LËTZEBUERG
LJ

Commemoratiounsfeier zu Hinzert e Samschdeg, den 21. September

E Samschdeg, den 21. September organiséiert den „Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale“ zesumme mat der „Amicale Hinzert“ wéi all Joer eng Commemoratiounsfeier am fréiere KZ zu Hinzert. Dëst Joer sinn et 75 Joer hier, dass de 25. Februar 1944 d’Cheffe vun der Lëtzebuerger Resistenz am Bësch zu Hinzert ermuert goufen. Fir si ze éieren an och déi aner, déi do gestuerwen a gelidden hunn, wäert dëst Joer de Grand-Duc Henri un der Commemoratiounsfeier zu Hinzert deelhuelen. Och de Premierminister Xavier Bettel an d’Ministerpresidentin vu Rheinland-Pfalz Malu Dreyer wäerten nieft anere Perséinlechkeeten derbäi sinn, wéi vum „Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale“ matgedeelt gëtt.

De Programm vum Dag

Um 14.00 ass déi Lëtzebuerger Feier an engem speziellen Zelt beim Wercollier-Denkmal: D’Mass gëtt gelies vum Äerzbëschof Monseigneur Jean-Claude Hollerich a Konzelebratioun mat dem Aumônier vun der „Amicale Hinzert“ an neie Generalvikar Patrick Muller. Fir de Gesank suergt d’Chorale vun Dikrech ënnert der Direktioun vum Raymond Majerus. Si gi begleet um Synthesiser vum Joé Laos. „Clairon d’honneur“ ass den Edmond Faber. Direkt duerno ass dann déi international Feier op derselwechter Plaz, wou esouwuel de Premierminister Xavier Bettel wéi och d’Ministerpresidentin Malu Dreyer eng kuerz Usprooch wäerten halen.

Hutt Versteesdemech derfir, dass aus Sécherheetsgrënn tëscht der Mass an der internationaler Feier kee méi op de Site eragelooss gëtt.

Déi Leit, déi mam Privatauto fueren, mussen d’P+R Parkplazen huelen, déi gezeechent sinn. Si ginn da mat enger Navette vu Reinsfeld an d’Gedenkstätte bruecht. Déi lescht Navette fiert um 13.50 zu Reinsfeld bei der Kierch fort. Och si sollen sech bis de 14. September umellen, soss riskéieren se keng Sëtzplazen ze kréien (Telefon 39 90 58).