LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

Hagia Sophia: Weltkulturierwe gëtt ee politesche Spillball

D’Lutte ëm d’Hagia Sophia zu Istanbul ass mat ganzer Kraaft entfacht. Ee Weltkulturierwe fir déi ganz Mënschheet gëtt zu engem Spillball fir dem tierkesche President Recep Tayyip Erdoğan seng Politik.
De Kaiser Justinian huet d’Hagia Sophia (griech. Helleg Wäisheet) 537 n. Chr. an nëmme fënnef Joer erbaue gelooss. Dat spéitantik Kierchegebai ass bekannt fir seng historesch Architektur, d’Seraphim-Mosaïquen an déi imposant Kuppel. Si gëtt als déi bedeitenst Kuppelbasilika an der Spéitantik ugesinn. Si war fir 900 Joer déi wichtegst Kierch vum Chrëschtentum am Orient. Bis da 1453 Konstantinopel (haut Istanbul) vum Sultan Mehmet II. erobert ginn ass an d’Hagia Sophia als Moschee ëmgewandelt ginn ass.

1935 huet de Kemal Atatürk, de Staatsgrënner vun der Tierkei, ugekënnegt, datt d’Hagia Sophia net méi als Moschee, mee als ee Musée ëmgewandelt sollt ginn. Säit 85 Joer ass dat historescht Gebai ee Musée an et soll als ee Symbol fir eng säkulär tierkesch Republik stoen. Bis virun e puer Deeg war d’Hagia Sophia nach ee Weltkulturierwe mat reliéise Wuerzelen aus dem Chrëschtentum an dem Islam, an als Musée soll dat reliéist Gebai fir all Mënsch accessibel sinn.

Fuerderung vu radikal-islamistesche Gruppen

Et ware meeschtens kleng radikal-islamistesch Gruppéierungen, déi gefuerdert hunn, d’Hagia Sophia erëm als Moschee ëmzewandelen. Dës Interesse waren an der tierkescher Bevëlkerung just minimal vertrueden an domat och fir déi tierkesch Regierung keng Prioritéit. Mee dat huet op dem 29. Mee, de 567. Joresdag vun der Eruewerung vu Konstantinopel changéiert. Op den Dag genee huet déi tierkesch Regierung déi ganz Zeenerie vun der Conquête nogestallt, an ënnert der gigantescher Kuppel, mat enger Héicht vu 55 Meter, hunn de Recep Tayyip Erdoğan an een Imam op enger Leinwand gebiet.

Ufanks Juli huet d’Regierung da matgedeelt, datt d’Hagia Sophia erëm als Moschee fungéiere soll. Dat héchste Verwaltungsgeriicht huet d’Ëmwandlung vum Musée an eng Moschee op Klo vun engem pensionéierte Schoulmeeschter awer fir zoulässeg erkläert. Dat Urteel ass international vill kritiséiert ginn.

Den ökumenesche Weltkiercherot kritiséiert den Erdogan an engem Bréif, an e schwätzt vun engem Zeeche vun Ausgrenzung an Trauer. Och déi russesch-orthodox Kierch ass bestierzt iwwert déi Entscheedung a betount, datt d’Hagia Sophia fir déi orthodox Kommunitéit esou ee wichtegt chrëschtlecht Symbol ass, wéi de Péitersdoum zu Roum fir d’Katholiken. Och d’EU kritiséiert den Erdogan an ënnersträicht, datt d’Tierkei een Traité ënnerschriwwen huet, dee sech fir eng tolerant Zivilisatioun asetze soll.

Allerdéngs kann een dem tierkesche President Erdogan duerch dëse Schratt ugesinn, datt hie sech an immens grousse politeschen Erausfuerderunge befënnt. Hien huet der tierkescher Bevëlkerung mat senger AKP-Partei ëmmer Demokratie, Fräiheet a Wuelstand versprach. Mee d’Leit ginn ëmmer méi skeptesch an d’Coronakris ass do och keng grouss Hëllef gewiescht, fir vun de Problemer ofzelenken. Vun dohier benotzt hien d’Hagia Sophia als populistesch-reliéis Symbolpolitik.

Historiker stelle sech dowéinst och vill Froen, wat mat den historesch-chrëschtleche Mosaicke gemaach gëtt. Och den Notze fir den Erdogan ass just bei den nationalisteschen a reliéisen Deel vun de Leit do. Mee den Imageschued fir d’Tierkei ass international enorm. Et bleift ofzewaarden, wéi et mat dem Weltkulturierwen Hagia Sophia weidergeet a wat déi international Kommunitéit
dogéint mécht.