LETZEBUERG
TOM HAAS

A 500 Wierder: Wéi geet et weider an der europäescher Asylpolitik?

Bei engem Treffen um Freiden tëschent dem franséische President Macron an dem neien italienesche Ministerpresident Conte goung et eemol méi em d’Opnam an d’Verdeelung vu Geflüchteten an der Europäescher Unioun. An enger zesumme verfaasster Erklärung hu sech béid Länner dann och verstäerkt fir eng europäesch Léisung ausgesprach. Dobäi koum dann och d’Iddi vu sougenannte Migratiounszentren ausserhalb vun der EU op. Eng Iddi, déi net ganz nei ass. Mee wou wier de konkreten Notze vun dësen Zentren a wat géif dat fir Länner wéi Italien a Griichenland beispillsweis änneren?

De rezente Sträit iwwert ee Flüchtlingsboot, wat am Mëttelmier iwwer 600 Flüchtlinge gerett huet, weist op en Neits, datt d’Flüchtlingsproblematik an der EU nach laang net geléist ass. D’Schëff Aquarius krut nämlech vun der maltesescher an der italienescher Regierung verbueden, an deene respektive Länner u Land ze goen. Dat huet vill Kritik ausgeléist, virun allem vu franséischer Säit. Schlussendlech konnt d’Boot bei Valencia a Spuenien seng Anker setzen.

Italien a Griichenland ze laang eleng gelooss

Fir Politiker, déi sech fir eng gesamteuropäesch Léisung an der Migratiounspolitik ausschwätzen, ass dëst eemol méi ee Beispill, wat déi aktuell Schwächt vun der europäescher Asylpolitik opweist. Well no dem sougenannten Dubliner Ofkommes musse Migranten, déi Asyl an der EU sichen, eng Demande an deem Land maachen, wou se fir d‘éischt agereest sinn. An der Praxis ass dat ganz oft Griichenland oder Italien opgrond vun der geographescher Lag vu béide Länner um Mëttelmier.

Sou betount den EU-Vize-Kommissiounspräsident Frans Timmermans, dass Griichenland an Italien ze laang mat dem Problem eleng gelooss goufen. Soulaang d’Memberstaaten net agesi géifen, dass et sech ëm ee kollektive Problem handelt, géif d’EU an der Flüchtlingsfro scheiteren. Donieft hu sech de Macron an de Conte bei hirem Treffen fir déifgräifend Reforme vun der europäescher Asylpolitik an dem Dublin-Ofkommes ausgeschwat.

Well déi geplangte Verdeelungsquoten zur Opnam vu Flüchtlingen um Widderstand vu beispillsweis Länner wài Polen an Ungarn gescheitert sinn, koum elo erëm d’Iddi vu sougenannte Migratiounszentren ausserhalb vun der EU op. Mee wourëm handelt et sech do genau?

Konkret soll duerch esou Zentre probéiert ginn, dass Leit hier Asylufro direkt an engem nordafrikanesche Land maache kënnen, ouni mussen iwwert d’Mier ze fueren. Doduerch solle virun allem och déi Persounen, déi wéineg bis guer keng Chancen op Asyl an Europa hunn, dovunner ofgehale ginn, den oft geféierlechen an deiere Wee fir bis an Europa op sech ze huelen. Sou ähnlech Strukture ginn et fir de Moment schonn zum Beispill an Tunesien a Libyen. Donieft géifen d’Leit iwwert méiglech Alternativen an de respektive Länner opgekläert ginn, fir kënnen Aarbecht an Hëllef op der Platz ze fannen.

An dësem Kontext ass et dann och interessant, dass ab dem 1. Juli Éisträich d’Presidentschaft vum EU-Rot iwwerhëlt. Den éisträichesche Premier Sebastian Kurz setzt bekanntlech a Saache Flüchtlingspolitik op verstäerkt EU-Baussegrenzen. Konkret heescht dat ze verhënneren, dass Leit onkontrolléiert an d’Europäesch Unioun areesen - eng Usicht, déi vun der neier italienescher Regierung gedeelt gëtt. Et kann een also dovunner ausgoen, dass Éisträich déi sechs Méint un der Spëtzt vum EU-Rot notze wëll, fir eng Léisung an der Flüchtlingspolitik ze fannen. „Well eréischt wann een d’EU-Grenzen no baussen effektiv geschützt huet, kann ee se innerhalb vun der EU erëm ofbauen‘‘, sou de Sebastian Kurz.

Iwwert Rubrik

A 500 Wierder

 Virun zwee Joer huet d’Associatioun Narin de  Blogprojet A 500 Wierder gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag. a500wierder.lu