LËTZEBUERG
SAMUEL HAMEN

Ee kuerzen Aperçu iwwert d’Konscht, engem Buch ee prägnante Cover bäizeginn

Nach ier mir dat éischt Wuert vun engem Buch liesen, hu mir schonns eng Iddi am Kapp, op wat mir eis gefaasst maache mussen. Tatsächlech ass de Cover dat éischt Signal, dat eis ee Buch gëtt, den éischten Hiwäis, deen eis dorobber preparéiert, wat mir begéine wäerten op de folgende Säiten - a wat net. An der Mediegeschicht vum Buch si Coveren awer ee relatiivt (K) jonkt Phänomen. Eréischt ëm 1900 huet et sech duerchgesat, datt och op der viischter Säit vun engem Buch den Titel, den Numm vum Auteur an eng Illustratioun ofgedréckt ginn.

Et gëtt Klassiker an der Cover-Gestaltung, ënnert anerem d’Bicher aus dem däitsche MERVE-Verlag: Op all hire Bicher ass eng Raut ze gesinn - an dat zënter hiren éischte Publikatiounen am Joer 1970. Aner Editeuren, déi et gepackt hunn, hir Bicher duerch den Design vun der Titelsäit zu Klassiker ze maachen, sinn de RECLAM-Verlag oder den INSEL-Verlag. Ma wann ee bësse siche geet, stéisst een och an der Luxemburgensia op eng sëllech Bicher mat impressionnanten, artistesch usprochsvolle Coveren.

Ee besonnesch prägnant Beispill ass d’Buch „Luxemburg“ vum Batty Weber, dat 1944 vum Tony Jungblut erausbruecht gouf. Fir de Cover zeechent de Graphiker a Publizist Raymon Mehlen verantwortlech. D’Buch versammelt schmuel feuilletonistesch Skizzen aus dem Batty Weber sengem „Abreißkalender“, fir deen den Auteur bis haut berühmt ass. Um Cover gesi mir als Silhouetten ikonographeschen Elementer, déi deemools dat lëtzebuergescht Selbstverständnes definéiert hunn: ënnen d’Héichiewen aus dem Minett, mam tippesche Faarftoun vun den „Terres Rouges“, méi wäit uewen d’Skyline vun der Stad mat der Kathedral als Zentrum a ganz uewen dann d’Ruin vun enger Buerg. Am Buch selwer stéisst een dann op Prosa-Miniaturen, déi als Text dat ënnerhuelen, wat um Cover schonns als Bild präfiguréiert war: eng topographesch Erfaassung vu Lëtzebuerg.

Fir d’Présidence vum Conseil d’Europa, déi 2015 Lëtzebuerg iwwerholl hat, gouf ee ganz ähnlecht Logo entworf. Méi wéi 60 Joer nom Raymon Mehlen sengem Cover huet sech nawell sou munches verännert: D’Héichiewe glousen net méi, an och d’Ruine schéngen ze almoudesch ginn ze sinn, fir d’Image vum vermeintlech dynamesche Land ze representéieren. 

Elo muss d’Silhouette vum Kierchbierg hierhalen, fir eis national Identitéit ze stäerken. Wéi wäert et wuel a 60 Joer ausgesinn, wann déi gliese Banken- an EU-Palazzi hire symbolesche Wäert verluer wäerten hunn? Kommen da Covere mat Meteoritten, un deene butzege Space-Mining-Fabricken pechen?

Wat Covere leeschte kënnen 

Ma et gëtt och an der jéngster Literatur Coveren, déi méi wéi just ee kuerzen éischte Bléck verdéngt hunn. D’Autrice Claudine Muno, Lauréatin vum Prix Servais a vum Lëtzebuerger Buchpräis, huet bei enger Partie Bicher, déi beim Editiounshaus „Op der Lay“ erauskoumen, de Cover selwer illustréiert. Bei hirem Roman „frigo“ gesi mir beispillsweis eng gelunge karikaturesk Gestalt, déi d’Lieserschaft schonns dorobber preparéiert, datt se hei - wéi sou dacks bei der Muno - eng ofgedréinte Geschicht mat skurrille Personnagen erwaart.

Beim Jean Krier sengem leschte Gedichtband, „Herzens Lust Spiele“, gouf de Fokus op ee besonneschen Detail geluecht. Den Auteur ass 2013 gestuerwen an huet laang Zäit un engem schwaachen Häerz gelidden. Um Cover vum Gedichtband gesäit een eng Ultaschall-Opnam vu sengem Häerz - op dës Manéier gëtt een intrikate an intime Lien geknëppt tëscht dem kranke Kierper an de Gedichter an dësem leschte Band, deen dräi Joer virum Dout vum Jean Krier Theme wéi Dout a Verloscht verhandelt. Am beschte Fall ass de Cover also méi wéi just een Eye-Catcher oder Verkafsargument; e kann als ee prägnant artistescht Element Motiver, Iddien a kënschtleresch Biller virformuléieren, nach ier mir an den Text agedaucht sinn. An deem Sënn: Aen op, wann Dir déi nächste Kéier an d’Librairie gitt!