LËTZEBUERG
SABINE A SERGE TONNAR-STOLTZ

D’Petitioun ass ee vun de wéinege Mëttelen, mat deenen d’Bierger d’Politik opruffe kënnen, Stellung ze huelen zu Inhalter, déi si fir wichteg empfannen. „Als Bierger, als Mënschen, als Koppel an als Eltere maache mir dofir Gebrauch vun dësem Mëttel, fir ze versichen, grondleeënd Prinzippien an de politeschen Debat ze bréngen“, soen d´Sabine an de Serge Tonnar-Stoltz als Initiateure vun der Petitioun 1584 „Ons nei Heemecht“.

„Eisen Text kënnt aus der Kris a weist drop hin, wat no der Kris wichteg ass. Mir hunn eis dës zwou Froe gestallt: 1. Fir wat kämpfe mer grad? Ass et nëmmen, fir z’iwwerliewen? Nee, dat wier e Selbstzweck a geet net duer. Mir kämpfen a wëllen iwwerliewe fir all déi schéi Saachen, déi am Mënsch sinn: Liewensfreed, Bewosstsinn, Genéissen, Léift, staark Gefiller a Mateneen. Wa mer just kämpfen, fir z’iwwerliewen, an herno do sëtzen, an all dës schéi Saache vergiess, verluer a verléiert hunn, dann hu mer fir näischt gekämpft. Da kënne mer grad sou gutt gläich de Läffel ofginn.

An der Politik, an am ëffentlechen Debat allgemeng, gëtt quasi exklusiv iwwert d’Kris, den Noutzoustand, de Virus an d’Urgence geschwat, a kaum nach iwwert eis mënschlech Wäerter an iwwert déi Welt, déi Gesellschaft, déi Heemecht déi mir fir muer wëllen. Wann eis Petitioun 4.500 Stëmmen an 42 Deeg kritt, ass d’Politik gezwongen, dozou Stellung ze huelen. Dat wier en éischte Schratt a Richtung vun enger ëffentlecher Ausenanersetzung mat de Wäerter an dem Liewen, déi mir fir eis a fir eis Kanner wëllen.

2. Wat kënne mer Positives aus der Kris léieren? De Coronavirus huet vill Misär, Angscht an Onsécherheet ënnert d’Leit bruecht. An der Quarantaine hu vill vun eis awer och eng Rei positiv Nieweneffekter festgestallt: eng radikal Entschleunegung vun eisem verréckte Liewensstil, op eemol Zäit ze hunn fir eis Kanner, kee Verkéier op de Stroossen a frësch Loft, Schaffe vun doheem… Villes, wat mer eis all scho laang gewënscht hunn, wou mer vill a laang driwwer geschwat hunn, an awer net wierklech ëmgesat hunn. Mir duechten, d’Liewe misst esou sinn, wéi et war, an et wier kaum méiglech, eppes ze änneren. Am Krisenzoustand ass et op eemol vun haut op muer méiglech ginn, radikal Changementer an der Politik ze maachen. Dat kann engem Angscht maachen, awer och e bëssen Hoffnung, dass no der Kris d’Politiker méi Courage hunn, fir Moossnamen ze huelen, déi eis Liewensqualitéit drastesch an d’Luucht setzen. Mir sinn och der Meenung, dass Lëtzebuerg als klengt Land mat kuerze Weeër, séier zu engem Virreider a Virbild op der Welt fir eng nohalteg Politik kéint ginn. Si mir onbeléierbar a liicht naiv Idealisten? Jo, an houfreg drop.

D’Leit, déi eis Petitioun ënnerschreiwen, wëllen, dass Liewensqualitéit, Solidaritéit, Gesondheet an Nohaltegkeet zu dauerhafte Prioritéite fir dat politesch Handelen zu Lëtzebuerg erkläert ginn. Si wëlle Verännerungen a si bereet eng responsabel Liewensweis unzehuelen, fir e bessert Liewen haut a fir déi nächst Generatiounen ze garantéieren. Si wëllen, dass déi zéng Prinzippie vun dëser Petitioun vun alle politeschen Acteuren ugeholl ginn an, no enger breeder demokratescher Consultatioun, zu Moossnamen a Mechanisme féieren, fir se an der Praxis ëmzesetzen. Si wëlle schlussendlech, dass dës Prinzippien an engem Pakt tëscht dem Staat an der Zivilgesellschaft festgehale ginn.“

tinyurl.com/petition1584