LËTZEBUERG
LJ

Junior-Editioun vum Spill „Kenns du Lëtzebuerg?“

Mat iwwer 10.000 verkaafte Gesellschaftsspiller bannent engem Joer ass „Kenns du Lëtzebuerg?“ dat meeschtverkaafte Spill a Lëtzebuerger Sprooch, dat jeemools erauskomm ass. An et ass och dat éischt Spill mat esou enger héiger Oplo, dat ouni staatlech Subventiounen, also als Privatinitiativ vun enger Lëtzebuerger Firma op eege Käschte réaliséiert gouf.

Déi éischt Editioun koum am September 2018 ënnert dem Numm „Wou läit Piisseng?“ op de Maart a war schonns bannent e puer Deeg vergraff. D’Editeure vu Magic Multimedia hunn du beschloss, nach eng Neioplo ze maachen a gläichzäiteg un enger zweeter Editioun ze schaffen, déi am Februar 2019 an d’Geschäfter uechtert d’Land ausgeliwwert gouf. Op de soziale Medie gouf en Opruff gemaach, wéi dat neit Spill sollt heeschen. Zur Auswiel vun den Uertschaften stoungen ënner anerem Grandsen, Nei Brasilien, Ënnerschlënner, Uewerglabech a Brattert. Iwwer 2.000 Leit hunn hir Suggestiounen erageschéckt a si hu selwer den Uertschaftsnumm vum neie Spill bestëmmt: Grandsen! Also koum no Piisseng „Wou läit Grandsen?“.

Scho mol vu Grandsen héieren?

Intressant ass, dass d’Uertschaft Grandsen (Grindhausen) nëmme knapps iwwer 20 Awunner huet, awer 534 Stëmme kritt huet. Sou gouf dat klengt Duerf am Kanton Klierf berühmt (grad esou wéi Piisseng an der Editioun virdrun).

Gläichzäiteg sinn och immens vill Ufroen un den Editeur erakomm, fir separat Kaartekëschte mat den Uertschaften an de Quizfroen fir déi zwou Editiounen unzebidden. „Grandsen“, fir déi, déi schonns „Piisseng“ haten, a „Piisseng“, fir déi, déi elo „Grandsen“ kaaft hunn a wollten déi zwou Editioue spillen.

Et war e volle Succès. Quasi all d´Spiller sinn elo ausverkaaft oder sinn nach just begrenzt a spezialiséierte Geschäfter am ganze Land ze kréien. D’Lëscht vun de Geschäfter ass op www.magic.lu ze fannen.

Nei Elementer

Opgrond vu ville Suggestiounen, wou bemängelt gouf, dass d’Spill zwar mega flott fir Erwuessener awer ze schwéier fir Kanner wier, huet d’Equipe vun „mm games“ beschloss, eng speziell Editioun fir dës Alters- a Bildungskategorie auszeschaffen. E Mix aus den zwou éischten Editioune mat neien Elementer, Uertschaften, Lieu-diten, Eventer a Quizfroen, déi vu Schüler a Studenten zesummegestallt goufen. A mat enger ganz wichteger Neierung: All d’Gemenge vum Land (mat de Kantonsgrenzen) si schonns op de Spillplang gedréckt an zousätzlech gëtt et och op der Spillkaart eng Foto an eng geografesch Hëllef, a wéi enger Regioun ee muss siche goen. Hei begéine sech den edukative Sënn an de Spaassfaktor. Eng Balance tëschent „Net ze schwéier“ an „Jo, ech weess“.

180 Spillkaarten am Rucksak

Dëst Spill am neie Look eegent sech fir eng Alterskategorie tëschent 10 an 18 Joer, mee kann och gäre vu „grousse Kids“ gespillt ginn, fir déi d’Spiller virdrun ze schwéier waren. De Spillplang gouf nei konzipéiert an et gouf och eng nei Kategorie „Duell“ agefouert, wou ee ka säi Matspiller erausfuerderen. Och wann déi schéin Uertschaften, touristesch Sitten an Eventer an Evidence gesat ginn an ee ganz vill iwwert eist Land gewuer gëtt, däerf een ni vergiessen, dass et nëmmen e Spill ass - an de Spillenthusiasmus wichteg ass!

D’Junior Editioun ass net „traditionell“ an enger Këscht verpak, mee an engem Rucksak! De Spillplang ass op engem Klemmbriet (wat een och soss gutt ka gebrauchen), an als Bonus gëtt et och e coole Gedrénksbidon derbäi mam Logo „Jo, ech weess“. De Rucksak mam flotten Opdrock vu „Kenns du Lëtzebuerg?“ kann een natierlech fir all privat Zwecker benotzen. A fir ze spillen, ze roden, ze wëssen a sech z´ameséiere gëtt et 180 Spillkaarten.

Gewannt Äert Spill

Weider Infoen op www.magic.lu