LËTZEBUERG
LJ

De „CNL - Lëtzebuerger Literaturarchiv“ lancéiert e YouTube-Channel fir Literatur: D’Kanner- a Jugendliteratur aus Lëtzebuerg kënnt bei Dech heem

De Jo Lendle, Hanser-Editeur, huet et gesot: „Zeit für Bilderbücher, Kinderbücher, Jugendbücher. Gelegenheit für eine Alphabetisierungswelle, wie es seit Harry Potter keine gab.“ De „Centre national de littérature - Lëtzebuerger Literaturarchiv“ (CNL) deelt déi Meenung a wënscht sech, datt Kanner a Jugendlecher, déi wéint der Corona-Epidemie als éischt doheem hu misse bleiwen, déi Zäit niewent de schouleschen Aufgaben och dofir notzen, aner Welte kennenzeléieren. D’Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller aus Lëtzebuerg an d’Illustrateuren hunn an de leschte Jore spannend Geschichten am Original an an Iwwersetzung virgeluecht. Zesumme mat hinnen an hiren Editeure wëll de CNL deene Jonken elo déi Literatur méi no bréngen - mat Liesungen.

Dofir gouf elo e YouTube-Channel ageriicht, deen s Du iwwer dëse Link fënns: tinyurl.com/youtubeLiesungen. Oder andeems Du einfach op YouTube no „CNL Literaturarchiv“ sichs.

Bewosst kee Livestream

Dës Offer versteet sech als Complement zu der wonnerbarer Initiativ vu Maskénada a Serge Tonnar „Live aus der Stuff“. An enger éischter Etapp leet de CNL de Schwéierpunkt op d’Literatur fir Kanner a Jugendlecher, schléisst awer net aus, och Literatur fir Erwuessener mat dobäi ze huelen. „Mir wëlle bewosst kee Livestream maachen, fir den Oflaf vum Alldag bei de Kanner net virzestrukturéieren oder ze ënnerbriechen, wann Hausaufgabe solle gemaach ginn. Mir hunn ons och fir YouTube entscheet, well net jiddereen op Facebook ass“, heescht et an enger Pressematdeelung.

De „CNL - Lëtzebuerger Literaturarchiv“ huet Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller an hir Editeuren ugeschriwwen a se agelueden, matzemaachen. Dës Initiativ versteet sech och als e modeste Bäitrag, eis Auteure finanziell ze ënnerstëtzen an och d’Editeuren, bei deenen d’Rechter leien. „Och wëlle mir d’Lieserinnen a Lieser encouragéieren, weider Geschichten ze entdecken, andeems d’Bicher direkt beim Editeur oder bei de Librairië bestallt ginn. Iwwregens verschécken zu Lëtzebuerger d’Librairen gratis - net eréischt säit Corona-Zäiten“, ënnersträichen déi Verantwortlech. Zwou Geschichte kann ee sech am Moment schonn op dem YouTube-Channel ulauschteren, weidere kommen no.

D’Christiane Kremer an de Guy Helminger maachen den Ufank

„So mol Lobo“ vum Christiane Kremer ass eng Geschicht iwwer d’Schwätzen. An doriwwer, wéi wichteg et ass, mateneen ze schwätzen a sech eppes ze soen. D’Erzielung mat Illustratiounen vum Vincent Biwer ass fir Kanner vu 4 bis 7 Joer. D’Buch, dat 2019 de Buchpräis vun der Bicherfederatioun an der Kategorie „Kannerbuch“ krut, ass bei Kremart Edition erauskomm.

Et kritt een et iwwer www.kremart.lu oder bei de Librairien zu Lëtzebuerg. tinyurl.com/SomolLobo

„Eng Taass fir d’Nefertiti Nilpäerd“ vum Guy Helminger mat Illustratiounen vum Manuela Otten ass eng Erzielung, déi sech u Kanner bis 7 Joer riicht. D’Buch ass an der lëtzebuergescher Iwwersetzung vum Auteur selwer beim Verlag capybarabooks erauskomm.

Et kritt een et iwwer www.capybarabooks.com oder bei de Librairien zu Lëtzebuerg. tinyurl.com/NilpaerdNefertiti

Dës Woch kënnt nach no: „Alles just gedreemt“ vum Luc Marteling a Paulette Thinnes-Kaufmann. D’Erzielung, déi sech u Kanner vun 3 bis 7 Joer riicht, ass aus dem Buch „D’Lalumi a seng Dreem“, dat 2012 bei den Editions Saint-Paul erauskoum. Um „CNL - Lëtzebuerger Literaturchannel“ kann een d’Liesung lauschteren, wéi se op der Audio-CD „Lalumi - seng Frënn - seng Dreem - seng Reesen“ ze héieren ass. Déi ass bei den Editions Schortgen erauskomm. Siwe Geschichten sinn op der CD iwwert Verwandelungskënschtlerin Lalumi. Matgewierkt hunn de Luc Marteling, d’Paulette Thinnes-Kaufmann, d’Christiane Kremer, den lain Atten an de Jérôme Kauffmann. D’CD kritt een iwwer tinyurl.com/SchortgenLalumi oder bei de Librairien zu Lëtzebuerg.

An da komme nach weider Liesungen - géi einfach reegelméisseg op de Site kucken: tinyurl.com/youtubeLiesungen

Interessant fir Kanner a Jonker

Op Facebook wiisst de Programm vum „Live aus der Stuff“ ëmmer méi. Interessant fir Kanner a jonk Leit dierften dës dräi Rendezvouse sinn:

Den 28. Mäerz um 20.00 „Annick Sinner live aus der Stuff“: Figurentheater

„Prinzessin op der Ierz“: E Prënz, deen eng Prinzessin sicht an eng Kinnigin, déi sech un en uralen Prinzessinen-Test erënnert… D’Figuren aus dësem bekannte Mäerche vun de Gebridder Grimm sinn aus Holzlaten aus enger aler Wäikëscht gebaut. Duerch déi kleng Figuren illustréiert, eegent sech dës Erzielung och fir ganz kleng Kanner a fir jiddereen, dee sech gäere vun Mäerecher verzaubere léisst.

Den 1. Abrëll um 20.00 „Jonn Happi live aus der Stuff“: Den Jonn Happi sëtzt op sengem Späicher. A senger Stuff ass ze vill Chaos. Wat maachen, wann een de ganzen Dag Zäit huet? Raumen? Net haut! Bei Kollege goen? Net haut! De Laser Game an de Leoni Els sinn zou. Langweileg? Op kee Fall! Wat de Kënschtler bitt: zauberen, jongléieren, danzen an
e klenge Workshop.

Den 2. Abrëll um 20.00 „Gintare Parulyte live aus der Stuff“: D’Realisatrice, Schauspillerin an Autorin liest hir Kuerzgeschicht „Fuck“ vu vir bis hannen: eng Erzielung iwwert e puer Momenter aus dem hormonellen, alles-ausser-genialen a genitale Liewe vum Ramona S. Dat Ganzt relativ direkt an aus dem Gintare senger lokaler Stopp.

Weider Informatiounen heizou: www.facebook.com/liveausderstuff