LËTZEBUERG
LJ

Een Héichpunkt am Education-Programm vun der Philharmonie ass de weltberühmten Orchester vum Mariinsky Theatre ënnert der Leedung vum Maestro Valery Gergiev. Fir d’Schoule vum Cycle I zu Lëtzebuerg spillt de russeschen Orchester dem Prokofiev säin De Pierchen an de Wollef, ee Klassiker am Concertsrepertoire fir jonke Public. Den Erzieler ass och beschtens bekannt: Et ass de Serge Tonnar.

Wéi de Pierchen enges moies waakreg gëtt an am Gaart vu sengem Grousspapp spillt, weess hien nach net, wéi eng Aventure op hie waart. Eng Int schwëmmt friddlech am Weier, de Villchen zwitschert an d’Kaz schläicht duerch de Gaart. Mee op eemol daucht de Wollef op, an d’Geschicht hëlt hire Laf... D‘Viirstellung ass en Donneschdeg de Moien ëm 11.00 am Groussen Auditorium vun der Philharmonie.  

www.philharmonie.lu