LËTZEBUERG
JK

En neit Buch vum „Comité Alstad“,

An den „Dipso - the Wine Republic“ hat den „Comité Alstad“ gëschter Mueren op déi offiziell Virstellung vum Buch „Lëtzebuerg - Ons Alstad gëscht an haut“ agelueden. Bei dëser Presentatioun waren de President vun der Chamber Gast Gibéryen an de Staatssekretär Guy Arendt derbäi. An dem Buch, dat an Zesummenaabecht mat den „Editions Schortgen“ erausgi gouf, gëtt d’Fro opgeworf: „Wéi huet d’Lëtzebuerger Alstad fréier augesinn, wat huet sech wéi am Laf vun de Jore verännert?“ An dëser Publikatioun, „enger Zäitrees an d’Vergaangenheet vun der Alstad“, wéi de President vum „Comité Alstad“, Guy Jourdain, ënnerstrach huet, kréien och déi méi jonk Generatiounen d’städtebaulech Entwécklung an Erënnerung bruecht. A Buchform kann een duerch d’Vergläiche vun alen an neien Opname gesinn, wat sech am Stadbild geännert huet.

Un Hand vun iwwer 150 neie Bildvergläicher entdeckt een op enger fotografescher Promenade d’Alstad am Wandel vun den Zäiten. D’Buch „Lëtzebuerg - Ons Alstad gëscht an haut“, 152 Säiten an de Sprooche Franzéisch an Lëtzebuergesch ass fir 44 Euro an de Bichergeschäfter oder beim „Comité Alstad“, Telefon 46 61 88, ze kréien.

Och huet den „Comité Alstad“ gëschter säi Këschtcado virgestallt: de Stadplang „Luxembourg en 1890“ vum Architekt an Historiker Jean-Pierre Biermann (1842-1908) aus der Kollektioun vum Geschichts- a Konschtmusée. Dëse Facsimile gëtt et beim „Comité Alstad“ , Telefon 46 61 88.

Wéi de Guy Jourdain wieder gesot huet, wäert den „Comité Alstad“ fir Niklosdag nees a sengem renovéierte Sëtz an der Alstad (14, rue Sigefroi) schaffe kënnen.