LËTZEBEUREG
PATRICK VERSALL

„Shop Shop Shop“, déi nei Expo am Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg

D’Lëtzebuerger Sprooch gëtt jo vun Anglizismen iwwerrullt. Op an der Alldagssprooch oder an wëssenschaftleche Fachjargonen, de Vokabulär vun der Insel huet sech iwwerall néiergelooss. Ee Begrëff, dee mir net méi aus der Alldagssprooch erauskréien ass „Shoppen”. Mir ginn haut net méi an de Buttek akafen, mä an de Store shoppen.

De Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg interesséiert sech a senger fuschneier Ausstellung “Shop Shop Shop” fir d’Geschicht an d’Evolutioun vum Commerce um Gebitt vun eiser Haaptstad. Op gläich e puer Niveaue féiert de Musée de Visiteur duerch e puer Jorhonnerte Lëtzebuerger Commerce-Geschicht. Ët begéinen engem Nimm vun Butteker, déi d’Bild vun der Stad Lëtzebuerg geprägt hunn oder schonns laang aus dësem verschwonne sinn: Rosenstiel, Ernster, Keller, fir nëmmen déi ze ernimmen.

Mat Dokumenter an Ausstellungsstécker aus der eegener Kollektioun – ëmmerhin 80% vun den Objeten an der Expo gehéieren dem Musée beim Palais – a Prêten aus aneren Haiser wéi dem Mudam oder dem Centre National de l’Audiovisuel (CNA) kritt de Visiteur gewisen, wéi fréier déi eenzel Geschäfter an Artisanen organiséiert waren. Dat virun honnert Joer schonns fix Präisser fir Brout oder Fleesch festgeluecht goufen, an een net beim Metzler oder Bäcker handelen konnt, ass haut villäicht net méi sou bekannt.

Thematesch Approche

Nierwend engem ganz billerréiche chronologesch Iwwerbléck iwwert d’Mutatioun vun der Stader Commercewelt mam Fokus op déi al Traditiounshaiser an op déi éischt Demarchen, Ufank vum 20. Jorhonnert Shoppingzenteren an der Stad ze bauen, geheit d’Expo och ee Bléck an d’Zukunft a stellt dem Visiteur a betraffene Commerçanten d’Fro, wouhin de Wee vun der Zukunft si hi féiert. Interessant ass ouni Zweiwel och de Bléck op d’gréng Wiss, een Ausfluch an eng Zäit, wou déi éischt Supermarchéen sech virun den Dieren vun der Haaptstad ausgebreet hunn, de Wuelstand gewuess ass an och zu Lëtzebuerg de Begrëff „Konsumgesellschaft” kéngem méi spuenesch virkomm ass.

Déi nei Ausstellung geséit nierwend enger chronologescher Approche zum Thema och eng thematesch vir. An verschiddenen Themenräim léiert de Visiteur ganz ënnerscheedlech Aspekter vum Commerce kennen. Esou ginn zum Beispill Filmextrait’en gewisen, an deenen sech villes oder bal alles ëm Butteker a Shopping dréit. A weideren thematesche Reim stinn d’Fënsterdekoratioune vun de Butteker am Mëttelpunkt vum Interessi oder d’Evolutioun vun de Keesapparaten. Natierlech däerfen och déi nostalgesch Publizitéitsfilmer vu grousse Miwwelhändler net feelen, déi an an de 70er Joren am Kino oder tëschent den Televisiounsemissioune gewise goufen. Op all Konschtfrënn waart um Enn vum Parcours een Dessert: De Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg weist an engem kléngen Ausstellungsraum Fotografië vum Martin Parr an Takashi Suzuki zum Thema vun der Expo.
www.mhvl.lu