KIM ZOENEN

De President-Elect Donald J. Trump huet an der leschter Woch fir vill Opreegung an der internationaler Politik gesuergt, wéinst sengem Telefonat mat der Presidentin vum Taiwan. Mee firwat ass déi ganz Opreegung gewierscht? A firwat huet China den USA mat Konsequenze gedréit? [1]

„One-China policy“ verfollegt

Doropshin huet Amerika eng Een-China-Politik verfollegt. Dësen Ausdrock beschreift eng Politik, déi Verhandlunge nëmme mat China akzeptéiert. China gesäit nämlech Taiwan als en Deel vu China. Fir mat China ze verhandelen, dierfen amerikanesch Presidenten also net mat Taiwan schwätzen, well si soss Taiwan als onofhängeg géifen ugesinn. [2]

Den Donald Trump huet awer elo Kontakt mat Taiwan opgeholl. Säit Joren huet dat keen amerikanesche President méi gemaach, fir d´chinesesch Bezéiungen net ze gefährden. Den zukénftegen amerikanesche President seet, datt hien déi taiwanesch Presidentin net ugeruff hätt, mee si hätt him ugeruff, fir him ze felicitéieren. D´“Washington Post“ huet Insideren no allerdéngs Informatioune kritt, dat dëst Telefonat scho méi laang geplangt war. [3] Dëst wier och net erstaunlech, wann een dem Trump seng streng Proposë géint China am Walkampf consideréiert.

Dem Donald Trump seng Beroder spillen dee Virfall erof. Zudeem wëlle si och, datt ee Politiker sech net méi un déi „political correctness“ hält. Dem Stephen Moore, Beroder fir wirtschaftlech Froen, war et zimlech egal, wat China dovunner hält. China huet bis dato och net schaarf dorops reagéiert. Si hunn dat éischter als ee Lapsus vun Taiwan ugesinn. China geet net dovunner aus, datt d´USA vun hirer Een-China-Politik ewech kommen. Esou eng relaxéiert Reaktioun vun China huet zum Beispill och de fréiere US-Ausseminister Henri Kissinger erstaunt, dee fir d’Ufäng vun der Een-China-Politik responsabel war an den 1970er Joren. [4]

Mee den Toun aus China huet sech no e puer Deeg séier verschäerft. Staatsmedië betitelen den Trump als „diplomateschen Amateur“. Si schreiwen, datt ee schlecht Verhältnis tëschent den USA a China Amerika net „grouss“ maache géif - dem Donald Trump säi Walkampfmotto. Hie gëtt och als onerfueren a gedankenlos bezeechent an opgefuerdert, sech un déi prinzipiell Politik vu senge Virgänger ze halen. [5]

Bewosst eng aner China-Politik am Bléck?

Dowéinst stellt sech d’Fro, ob d’Beroder vum zukénftegen amerikanesche President, bewosst Relatiounen tëschent Taiwan an den USA opbauen an eng aner China-Politik bedreiwe wëllen. Als eng méiglech Konsequenz kéint China UN-Sanktioune géint deen nordkoreaneschen Atomprogramm ofbriechen. Eng aner Méiglechkeet wier och, datt China ee méi aggressive Stand am Südchinesesche Mier géint US-Schëffer demonstréiere géif. [6]

Den Donald Trump ass am Moment nach ëmmer onberechenbar. Duerch d’Telefonat mat der taiwanescher Presidentin huet hien dat gewisen. Dat ass ee groussen Affront géint China gewiescht, zudeem huet hien oft nach géint China „getwittert“. Schonn ier en als President ageschwuer gëtt, huet en domadder en éischte wichtege Schrëtt an internationaler Politik gemaach.

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

An dësem Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil:  Politesch Themen erklären an fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Woche-Rhythmusfannt Dir op dëser Plaz den Bäitrag. All Artikelen, den Politik-ABC a weider Informatiounen ënner ...
www.association-narin.com