LËTZEBUERG
SAM MERSCH

D’Flouernimm an d’Rechtsgeschicht

Flouernimm sinn eng räichhalteg Quell. Mee wat kënnen eis d’Flouernimm iwwer d’Rechtsgeschicht soen?

Flouernimm ware wichteg, fir d’Lännereien erëmzeerkennen, wann se verkaaft oder versteet goufen. Et ass awer och esou, datt bestëmmte Flouernimm op de legale Kontext an engem ländleche Bezierk hiweisen an do speziell op gewëss Restriktiounen, déi de Leit gesat goufen. Hei ass wuel dat wichtegst Element de Bann. Sou muenche Bann ass haut nach bekannt, zum Beispill de Réiserbann, mee d’ganzt Land war no hinnen agedeelt.

Ganz dacks fënnt een an de Flouernimm einfach nëmmen am Bann, ouni weider Referenz. Geneesou oft goufen awer och Lännereie benannt, déi zum Bann gehéieren, sou d’Bannheck zu Obeler, d’Banndriesch zu Leideleng oder de Bannstall zu Piisseng. E Bann ass dobäi eng ländlech legal Ofgrenzung. D’Wuert ass relativ al, woubäi eng germanesch Etymologie mat der Bedeitung „rechtlech proklaméieren“ unzesetzen ass. D’Wuert huet iwwregens näischt mam Verb bannen (am Sënn vun een oder eppes verbannen) ze dinn.

Millen a Iewen

Rechtlech gesinn huet sech d’alldeeglecht Liewe vun de Leit am Bann ofgespillt. Fir säi Miel gemuelen ze kréien, huet ee misse bei déi Mille goen, déi fir dee spezifesche Bann zoustänneg war. Dëst nennt een och Millenzwang. An de Flouernimm fënnt een dat och erëm an zwar eeben als Bannmillen, zum Beispill zu Miedernach. D’Leit waren awer net nëmme gezwongen, déi Millen ze benotzen, se hunn natierlech och dofir misse bezuelen, an zwar net nëmme fir d’Muele vun de Kären, mee och fir den Ënnerhalt vun der Mille selwer. Oder se si vum lokalen Här gezwonge ginn, selwer nom Ënnerhalt vun der Millen ze kucken.

D’selwecht huet et mam Bannuewen ausgesinn, deen an de Flouernimm op d’mannst zu Hoe virkënnt. Hei hunn d’Leit och misse fir den Ënnerhalt opkommen. D’Leit ware gebonnen, do hiert Brout baken ze loossen, woubäi se dem Bäcker dat néidegt Miel ginn hunn an dësen ongeféier all 21. Brout fir sech gehalen huet. D’Hausbrout, also dat, wat d’Leit reegelméisseg giess hunn, war dobäi oft aus Kar, well de Weess zu engem groussen Deel huet missen als Steier ofgi ginn.