LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: Wat ass de Nationale Vollekskongress a China?

Eigentlech wier de chinesesche Vollekskongress de 5. Mäerz gewiescht. Mee dat gréisst Parlament vun der Welt huet de Kongress wéinst dem Coronavirus missten op de leschte Freide verleeën. Dowéinst ass den Nationale Vollekskongress zwee Méint méi spéit ugaangen wéi normal.

No der chinesescher Konstitutioun ass den Nationale Vollekskongress dat héchst politescht Organ vum Staat an och gläichzäiteg d’Parlament vun der Volleksrepublik China. Aus zirka 3.000 Deputéiert besteet de Vollekskongress an ass doduerch dat gréisste Parlament vun der Welt. Dee kënnt all Joer am Mäerz fir zéng Deeg zu Peking zesummen. De Premierminister Li Keqiang lancéiert de Kongress mat enger Ried zu der Lag vun der Natioun. Normalerweis gëtt den ekonomesche Wuesstem, de Militär-an de Regierungsbudget festgehalen. Opgrond vun der aktueller Situatioun, gouf de Wuesstem vun der chinesescher Ekonomie net public gemaach. Soss ginn nach déi wichtegst politesch Entwécklungspläng matgedeelt.

Keng parlamentaresch Diskussioun

De chinesesche Vollekskongress ass ee „Scheinparlament“. D’kommunistesch Partei stellt dem Parlament nei Gesetzer vir, an nëmmen an zimmlech rare Fäll ginn déi refuséiert. Esou gesinn, gëtt ënnert de chineseschen Deputéierte keng parlamentaresch Diskussioun gefouert wéi hei zu Lëtzebuerg. Dat politescht Evenement huet eng grouss Symbolkraaft fir déi kommunistesch Partei am ganze Land. Dowéinst gëtt och den Internet zu dëser Zäit méi zenséiert wéi soss. Aktivisten an Dissidente ginn als Sécherheet fir e puer Deeg ënner Hausarrest gestallt, fir datt si keng Gefor fir den Nationale Vollekskongress duerstelle kënnen.

Wéinst der Coronakris mussen d’Deputéiert an eng Quarantaine goen a sech teste loossen. Aus den zéng Deeg sollen et dëst Joer och just d’Hallschent sinn. Vill Sëtzunge vu verschiddene Kommissioune gi per Videokonferenz ofgehalen. Trotzdeem sinn d’Biller vum Kongress wichteg, fir datt déi chinesesch Regierung hir Muecht iwwert dat ganzt Land weise kënnen. Zemools wëllen déi chinesesch Autoritéite mat dem Kongress weisen, datt si d’Lag iwwert de Coronavirus am Grëff hunn.

Wat gëtt dëst Joer decidéiert?

Wat vill Observateuren iwwerrascht huet, ass datt fir dëst Joer kee Wuesstemszil festgeluecht gouf. Wéinst dem Coronavirus ass déi chinesesch Ekonomie am éischte Quartal ëm 6,8 Prozent gefall. Fir déi éischte Kéier säit 44 Joer ass de PIB zeréckgaangen. Aus der Onsécherheet gëtt dëst Joer kee Wuesstemszil annoncéiert.

Wat fir vill Kritik am Ausland a fir Onrouen zu Hongkong gefouert huet, ass datt ee sougenannte Sécherheets-Gesetz fir Hongkong geplangt ass. Dat soll ouni Zoustëmmung vum Parlament aus Hongkong gestëmmt ginn. Doduerch géif China den „Ee Land, Zwee Systemer“-Pakt net anhalen, dat 1997 d’Autonomie garantéiere soll. Déi kommunistesch Partei wëll domat déi Hongkonger Demokratiebeweegung kriminaliséieren. Dowéinst si leschte Weekend d’Hongkonger op d’Stroossen demonstréiere gaangen. Säit méi wéi engem Joer protestéiere si fir hir Fräiheet a géint de chineseschen Afloss.

Och den amerikanesche President Donald Trump wëll sech bei Hongkong „ganz staark“ positionéieren, esou wéi och aner demokratesch Länner Hongkong ënnerstëtze wëllen. Mee déi bilateral Bezéiungen tëschent den USA a China befanne sech grad op engem Déifpunkt. Den zweeten Handelssträit steet virun der Dier, an och wéinst den US-Wale muss den Donald Trump China d’Schold um Virus ginn, fir datt hie vu senger Schold oflenke kann.

Generell muss ee soen, datt den Nationale Vollekskongress net engem demokratesch gewielte Parlament wéi an de westlechen Demokratien entsprécht.

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

Virun véier Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag.
 
All Artikelen, de Politik-ABC a weider Informatiounen ënner a500wierder.lu an association-narin.com