LËTZEBUERG
LEE WAGNER

A 500 Wierder: Wat ass zu Salisbury geschitt a wat sinn déi international Reaktiounen?

De Sergei Skripal ass ee pensionéierte russesch/briteschen Doppelagent. Ugefaangen huet seng Carrière an der Sowjetunioun, ass weidergaangen am russesche Militärnoriichtendéngscht, bis hie schlussendlech bei de briteschen MI6 iwwergelaf ass. Am Joer 2004 gouf hie well als Agent vum MI6 enttarnt an a Russland selwer verhaft. No puer Joer an engem Aarbechtslager a Mordwinien ass de Sergei Skripal 2010 begnodegt a géint een anere russeschen Agent ausgetosch ginn an huet sech an der klenger Stad Salisbury an England niddergelooss.

Ufanks Mäerz ass d’Julia Skripal, seng Duechter, aus Russland bei hien op Besuch komm, wou si am fréien Nomëtten eng Pizzeria besicht hunn, bis si géint 16.00 nomëttes bewosstlos op enger Parkbänk opfonnt goufen. Déi zwee hu missen direkt an d’Spidol an hunn eescht ëm d’Iwwerliewen gekämpft. Dëst ass de 4. Mäerz geschitt. Mol keng Woch duerno, de 7. Mäerz, huet sech erausgestallt dass déi zwee mat engem „Nervekampfstoff“ vergëft goufen.

De Lee Wagner, 26 Joer, mecht den Ament säi Master a Political Science.  - Lëtzebuerger Journal
De Lee Wagner, 26 Joer, mecht den Ament säi Master a Political Science.

Dat do klengt elo zimlech no engem klasseschen Ian Fleming Roman, ganz no James Bond Manéier, mee dës Affär huet effektiv international Welle geschloen an eng gewëssen Uspanung tëschent Groussbritannien a Russland entstoe gelooss. Fir dës Affär besser kënnen ze erklären ass dësen Artikel a gewësser chronologescher Reiefolleg geschriwwen ginn.

Ausweisung vun Diplomaten nom Ultimatum

Déi britesch Säit, a Form vum Parlament an Theresa May, verkënnegt den 12. Mäerz, dass Russland wahrscheinlech fir de Gëftanschlag verantwortlech ass. Doropshin setzt déi britesch Premierministerin Russland een Ultimatum an erwaart sech eng Äntwert. Nodeems Russland keng plausibel Erklärung ofginn huet, huet Groussbritannien 23 russesch Diplomaten ausgewisen. Dëst ass vun der russescher Säit och mat 23 Ausweisungen beäntwert ginn. Déck am Fokus steet am Moment de Boris Johnson, de briteschen Ausseminister, deen déi russesch Säit hefteg beschëllegt a kritiséiert. Russland gesäit sech selwer als onschëlleg a weist d’Virwërf zeréck, wat och den 13. Mäerz vum russeschen Ausseminister Sergei Lawrow verkënnegt ginn ass, een Dag no den Uschëllegunge vum Theresa May a Richtung Russland. De 15. Mäerz hunn déi franséisch, däitsch, englesch an amerikanesch Regierungen offiziell erkläert, dass et sech heibäi ëm eng Violatioun vun der britescher Souveränitéit handelt an dass et sou eng Form vun offensivem Gebrauch un toxesche Kampfstoffe säit dem Zweete Weltkrich net méi ginn ass. Zwee Deeg duerno huet Russland dunn dat britescht an amerikanescht Konsulat zu St. Péitersbuerg zougemaach, Aarbechten am britesche Konsulat zu Moskau agestallt a 60 amerikanesch Diplomaten ausgewisen. 23 Länner hunn doropshin 145 russesch Offizieller aus Solidaritéit mat Groussbritannien ausgewisen, souguer d’NATO huet 10 Russen aus hirer Missioun an der Belsch zeréckgezunn. Den 31. Mäerz huet dunn och Amerika 60 russesch Diplomaten ausgewisen.

Beim Nervegëft „Nowitschok“ handelt et sech ëm e seelent Gëft, wat normalerweis just a militärescher Form benotzt gëtt an och deementspriechend gelagert sollt ginn.

No méi wéi engem Mount am Spidol hu sech déi gesondheetlech Ëmstänn vum Sergei a senger Duechter verbessert a si schwiewe net méi a Liewensgefor.

Zur Rubrik A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

Virun zwee Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag.   All Artikelen  ënner a500wierder.lu