LËTZEBUERG
JK

Restauréiert Auerwierk aus dem Tuerm vun der Méchelskierch presentéiert

D’Auerwierk aus dem Tuerm vun der Méchelskierch um Fëschmaart ass restauréiert. Gëschter gouf dat restauréiert Wierk an der Méchelskierch presentéiert. Dëst Auerwierk huet eng laang Geschicht.

E Bléck zeréck

Den 8. August 1902 huet den Här Lambert Schroeder der Stad Lëtzebuerg en Devis ënnerbreed, fir en neit Auerwierk fir Méchelskierch um Fëschmaart. Den Devis huet folgendes préziséiert: „Une horloge marchant huit jours, à quatre corps de rouage pour répéter l’heure à la demie sur une autre cloche, c. à. d. un corps spécial pour sonner les demies avec sonnerie des quarts par trois coups. Les roues sont en bronze de 1er qualité, pignons et levés en acier trempé. Les cylindres pour monter les cordes des poids sont en cuivre, l’échappement à ancre Graham. Pour le fonctionnement de l’horloge pendant les remontages le poids du mouvement est maintenu par un ressort auxiliaire. Un petit cadran est placé sur l’horloge pour faciliter la mise à l’heure, cordes métalliques en fil de fer galvanisé. Le diamètre de la première de 49,50 cm, échappement à force constante, armoire, pose, tout compris 2.950 frs“.

Kuerz duerno, den 3. Oktober 1902, huet Stad Lëtzebuerg, ënnert dem deemolegen Buergemeeschter Emile Mousel, beim Lambert Schroeder, Auermécher a Bijoutier, en neit Auerwierk fir Méchelskierch um Fëschmaart bestallt.Ufanks 1903 gouf dat neit Auerwierk geliwwert an och am Kierchtuerm montéiert. D’Auerwierk selwer kënnt aus enger vun de bekanntesten Auere- manufakturen aus Europa, der Manufaktur „Ungerer“ an huet bis 1945 de Fëschmaarter Leit d'Zäit ugesot.

De Comité Alstad huet virun engem gudde Joer d’Initiativ ergraff, fir dëst Auerwierk komplett renovéieren ze loossen an se duerno an der Méchelskapell vun der Méchelskierech dem Public zougänglech ze maachen.

De Georges Jungblut, Bijouterier aus der Fleschiergaas, e Spezialist an der Restauratioun vun alen Aueren, huet d’Restauratiounaarbechten un dem imposanten, dräi Meter laangen Auerwierk duerchgefouert. Dëse Projet gouf mat der Ënnerstëtzung vum „Fonds Culturel National de Luxembourg“ (FOCUNA) verwirklecht.

Elo kann een dat restauréiert Auerwierk an der Méchelskapell vun der Méchelskierch um Fëschmaart bewonneren.