LËTZEBUERG
LJ

Offiziell Virstellung vum neie Kannerbuch „Den Elmar am Schnéi“ zu Jonglënster

Hutt Dir schonn eng Kéier waarm Hänn a wootlecht Waasser gehalen? Dat fillt sech da kal un. A wann Dir kal Hänn a wootlecht Waasser zappt, da fillt dat sech waarm un. An dëser Geschicht weist de faarweg karéierten Elefant Elmar senge Frënn, wéi ënnerschiddlech ee waarm a kal erliewe kann a wéi flott Wäermt a Keelt kënne sinn. Déi jonk Lieser oder éischter Nolauschterer gi vun den Elefanten op e witzegen, waarm-kalen Entdeckungstour matgeholl.

„Den Elmar am Schnéi“ ass ewell déi fënneft Geschicht vum David McKee sengem populären Elefant, déi de Luc Marteling op Lëtzebuergesch iwwersat huet. D’Buch ass erauskomm bei Kremart Edition a kascht wéi déi aner Elmar-Bänn 12,95 Euro („Den Elmar“, „Den Elmar an d’Nilpäerd“, „Den Elmar an d’Monster“, „Den Elmar an d’Schlaang“). Fir 2016 si weider Elmar-Geschichten op Lëtzebuergesch virgesinn.

Liesung zu Lënster: Elefanten a Villercher

Offiziell virgestallt gëtt „Den Elmar am Schnéi“ an enger Liesung fir Kanner vun ongeféier dräi bis siwe Joer e Samschdeg, de 26. September um 10.30 zu Jonglënster an der Lënster Bibliothéik am Centre culturel „Am Duerf“. Et liesen: Christiane Kremer a Luc Marteling.

Um Programm: „Den Elmar am Schnéi“, „Den Elmar an d’Schlaang“ an „Den Elmar an d’Monster“ an och nach zwou Geschichten iwwer Villercher: „De Kueb Kuiitsch“ an „De Poli an d’Maisy“.

Den Entrée ass fräi. Virum Kulturzenter (8, Rue du Village) ass dee Moien och Maart.