien iwwerhaapt ënnerbrieche kann: „Awéiwäit soll ech mech iwwerhaapt a sou e geschlossene Beräich wéi de Literaturberäich erabeginn? Hunn ech net besser, bausse stoen ze bleiwen?“ Vläicht läit een Deel vun der Äntwert schonns am Fait, datt mir eis am ausgestuerwene Foyer vum Groussen Theater ënnerhalen, während an der Brasserie niewendrun d’Theater-Schickeria matenee potert a weider Nëssercher knat. Och hei probéiert de Roland Meyer, eng gesond Distanz opzebauen, ouni sech awer ganz erauszehalen.

Iwwer Ëmweeër komme mir zum Schluss nach op d’Literaturkritik ze schwätzen: Ob hie mat dem professionelle Feedback zefridde wier? D’Äntwert ass kloer: „Also hei am Land? An a menger Situatioun? Guer net. Well ze mann kënnt. Ech hunn an der Lescht puer Mol gekuckt, wéi vill Espace reservéiert ass fir d’Rubriken, an da muss ee soen, datt Literatur relativ schlecht ewegkënnt.“ An hien entwërft och en Zeenario, deen tatsächlech wënschenswäert kléngt: „Wann eng kompetent Kritik do ass, liesen d’Leit dat gären, da kafen si d’Bicher an de Schreiwert huet rëm méi Iddien, well e wärtgeschätzt gëtt, a lues a lues kann an deem Circuit eng Qualitéitsentwecklung entstoen.“ samuel hamen

An zwou Wochen, um 25. Juni, fannt Dir op dëser Plaz eng Kritik vum Essayband „Theater International 2“ (Hydre Éditions)