LËTZEBUERG
MAX FISCH

A 500 Wierder: iwwert d’Geschicht vun der NATO - a firwat et kriselt

Ufank Dezember huet d’NATO mat all senge Staatscheffen zu London säin 70. Gebuertsdag gefeiert.

Trotz dësem flotten Ulass haten déi meescht Gäscht net vill Loscht ze feieren. Fir erauszefannen, wéisou dës Feierlechkeeten ënnert bedréckter Stëmmung stattfonnt hunn, a wéisou vu vereenzelte Medie behaapt gëtt, dass d’NATO nach ni esou zerstridde war wéi zu dësem Moment, muss ee sech als éischt d’Fro stellen, wat d’NATO genau ass, wéini, vu wiem a virun allem wéisou dës international Organisatioun gegrënnt gouf, fir wat se haut steet a wat hir Ziler an den nächste Jore sinn.

Nom Zweete Weltkrich gegrënnt

D’NATO (North Atlantic Treaty Organization) gouf am Abrëll 1949 nom Zweete Weltkrich gegrënnt an hat deemools virun allem als Zil, e weidere Krich um europäesche Kontinent ze verhënneren. No den traumateschen Erliewnisser vum Eischten an Zweete Weltkrich stoung fir déi europäesch Länner fest, dass et virun allem dodrëms geet, Fridden a Vertrauen zwëschen de Länner ze etabléieren an alles dofir ze maachen dass sech kee Land méi esou entwéckele kéint wéi et Däitschland ënnert dem Adolf Hitler gemaach huet. Dës Weideren ass nom Zerfale vum drëtte Räich d’Angscht virun der sowjetescher Union schnell gewuess. Den europäesche Grënnungsmembere wéi zum Beispill Lëtzebuerg, Holland, Frankräich, Belsch oder Portugal war schnell kloer, dass se no den immense Verloschter vum Krich net an der Positioun waren, laang géint de sowjeteschen Drock Stand ze halen. Kuerz drop hu sech insgesamt zéng europäesch Länner mat den Amerikaner a mat Kanada zesummegedoen an d’NATO gegrënnt. „To keep the Soviet Union out, the Americans in, and the Germans down“ ass bis haut ee vun den berüümtesten Zitater vun der NATO. Dëst kënnt vum Lord Hastings Lionel Ismay, dem éischte Generalsekretär vun der NATO. D’Existenzfro vun dëser neier Verdeedegungsorganisation war also séier gekläert.

Nodeems am November 1989 d’Berliner Mauer gefall ass a virdrun och schonn de politesche System vun der sowjetescher Union zerfall ass, huet sech d’NATO op en Neits missen d’Fro stellen, wéisou se nach weider existéiere sollt. An de Joren dono sinn dunn ëmmer méi osteuropäesch Länner der Organisatioun bäigetrueden. Laut der NATO hat dës Erweiderung den Zweck, fir de Fridden an d’Stabilitéit ëmsou méi kënnen ze garantéieren an dëst och op engem méi groussen Territoire.

An der leschter Zéit ass et ëmmer méi zu Onstëmmegkeeten innerhalb vun de Memberstaaten komm. Beim Haaptthema vun den Diskussiounen handelt et sech ëm d’Ausgabe vun de vereenzelte Länner. D’Amerikaner mam Trump un der Spëtzt verlaangen, dass aner Memberlänner, ënner anerem Däitschland, méi e groussen Deel vun hirem Joresbudget an hir Ausrüstung an och an d’NATO stieche sollen. Dës Weideren huet de Krich a Syrien och Meenungsverschiddenheeten ënner de Länner ausgeléist. De franséische President Emmanuel Macron hat d’Organisatioun schaarf kritiséiert. Grond dofir waren Diskussiounen ëm dem Trump seng plëtzlech Decisioun, déi amerikanesch Truppen aus dem Norde vu Syrien zeréckzeruffen, an dass d’Tierkei kuerz drop an d’Land gezunn ass, fir kurdesch Gruppéierungen unzegräifen, mat deenen d’USA, also hiren NATO-Partenaire, virdrun géint den IS gekämpft huet.

Mat neien an ëmmer méi komplexen internationale Krisen steet d’NATO also haut virun neien Erausfuerderungen, an et kann ee gespaant sinn, wéi d’Zukunft vun der Organisatioun, déi och vill duerch d’politesch Entwécklungen innerhalb vun den Memberlänner ofhängeg ass, wäert ausgesinn.