LETZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: Wat ass d’Affär ronderëm „Cambridge Analytica“?

Déi lescht Woch ass vill iwwert „Cambridge Analytica“ geschwat ginn. Déi solle sech mat illegale Mëttelen Zougang zu zirka 50 Millioune Facebook-Konte verschaaft hunn an déi Date geklaut hunn. Wéi steet Facebook a Co. iwwerhaapt zum Schutz vun eiser Privatsphär a wat huet „Big-Data“ domat ze dinn? Dorëms geet et an dësem Artikel.

D’Entreprise „Cambridge Analytica“ (CA) ass an der leschter Woch bekannt ginn, andeems d’Berodungsfirma duerch illegal Methoden Donnéeë vu ronn 50 Millioune Facebook-Benotzer geklaut soll hunn. D’Firma ass mat Hëllef vun engem Dozent vun der Universitéit vu Cambridge un déi Donnéeë komm. Och Facebook huet him Zougang zu anonymiséierten Donnéeë vu Facebook-Notzer weiderginn, een Expert vun der Columbia Universitéit mengt och, datt Facebook mat dem Dozent zesummegeschafft misst hunn. De Psychologie-Dozent Aleksandr Kogan huet mat enger App „thisis-yourdigitallife“ Date gesammelt an déi huet hien dann un d’Berodungsfirma weiderginn. (1)

Milliounebeträg fir CA

„Cambridge Analytica“ huet och domat Reklamm gemaach, dat si mat hiren Donnéeën a Methode Wale beaflosse kënnen. Deemno huet CA vum Donald Trump senger Walcampagne knapp 5,9 Milliounen Dollar kritt. CA soll vun 2014-2016 bis zu 16 Milliounen Dollar iwwerwise kritt hunn. Déi britesch Zeitung „Observer“ huet dëse Skandal opgedeckt an huet och gesot, datt Facebook hinnen am Fall vun enger Verëffentlechung mat juristesche Mëttele gedreet huet.(2)

De Facebook-Chef Mark Zuckerberg huet sech an engem Interview entschëllegt. Facebook, Amazon, Insta-gram, Google, Twitter etc… kaschten an der Benotzung näischt, mee si sammelen dofir eis Daten. D’Benotzer vu Facebook gi privat Detailer aus hirem Liewen op Facebook präis. Doduerch kann zum Beispill Facebook déi Daten ophuelen, analyséieren an dann eng spezifesch Publicitéit fir Leit erstellen. Och Leit, déi kee Facebook hunn, huet Facebook op dem Radar. Dat ass méiglech, well vill Leit Facebook d’Erlaabnis ginn, op hier Kontakter zougräifen ze kënnen. Mam „Like-Button“ ka Facebook erkennen, fir wat d’Leit sech interesséieren, wéi e Smartphone benotzt gouf oder och lokaliséieren, wou eng Persoun grad war. Och Google mat Android sammelt massiv Donnéeë vun den Notzer, esou ka Google ganz intim Informatioune kréien, wéi zum Beispill wéi eng Krankheet eng Persoun huet.(3)

Dat ass zesummegefaasst „Big Data“, also eng enorm Usammlung vun Daten. Nodeeler vun „Big Data“ wieren zum Beispill net nëmmen de Vol vun den Daten an do-maddem och eiser Privatsphär, mee och eng Diskriminéierung. Als Beispill: De Präis vun engem Produit, d’Buche vun engem Vol, duerch verschidden Indikatiounen, wéi zum Beispill Apple oder Samsung oder och wou een sech grad befënnt, kann de Präis fir ee Vol oder eppes op Amazon fir eng Persoun méi deier oder méi bëlleg sinn.(4) Mat „Big Data“ kann och eng total Iwwerwaachung stattfannen. China huet fir seng Awunner ee sougenannten „Social Ranking“ erstallt, deen ass mat der Kreditwierdegkeet gekoppelt. Duerch d’Sammele vun den Daten, duerch ëffentlech Kameraen oder Surfen am Internet gëtt ee bestrooft oder belount. De Problem kënnt, wann den Wäert ënner 555 Punkte fällt, da kritt ee kee Prêt méi, keng Promotioun an „en plus“ ass ee gesellschaftlech um Enn.(5)

Dateschutz bleift eng zentral Aufgab fir Politiker. Mee och all Consommateur muss léieren, mat sengen Donnéë besser ëmzegoen an sech besser iwwert d’Risiken z’informéieren.

Quellen a Links:

(1) tinyurl.com/a500w-ca1
(2) tinyurl.com/a500w-ca2
(3) tinyurl.com/a500w-ca3
(4) tinyurl.com/a500w-ca4
(5) tinyurl.com/a500w-ca5

Zur Rubrik „A 500 Wierder“ Virun zwee Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag. a500wierder.lu